Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traditiounen am Wandel

Schueberfouer a Sprangprëssessioun

Traditiounen am Wandel

Den immateriellen Patrimoine ass eng lieweg Traditioun. E kulturellt Ierwen also, dat vu Generatioun zu Generatioun weider vermëttelt gëtt. Am Laf vun der Zäit verännere sech Traditiounen. Si ginn zwar nach geheegt an gefleegt, mee hir ursprénglech Bedeitung ass dobäi net méi onbedéngt bekannt. Zwou lëtzebuergesch Traditiounen, d'Schueberfouer an d'Sprangprëssessioun, an hire Wandel.

auto_stories

6 min

Den 20. Oktober 1340 grënnt de Jang de Blannen d'Schueberfouer a leet hiren Ufank op de Virowend vum Dag vum hellege Bartholomäus, also op den 23. August fest. Zanter dësem Grënnungsakt huet d'Schueberfouer eng fest Platz am lëtzebuergesche Kalenner. Am 2007 vun den Historiker Sonja Kmec, Benoît Majerus, Michel Margue an Pit Péporté editéierte Sammelband Lieux de mémoire au Luxembourg gëtt d'Schueberfouer als lëtzebuergesch Traditioun presentéiert. Dobäi mécht d'Historikerin (a Journalistin beim radio 100,7 Um.v.d.Red.) Pia Oppel an hirem Artikel däitlech, wéi sech d'Fouer am Laf vun der Zäit souwuel an hirer Duerstellung wéi och an hirer Bedeitung verännert huet.[1]

Ursprénglech war d'Fouer ausschliisslech eng kommerziell Foire. Doduerch, datt d'Fouer an direkter Noperschaft zu enger wichteger Handelsstrooss louch, déi den nërdlechen Deel vun Italien - iwwert Stroossbuerg a Lëtzebuerg - mat Brabant a Flandern verbonnen huet, war d'Präsenz vun internationalen Händler garantéiert. Esou konnt d'Fouer lues awer sécher u regionaler Bedeitung gewannen.

Wandel vun der "Fouer"

Well d'Fouer ëmmer méi grouss ginn ass, an de Site um Helleg-Geescht-Plateau net méi duergaangen ass, gouf si 1610 op d'Felder nërdlech vun der haiteger Allee Scheffer um Lampertsbierg verlagert. No weideren Ausbauetappen ass si schliisslech 1890 op de Glacis komm. Laang Zäit hu just Händler hiert Handwierk an hir Wueren op der Fouer presentéiert. Zënter dem spéide 16. Joerhonnert ass d'Offer awer och duerch Ränner, Schwäin a Päerd erweidert ginn.

Parallel zu der permanenter Vergréisserung vun der Fouer huet sech och e schläichende Wandel bei de Kiermesleit vollzunn. Säit 1844 sinn och Stänn fir den Amusement e feste Bestanddeel vun der Fouer ginn. D'Fouer ass zënterhier keng kommerziell Foire méi, mee eng Plaz wou een higaangen ass, an nach ëmmer higeet, fir sech ze amuséieren.

Wann een hautzedaags iwwer d'Fouer trëppelt, falen engem net just d'Spiller op, mee och déi grouss Unzuel u Buvetten a Restauranten. Och dës hu mëttlerweil eng laang Traditioun. No 1900 dauchen déi éischt Buvetten a Restauranten op der Fouer ob. Zënterhier hu se de gebakene Fësch, d'Gromperekichelcher an d'Gaufren zu enger beléifter kulinarescher Traditioun ronderëm d'Fouerzäit entwéckelt.

Erënnerungspolitesche Wandel

Zur offizieller Ouverture vun der Fouer gehéiert traditionell och den Hämmelsmarsch. Um fréie Kiermessonndeg zéien d'Museker duerch Stroossen a spillen op hiren Instrumenter duerchgoend ee Lidd, nämlech den Hämmelsmarsch. De Numm ass dorop zréckzeféieren, datt traditionell ëmmer een Hammel mat gefouert gouf. Dëst ass hautzedaags awer just nach an der Stad de Fall.[2]

Wéi d'Pia Oppel schreift, huet d'Fouer an der Zäit nom Zweete Weltkrich en erënnerungspoliteschen Wandel duerchgemaach. D'Grënnung vun der Fouer wier verstäerkt als e Geschenk vum Jang de Blannen un d'Stad Lëtzebuerg wouergeholl ginn. Doriwwer eraus wier si och als Identitéitsstëfte fir d'Lëtzebuerger Natioun verstane ginn. Dofir wier dann och 1963 d'1000-järegt Bestoe vu Lëtzebuerg symbolesch op der Fouer geféiert ginn.[3]

D'Schueberfouer huet also am Laf vun de Joerhonnerten e grousse Wandel duerchlaf. Vun enger kommerzieller Foire am Mëttelalter huet si sech - mat den Ernéierunge vun der Industrialiséierung - zu enger Plaz mat villen Attraktiounen entwéckelt. Wéinst hir laanger Geschicht huet d'Fouer sech zu enger fester Traditioun am lëtzebuergesche Kalenner entwéckelt.

D'Sprangprëssessioun ...

