Radioen

On air

De Moien  |  Geklaute Konscht: d’Sich no Besëtzer a Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkeschen Ugrëff op nordsyresch kurdesch Gebidder

Syrien

Tierkeschen Ugrëff op nordsyresch kurdesch Gebidder

Zënter dem 20. Januar steet den nordsyresche Kanton Afrin ënner Beschoss vun der tierkescher Arméi. Vill Observateure sinn net iwwerrascht. Awer vill Leit sinn indignéiert. Wat huet et mat dësem Ugrëff op sech a firwat gräift Tierkei Afrin grad elo un?

auto_stories

2 min

An Nordsyrien gëtt et déi sougenannten Demokratesch Federatioun Nordsyrien, och Rojava genannt. Dës gouf viru gutt zwee Joer ausgeruff an ass de facto en autonoomt Gebitt a Syrien. Rojava steet elo ënnert Beschoss vun der tierkesch Arméi. Datt Rojava der Tierkei en Dar am A ass, ass scho laang gewosst.

Et wiere grosso modo dräi Grënn, déi d'tierkesch Regierung beweegt hätten, Rojava elo unzegräifen, sou den däitsche Blogger, Chercheur an Aktivist Kerem Schamberger, dee selwer schonn dacks d'kurdesch Gebidder bereest huet.

Éischtens géif et drëms goen, d'tierkesch Bevëlkerung géint e Feind vu baussen ze vereenegen. D'tierkesch Bevëlkerung hätt sech am Fall vun engem Krich nach ëmmer hannert d'Regierung gestallt. Well d'Regierung dat wéisst an d'Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung sicht, hätte si dëse Krich lancéiert. D'Kurde wiere scho laang Feinden, dofir wier et en einfache Feind, seet de Kerem Schamberger.

Keng kurdesch Selbstbestëmmung

Zweetens géif et drëms goen, eng kurdesch Selbstbestëmmung ze verhënneren. D'Tierkei wier nach ëmmer géint eng kurdesch Selbstbestëmmung, seet de Kerem Schamberger. Vum Ufank vun der tierkescher Republik un, wier et en Zil gewiescht, dat ze verhënneren.

Där Meenung ass och de Journalist Chris den Hond, dee schonn e puer mol a Rojava war. D'Tierkei wéilt net just eng kurdesch Selbstbestëmmung verhënneren. Och de sozial a politesch alternative Modell, deen d'Kurden a Rojava iwwer déi leschte Joren opgebaut hunn, wier hinnen en Dar am Ae.

Drëttens géif et ëm d'Aflossgebidder a Syrien goen, seet de Professer Thomas Jäger. Hie leet deen Departement vun der Internationaler Politik an der Aussepolitik vun der Universitéit Köln. Vill verschidden Acteuren, wéi d'syresch Regierung, den Iran, Russland an d'USA hätten e Fouss oder eng Zéif a Syrien a géifen och Afloss ausüben. D'Tierkei wéilt och en Aflossgebitt hunn. Dat wier e weidere Grond fir den Ugrëff op déi nordsyresch Gebidder un der tierkescher Grenz.