Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thailännesch Muertenzopp

Letzcook.lu

Thailännesch Muertenzopp

Mir befannen eis am Moment an enger aussergewéinlecher Situatioun, am Ausnamezoustand. Mir sinn all doheem, esou wéi eis Regierung dat ugeuerdent huet, a vill vun Iech stinn ënner duebele Stress, well si jongléieren tëschent Télétravail, Kanner bei Laun halen an all Dag gesond Moolzechten op den Dësch bréngen.

auto_stories

2 min

D'Ekipp vu KACHEN huet dofir eng Initiativ ergraff, fir Iech zumindest déi Saach mam Kache méi einfach ze maachen. Zesumme mat radio 100,7 brénge mir Iech all Dag en einfacht Rezept, dat Dir ganz einfach nokache kënnt a fir dat Dir déi meescht Ingredienten entweder am Haus hutt oder ganz einfach besuerge kënnt.

Déi, déi vläicht net vill Erfarung hu fir ze kachen, fanne mat eiser Uleedung hoffentlech Freed drun, well et geet och drëm, datt mir eis grad elo gesond an equilibréiert ernären a reegelméisseg Uebst a Geméis iessen.


Fir haut proposéieren ech Iech eng ganz einfach awer lecker thailännesch Muertenzopp:

Dir braucht dofir:

  • 450 Gramm Muerten (dat sinn ongeféier 5-6 grouss Muerten)
  • 1 Iessläffel Kokosfett oder Olivenueleg
  • 1 grouss Zwiwwel
  • 5 Zéiwe Knuewelek, kleng geschnidden
  • 1 cm frëschen Ingwer, och kleng geschnidden
  • 1 Téiläffel Salz
  • 1 Iessläffel Kokoszocker oder brongen Zocker
  • 1 Iessläffel rout Curryspaste
  • 200 ml Kokosmëllech
  • a 500 ml Geméisbritt

An esou gëtt et gemaach:

D'Zwiwwel zesumme mam Knuewelek an dem Ingwer am Kokosfett oder Olivenueleg undëmpen.

D'Muerten dobäi ginn, dann d'Curryspaste, d'Salz an den Zocker ënnerréieren a mat der Britt an der Kokosmëllech ofläschen.

Kache loossen, bis d'Muerte mëll sinn, an dat Ganzt mam Mixer püréieren.

Mat e puer Tranche Brout oder Croûtonen an e bësse frëschem Koriander zerwéieren.

D'Rezept fannt Dir op letzcook.lu, an op kachen.lu. Do fannt Dir och nach ganz vill zousätzlech Rezepter an Informatiounen, déi elo wichteg sinn, vun Adresse fir Iessen an Iesswuere geliwwert ze kréien, iwwer Lifestyle Tipps bis zu Gesondheets-News zur aktueller Situatioun.

Denkt drun: sidd léif a respektvoll mateneen, këmmert Iech ëm anerer, a virun allem, haalt Iech un d'Reegelen! Zesumme packe mir dat.