Zum feste Repertoire vun de lëtzebuergeschen Traditioune gehéiert och d'Sprangprëssessioun. Zanter November 2010 steet si souguer op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Patrimoine. D'Sprangprëssessioun ass een dynameschen, reliéise Cortège zu Éiere vum hellege Willibrord. All Joer lackelt si Dausende vu Pilger a Visiteuren aus Lëtzebuerg an aus der Grenzregioun un. Niewent hirem reliéise Charakter, huet d'Sprangprëssessioun awer och eng staark folkloristesch Komponent.

Iwwert den Ursprong vun der Sprangprëssessioun ass ee sech net ganz eens. Wéi den Historiker Tom Becker am Sammelband Lieu de mémoire schreift, beruffe sech d'Pilger aus Waxweiler, enger Uertschaft an der Eifel, op d'Legend vun de Waxweiler Dänzer. Si wëllen dobäi d'Sprangprëssessioun als eng "westeifler" Traditioun verankeren. Mee och zu Iechternach gëtt versicht, déi lokal Wuerzele vun der Prëssessioun ze retracéieren. Am Mëttelpunkt steet dobäi d'Geschicht vum Violonist vun Iechternach. Dëse gouf - der Legend no - no enger Pilgerfaart an d'hellegt Land ugeklot, seng Fra ëmbruecht ze hunn. Um Wee fir op de Gaalgen, krut de Violonist säi leschte Wonsch erfëllt: Nach eng Kéier Gei spillen. Während hie gespillt huet, hunn d'Leit ronderëm ugefaange stonnelaang ze danzen a konnten eréischt ophalen, wéi den hellege Willibrord si vum Zauber befreit huet.[4]

... gouf zwee Mol verbueden

Dem Tom Becker no ass fir d'Etabléiere vun der Sprangprëssessioun als Traditioun de Fait wichteg, datt sech d'Iechternacher ëmmer aktiv fir d'Bestoe vun der Prëssessioun agesat hunn. Dëst besonnesch an deenen Zäiten, wou den Oflaf vun der Prëssessioun a Gefor war. Esou haten zum Beispill d'franséisch Autoritéiten am Joer 1798 d'Sprangprëssessioun wéinst presuméiertem Okkultismus verbueden. D'Iechternacher hunn awer bei dëser Geleeënheet gewisen, datt si ouni ze zécke bereet waren, sech fir d'Sprangprëssessioun anzesetzen.

Och während dem Zweete Weltkrich gouf d'Sprangprëssessioun verbueden. An den éischte Krichsjoren hunn d'Iechternacher trotzdem versicht, eng ageschränkte Prëssessioun ofzehalen. Dëst hat allerdéngs Verhaftungen zur Konsequenz. 1945 gouf d'Sprangprëssessioun dunn erëm fir d'éischte Kéier matten am deels zerstéierten Iechternach ofgehalen. Fir déi national Dimensioun ervirzehiewen, a sech vun Däitschland ofzegrenzen, gouf den däitschen Nopere bis 1949 d'Participatioun un der Prëssessioun verbueden. [5]

D'Sprangprëssessioun huet am Laf vun de Joerhonnerte changéiert. Dat läit natierlech mat dorunner, datt sech och d'Gesellschaft ëmmer erëm transforméiert. De Willibrord war u sech een Hellegen, un deen d'Léit sech geriicht hunn, fir vu schwéieren Nervekrankheeten geheelt ze ginn. D'Participatioun un der Sprangprëssessioun war ursprénglech verbonne mat der Hoffnung, vu sou enger Krankheet geheelt ze ginn oder ebe verschount ze bleiwen. Ville Participanten ass dësen Hannergrond net méi bekannt. An eisen Zäiten, wou d'Relioun an der Gesellschaft manner present ass, verléiert och de reliéisen Aspekt vun der d'Sprangprëssessioun allgemeng u Bedeitung. D'Prëssessioun ass hautzedaags ee méi folkloristescht a mediatiséiert Evenement. Un Unzéiungskraaft a Succès feelt et der Sprangprëssessioun awer net. Vill Leit huelen deel, well et eben eng al lëtzebuergesch Traditioun ass.


[1] Oppel, Schueberfouer, S. 317.

[2] Hausemer, Feste, S. 11.

[3] Oppel, Schueberfouer, S. 319.

[4] Becker, Springprozession, S. 235f.

[5] Ebd., S. 236f.

Sourcen:

  • Becker, Tom: Springprozession, in: Sonja Kmec/Benoît Majerus/Michel Margue/Pit Péporté (Hrsg.): Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg, Bd.2, Luxembourg 2012, S. 235-240.
  • Hausemer, Georges: Apropos Groβherzogtum Luxemburg. Feste und Traditionen, Luxemburg 2013.
  • Oppelt, Pia: D' Schueberfouer, in: Sonja Kmec/Benoît Majerus/Michel Margue/Pit Péporté (Hrsg.): Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg, Bd.1, Luxembourg2 2008, S. 317-322.
  • Wilhelm, Frank: Mystérieuse, unique et composite. Procession dansante d' Echternach, in : Voilà Luxembourg 4 (1992), S. 90-101.