Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Un monde meilleur - Luxembourg

Corona-Kris

Un monde meilleur - Luxembourg

"Un monde meilleur - Luxembourg", esou heescht e Grupp op Facebook, dee probéiert manner favoriséierte Mënschen an Zäite vu Covid-19 ze hëllefen. D'Membere spenden Iesssaachen, déi dann u Persounen an Nout verdeelt ginn.

auto_stories

2 min

Ugefaangen huet alles mat engem Post vum Fabio Neves op Facebook. Hien huet ugebuede Mënschen, déi näischt ze iessen hunn, ze hëllefen. Doropshi koumen esou vill Demanden, awer och Offere fir Spenden eran, datt hie sech iwwerluecht huet dorausser e Grupp ze maachen.

Zanter dem 8. Abrëll funktionéiert dës Communautéit, an där mëttlerweil iwwer 1.700 Persoune vertruede sinn. Leit, déi keng Moyenen hunn sech eppes ze iessen ze kafe kënne sech do mellen an d'Memberen aus dem Grupp spenden dann eppes.

Dräi Tonnen Iesse gesammelt

D'Organisateure fueren dës Donatioune sichen a verdeelen déi dann ënner de Persounen, déi Besoin hunn. Spenden a Form vu Sue géif een awer net unhuelen, seet de Fabio Neves an nieft de Privatpersoune géifen sech och Firmen, Restauranten a Geschäfter un dësen Donatioune bedeelegen.

Et wiere virun allem Leit, déi keng Aarbecht hätten oder gesondheetlech Problemer, déi vun der Ënnerstëtzung profitéiert hätten, seet de Fabio Neves, Initiateur vum Grupp "Un monde meilleur-Luxembourg". Bis elo hätt een iwwer 300 Persounen hëllefe kënnen, an dobäi hätt een dräi Tonnen Iesssaache gesammelt.

Ënnerstëtzung aus dem ganze Land

Wéi de Fabio Neves am Mäerz säin Opruff an de soziale Medie gemaach huet, hätt hien net geduecht, datt de Feedback esou grouss wier, an datt dorausser esouguer e Grupp entsoe géif. Fir hie wier et impressionant, datt et wierklech Leit aus dem ganze Land wieren, déi sech bei him melle géife fir eppes ze spenden.

An nei Memberen am Grupp "Un monde meilleur - Luxembourg", déi bereet sinn ze hëllefen, wieren ëmmer wëllkomm.