Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uber-Uerteel e Schrëtt an déi richteg Richtung

Sharing Economy

Uber-Uerteel e Schrëtt an déi richteg Richtung

Uber ass vu engem amerikanesche Geriicht zu enger zweestelleger Milliounestrof veruerteelt ginn, well si hir Chauffere falsch bezuelt hunn. Fir d’Sharing Economy ass dat eng gutt Nouvelle.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

900 Dollar op de Kapp muss Uber all senge Chauffeuren zu New York nobezuelen. Jorelaang hat d'Entreprise eng ze héich Provisioun berechent. Uber stécht sech nämlech 25 Prozent vun all Trajet an déi eegen Täsch. An hei gouf gefuddelt. Amplaz wéi virgesinn d'Provisioun op de Betrag no de Steieren ze rechnen, huet Uber e Véierel vum Bruttopräis agestach. Knapps 50.000 Chaufferen däerfen also mat enger eemoleger Nobezuelung vu 900 Dollar rechnen. Fir d'Entreprise eng Zomm vu Ronn 45 Milliounen.

Et ass net déi éischte Kéier, datt Uber dobäi erwëscht ginn ass, senge Chaufferen ze vill ze berechnen. Och zu Philadelphia koum eng Milliounestrof zesummen. A spéitstens elo wäerten och Léit, déi an anere Stied als Taxifuerer fir Uber schaffen, hir Ofrechnungen nach eng Kéier kontrolléieren.

Nodeeler vun der Sharing Economy

D'Sharing Economy lieft - wéi de Numm et jo seet - doduerch, datt Saache gedeelt ginn. Am Fall vun Uber stellt eng Persoun säin Auto zu Verfügung, a bitt nach en Taxisdéngscht un. Iwwer AirBnb schlofe Milliounen Touristen an de Schlofkummere vu frieme Leit. Aner Servicer, wéi déi a groussen europäesche Stied beléifte Liwwerservicer Foodora oder Deliveroo, loossen hir Chaufferen Iesse bei d'Leit heem transportéieren.

Et gëtt vill weider Beispiller - a si hunn alleguer zwou Saache gemeinsam. Déi Éischt: D'Chaufferen (oder wéi een Déngscht déi Entreprise och ëmmer ubitt) sinn net fest agestallt. Si sinn net krankeverséchert, si hu keng Jobsécherheet, keng Weekender oder Ähnleches.

Déi zweet Saach: Déi Leit kréien entweder, wéi am Fall vu Foodora an Deliveroo, eng Provisioun pro Trajet; oder si mussen, wéi bei Uber oder Airbnb, fir all Déngscht en net onwiesentlechen Deel vun hirem Akommes oftrieden.

Léisung fir eng Gesellschaftskrankheet?

An der Theorie ass d'Sharing Economy eng gutt Iddi. Ëmmer méi Léit ginn der Fräizäit nees méi Wäert. Fir méi Flexibilitéit a manner fest Aarbechtsstonne verzichten virun allem jonk Leit méi a méi op en Deel vun hirem Akommes. Et ass en Trade-Off, a wann een sech d'Zuele vu Burn-Out-Fäll ukuckt, schéngt d'Sharing Economy tatsächlech eng Léisung fir eng Gesellschaftskrankheet ze sinn.

Mee - an dat beweist de Fall Uber zu New York alt nees: Den net-fest-agestallten Employé muss trotzdem vu senger Aarbecht kënne liewen. Datt eng Entreprise de Maximum wëll aus hirem Service eraushuelen, ass verständlech. Et ass sou, wéi de Marché funktionéiert. Mee de sozialen Aspekt muss eng méi grouss Roll spillen. Vill grouss Entreprisë kommen hautdesdaags ëmmer méi op hir fest ugestallten Employéen duer. D'Aarbechtszäite gi méi flexibel, d'Wichtegkeet vu Rouzonen oder Schlofsäll gëtt unerkannt an dës fannen ëmmer méi hire Wee an d'Aarbechtswelt.

Aarm gebrach, an dann?

Firwat ass et bei de fräie Mataarbechter ëmgedréint? Bei Deliveroo kritt e Chauffer - dacks jonk Leit op Vëloen - ëm siwen Euro d'Stonn, plus eng Provisioun pro Liwwerung. Dat heescht: Bei de Restaurant fueren, Iessen apaken, bei de Client fueren. An enger Stad wéi Berlin leeft dat dacks op e Stonneloun vu maximal néng Euro eraus, ouni Sozialversécherung. Fir géint déi Praxis virzegoen, ass och d'Politik gefrot. Och de soziale Schutz misst dach zum Schutz vum Bierger gehéieren. Datt Uber elo fir seng knaschteg Tricken zur Rechenschaft gezu ginn ass, ass e gutt Zeeche fir jiddereen, deen an dësem Beräich schafft. Mee et muss just den Ufank sinn.

D'Sharing Economy ass net just an der Theorie eng gutt Iddi, a wahrscheinlech souguer d'Zukunft vun eisem Aarbechtsalldag. Mee wie sech a senger neigewonner Fräizäit den Aarm brécht an net krankeverséchert ass, deem ass och net gehollef.