Radioen

On air

Notturno  |  Louis Cole - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Total Aarbecht

Gesellschaft

Total Aarbecht

Ee Lëtzebuerger verbréngt am Duerchschnëtt 80.000 Stonnen op der Aarbecht. Mee wa mir just nach schaffen, verpasse mir alles wat eisem Liewen ee Sënn gëtt, mengt de Joshi Gottlieb.

auto_stories

4 min

Stellt Iech eng Welt vir, an där är Aarbecht d'Haaptroll spillt. Wou se den Zentrum ass, ronderëm dee sech alles dréit. Wou alles direkt oder indirekt der Aarbecht déngt. An esou enger Welt géif sech de Charakter vun ären Aktivitéite verfierwen. Alles - är Hobbyen, är Bezéiungen, är Ritualer, an är Spiller - géife sech lues a lues ëmmer méi wéi Aarbecht ufillen. Enges Daags géift Dir moies waakreg ginn, an Dir géift mierken, datt äert ganzt Liewen zu engem laangen Aarbechtsdag ginn ass, ouni Feierowend, an ouni Vakanz. Dir wéisst mol net méi, wei et ass, net ze schaffen. Mir géifen et, an esou enger Welt, all vergiessen.

Eis Matmënsche géife mir kaum wouerhuelen: well mir géifen ëmmer als éischt hir professionell Statioun gesinn - si wiere beschäftegt, ënnerbeschäftegt, iwwerbeschäftegt, méi erfollegräich wei mir, manner erfollegräich, no enger Carrière, virun enger Carrière, ugestallt oder selbststänneg oder aarbechtslos. Mir géifen eis géigesäiteg ee produktiven Dag wënschen. Mir géife Fläiss luewen, a Faulheet wier eng Doudsënn. Eis Deeg hätten de Rhythmus vun enger to-do Lëscht, vun engem Workflow, vu Pläng a Monetisatioun, a Wuesstem.

De Phenomen heescht Total Aarbecht

Stellt Iech se vir, dës Welt wou souguer Iessen, Sport, Sex, Meditatioun, Reesen, eist Gléck an eis Gesondheet, analyséiert an optimiséiert ginn a schlussendlech op hiren Afloss op eis Produktivitéit bewäert ginn.

Zu wéi engem Mooss kléngt dës Welt wei Science Fiction? Zu wéi engem Mooss ass dës Welt eis Welt?

D'Philosophe Josef Pieper an Andrew Taggard nennen de Phenomener, wou Mënsche ganz an Aarbechter verwandelt ginn, Total Aarbecht. An et kann ee sech wierklech mat hinne froen, wéi wäit mir schonn der totaler Aarbecht zum Affer gefall sinn.

De Phenomen ka jiddereen erfaassen

Kennt Dir Leit, deenen hiert Liewe vum Schaffen dominéiert ass? Deenen hir Welt eng Aufgab ass? Fir déi schaffen d'Haaptdimensioun vum Liewen ass? Fir déi souguer d'Fräizäit d'Charakterzich vun Aarbecht ugeholl huet? Déi vu lauter Aktioun, lauter Produktivitéit keng Zäit méi hunn, d'Welt einfach just op sech awierken ze loossen, wei ee Bild am Musée?

Ech kenne vill esou Leit, a wann ech ganz éierlech sinn, erkennen ech mech selwer deelweis an dëser Karikatur zeréck. Et fält mir zum Beispill schwéier, einfach mol guer näischt ze maachen, näischt ze schafen. Et dauert ni laang bis mir afält, wat ech nach maache muss, a wéi ech mäin Dag am beschten organiséiere kann, fir dann och alles gemaach ze kréien. Ech plangen a prioriséieren - och Weekends.

Verschidde Saache kommen ze kuerz

Vun engem philosophesche Standpunkt mécht Total Aarbecht mir Suergen. Wa mir wierklech ëmmer weider op eng Welt vun totaler Aarbecht zousteieren, heescht dat och, datt aner Dimensioune vun der mënschlecher Erfarung de Kuerzen zéien. Total Aarbecht huet keng Plaz fir spilleresch Kontemplatioun.

Total Aarbecht mécht Drock

Total Aarbecht huet keng Plaz fir déifgrënneg existenziell Froen. Mee et ass net just dat. Mir maachen eis mat eiser Schaffobsessioun och onglécklech. Am Existenzmodus vun der totaler Aarbecht si mir permanent ugespaant, onroueg, besuergt; an eisem Hannerkapp fille mir den Drock vun all deem, wat mir nach maache mussen, den Drock vun der Gewëssheet, datt et ëmmer nach iergendeppes ze di gëtt, den Drock vun der Zäit, déi mir optimal benotze mussen, den Drock vu verpasste Méiglechkeeten, den Drock vun deem, wat mir nach net gemaach hunn, awer maache mussen. An net just Drock. Total Aarbecht gëtt eis och Scholdgefiller - well mir net esou produktiv si wéi mir kéinten, well mir net mathale kënnen, well eis Aufgabe sech multiplizéieren, well mir ze faul, ze lues, ze onkonzentréiert sinn. Wa mir eist Liewen no enger onendlecher To-do Lëscht riichten, kënne mir ni fäerdeg an ni zefridde sinn.

Maacht eng Paus vum Alldagskaméidi

Den Andrew Taggard argumentéiert, datt den totalen Aarbechter géigeniwwer ville Weltdimensioune blann ass. Villes hëlt hien net wouer. Villes verpasst hien. D'Revelatioune vun der Konscht, onintresséiert Schéinheet, Spiritualitéit, d'Kontemplatioun vum Onendlechen an Éiwegen, bedéngungslos Léift, philosophescht Staunen, an déi déifste Froe vun der mënschlecher Existenz sinn him friem. Well si passen net an ee Liewen, dat den Niwwel vun eisen alldeeglechen Aufgaben net duerchbléckt. Fir Schéinheet wierklech ze gesinn, fir Léift wierklech ze fillen, fir anere wierklech ze begéinen, géif et eis gutt doe vun Zäit zu Zäit ofzebremsen an enger Paus vum Alldagskaméidi ze begéinen. An deem Sënn wënschen ech Iech all eng schéi Summervakanz.