Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sheer Mag - Moonstruck

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digitaliséierung: Méi wéi just Aarbecht a Wirtschaft

Fräie Mikro

Digitaliséierung: Méi wéi just Aarbecht a Wirtschaft

A sengem Fräie Mikro wiert sech den Zäithistoriker Denis Scuto géint d'Verengung vum Begrëff Digitaliséierung op Beräicher Aarbecht a Wirtschaft.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

An Däitschland war et 2016 "Wort des Jahres", fir anerer war et éischter "Unwort des Jahres": Digitaliséierung. Zu Lëtzebuerg ass et zënter dem Rifkin-Slogan vun der drëtter industrieller Revolutioun an dem neie Ministère vun der Digitaliséierung och an all Mond an an alle Medien.

Op der Uni Lëtzebuerg, am Lëtzebuerger Zenter fir Zäitgeschicht an digital Geschicht (C2DH), huet den Andrew Prescott, Professor of Digital Humanities op der Uni vu Glasgow, als Optakt vun enger Konferenzserie zum Digital Turn, op der enger Säit de Mythos vun der industrieller Revolutioun problematiséiert an op der anerer Säit versicht, d'Bewosstsinn ze schäerfe fir d'Komplexitéit an d'Villsäitegkeet, den enormen Ausmooss vun der digitaler Transformatioun um Beispill vun den Humanwëssenschaften an der Konscht.

Op der enger Säit: Nee, sou wéi Technologien net vun haut op muer am 19. Joerhonnert d'Industrie verännert hunn, sou wéi mir éischter eng kontinuéierlech urban Evolutioun, wéi eng punktuell industriell Revolutioun erlieft hunn, gëtt et keng digital Revolutioun vun haut op muer, mee e laange Prozess, deen net eréischt op d'1990er Joren an de WorldWideWeb zeréckgeet. An och net eleng op de Roberto Busa a säin, mat IBM-Computertechnik realiséierten Index vun de Wierker vum Thomas vun Aquin an de 50er Joren. An déi selwecht Zäit fält d'Computeriséierung vu Bibliothéikskatalogen an d'Mikrofilméierung vun Zeitungen, Archiven a bibliographeschen Datebanken, Mikrofilmer, déi mir haut scannen. Ufank de 60er Joren experimentéiere Musekerinne wéi d'Daphne Oram scho mat elektroneschen Instrumenter a Kënschtler integréieren Algorithmen, Roboter an Oscilloscopen an hir Ausstellungen. Demographen an Historiker wäerten deemools scho mam Computer Massequelle wéi Recensements aus.

Digitaliséierung geet als Wuert net duer

Nee, souwéi Industrialiséierung, Eisebunn a gedréckte Massemedien am 19. Joerhonnert zu neie Marchéen an neie berufflechen Opportunitéite geféiert hunn, sollte mir haut net nëmmen un den Aspekt Aarbechtsplazverloscht denken.

Op der anerer Säit ignoréiert déi aktuell Verengung vun der Digitaliséierung op d'Transformatioun vun Aarbecht a Wirtschaft den enormen Ausmooss vum digitale Wandel. Wéi den Jon Rogers, Mozilla Fellow op der Uni Dundee, et formuléiert: Digitaliséierung geet eigentlech als Wuert net duer fir eppes auszedrécken, wat esou lieweg ass, esou mat eisem Liewe verstréckt, wat esou vun Energie spruddelt an iwwerleeft. Eppes mat esou komplexen a schwierege Verspriechen. Eppes esou Omnipräsentes, Gewalteges a Bedrohleches. Facetime oder Skype veränneren eise Sënn vun Zäit a Raum. Whatsapp eist Verständnis vu Konversatioun. Voice assistants brénge kënschtlech Intelligenz bei eis an d'Haus.

Grenze verwësche sech

Digitaliséierung erlaabt mir doheem op mengem Handy mäi Vakanzefilm ze schneiden an a mengem Frëndeskrees ze verbreeden, mee och Chercheuren eng Mass vun historeschen Donnéeën ze verlinken an ze visualiséieren. D'Digitaliséierung vun den 200.000 Prozesser vum Old Bailey, Haapttribunal vun England a Wales tëschent 1674 an 1913, an d'Verbanne mat anere Archivquellen an digitaliséierten Zeitungen, mécht haut en Abléck an déi verstoppten a vergiesse Liewen vun den einfache Leit, hirem Alldag, hirer Sprooch, hire Migratioune méiglech.

Riseg prehistoresch Sitten an Ostafrika mat hirem fragmentéierte Material kënnen iwwer automatiséiert Erfaassung a Loftopnamen op Distanz vun Archeologen, mee och 3D-Spezialisten, Denkmalschützer a Geriichtsmedeziner zesummen ënnersicht ginn. Geneesou wéi d'Geschicht vum historesche Wandel am industrielle Süden am Kader vun Esch 2022 duerch interdisziplinär Projeten tëschent Historiker, Informatiker, Fotografen, Videoartisten asw 'remixt' ka ginn. Musek, grafesch Konscht, Literatur si scho laang am enken Dialog mat digitalen Technologien. Grenze verwësche sech, wann ee kann all Zort mënschlech Performance, vum Hierstellen vun den éischte prehistoreschen Outilen zu reliéise Ritualer an zum Danzen, kreéieren oder rekreéieren, ophuelen, analyséieren an dann disseminéieren an dat Ganzt mat Konschtwierker verbannen, déi eis zum Denken ureegen.

Kritesch hannerfroen an e "gesonden" Internet behalen

Nodenken iwwer d'Fro, wat mir aus der digitaler Welt maachen, aus dësem kreativen an intellektuellen Ökosystem an deem mir liewen, dee wäit iwwer de Beräich Aarbecht erausgeet, dee sech a senger Villsäitegkeet net ganz erfaasse léisst, an deen, wéi déi d'industriell Welt virun 100 Joer, keen neutraalt Wiesen ass. Muechtverhältnisser, d'Roll vun de grousse kommerziellen digitalen Acteuren, Bibliothéiken, sougenannt Content providers, mussen och hei kritesch hannerfrot ginn. Fir datt net nëmmen d'Liewe vum anonymme Vollek vum fréiere Great London um Internet rekonstruéiert ka ginn, mee virun allem dat, wat d'digital Experten en "healthy", e gesonden Internet nennen, och an den Déngscht vun der haiteger Allgemengheet gestallt ka ginn. Grad an engem Land wou Amazon, a vläicht deemnächst Google, jo anscheinend doheem sinn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.