Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UV-Stralen

Iwwer Reen a Bou

UV-Stralen

Vill Sonn an héichsummerlech Temperaturen - déi meescht Leit zitt et dann eraus un de Stau oder op eng Terrass fir d'Wieder ze genéissen. Woubäi d'Temperatur muss net onbedéngt héich sinn, fir datt ee sech verbrennt. Vill méi sinn d'Stralen, déi vun der Sonn ausginn dofir verantwortlech, datt sech déi meescht vun eis d'Haut verbrennen, wa si sech iwwer eng méi laang Zäitchen ongeschützt dobaussen ophalen.

auto_stories

5 min

D'Sonneliicht besteet aus siichtbarem, infraroudem an ultraviolettem Liicht. D'Ultraviolett Liicht kann een an UVA- an UVB-Stralung ënnerdeelen. Duerch dës gëtt eis Haut brong, deemno wéi awer och rout. Ënner Ëmstänn kënne se eiser Gesondheet geféierlech ginn.

Haaptsächlech d'UVB-Stralen, déi am energieräichste sinn, gëllen als besonnesch geféierlech. Se gräifen d'Zellen an der ieweschter Hautschicht un a kënne séier e Sonnebrand oder Sonnestach ausléisen. Anescht wéi bei den UVA-Stralen, kënnen UVB-Strale méi séier zu Hautkriibs féieren.

Den Ënnerscheed tëschent UVA- an UVB-Stralen

Dëst heescht awer net, datt d'UVA-Strale keen Effekt op eise Kierper hunn. UVA-Strale si méi laangwelleg an drénge vill méi wäit an d'Haut a wéi d'UVB-Stralen. Dës gräifen dat elastescht Bindegewebe un, wat dozou féiert, datt d'Haut méi séier al gëtt. Wann ee sech dacks a laang ongeschützt an der Sonn ophält, da kommen ëmmer méi Flecken a Falen op eiser Haut.

Och anerwäerts kënnen UVA-Strale geféierlech sinn. Se hu laang Zäit, haaptsächlech an der Geschäftswelt vun de Solariumen, als ongeféierlech gegëllt. Haut ass awer gewosst, datt och d'UVA-Stralen Hautkriibs ausléise kënnen. De Grond dofir ass deen, datt dës Stralen och déi Zellschicht ugräifen, déi d'Haut ëmmer erëm erneiert a fléckt.

Den UV-Index

Als Mooss, wéi staark d'UV-Stralung ass, a wéi séier ee sech e Sonnebrand afänke kann, déngt den UV-Index. Dëse léisst sech a fënnef Stufen andeelen: als "niddreg" gëllt en UV-Index, wann en tëschent 0 an 2 läit. Bei 3 bis 5 si mir schonn am "mässege" Beräich, iwwerdeems 6 bis 7 schonn als "héich" gëllt. Wierklech geféierlech gëtt et awer eréischt vun 8 bis 10 un, wat als "ganz héich" beschriwwe gëtt. En UV-Index vun 11 an alles, wat driwwer erausgeet, ass extrem.

D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert scho bei engem UV-Index vu 6, sech mat engem Hutt, engem T-Shirt, engem Sonnebrëll a Sonnecrème géint d'Sonn ze schützen. Iwwer Mëtteg soll ee sech haaptsächlech am Schiet ophalen. Bei engem UV-Index vun 8 bis 10 soll een et vermeiden, sech iwwerhaapt dobaussen opzehalen.

Och wann ee sech am Schiet ophält, sollt een op e sonnendichten Top oder T-Shirt, eng laang Box, Sonnecrème, e Sonnebrëll an e breeden Hutt zeréckgräifen. Soubal den UV-Index op 11 oder driwwer klëmmt, soll ee sech net nëmme mëttes an am fréien Nomëtteg dobannen ophalen, mee de ganzen Dag.

Gëtt een UV-Index vun 8 areecht, da kann ee sech schonn an Zäit vun 20 Minutten, oder manner, verbrennen. Wéi d'Wëssenschaftler vun der Ludwig-Maximilian-Universitéit zu München erausfonnt hunn, kann d'Belaaschtung duerch UV-Stralung un de Schinnebeen, um Bauch, der Broscht an am Gesiicht bis ëm 40 Prozent méi héich sinn, wéi een et duerch de momentan gemoossenen UV-Index vermudde kéint.

Wat geschitt bei engem Sonnebrand?

Wann d'Haut brong gëtt, da gëllt dëst dacks als attraktiv - a Wierklechkeet ass et de Kierper selwer, dee sech duerch d'Brong gi virun der Sonnenastralung schütze wëllt. Ganz effektiv ass dëse kierpereegene Schutz awer net, well de sougenannte Liichtschutzfaktor vill ze kleng ass. Een, dee vu Natur aus méi brong ass, ka sech also och d'Haut verbrennen. Mee wéi gesäit dëse Prozess iwwerhaapt aus?

Wéi mir scho gesinn hunn, läit den Haaptgrond fir dat alles bei den UV-Stralen. Iwwerdeems och d'UVA-Strale geféierlech sinn, sinn d'UVB-Stralen haaptsächlech dofir verantwortlech, datt mir e Sonnebrand kréien.

Laang Zäit war net kloer, wat do iwwerhaapt mat der Haut geschitt, bis een et ufanks Juli 2012 ënner anerem duerch Versich u Mais erausfonnt huet. Déi kuerzwelleg UVB-Stralen dréngen an d'Haut an a schiedegen do déi sougenannt "Ribonukleinsäure-Moleküler", kuerz RNA, déi d'Aktivitéit vun de Gene steiert. D'Moleküller ginn esou verännert, datt entzündungsufälleg Stoffer entstoe kënnen. Et kann och zu Reaktioune kommen, déi d'Entstoe vun engem Tumor ënnerstëtzen. Et kënnt zu den allsäits bekannte Symptomer vun engem Sonnebrand.

Doduerch datt d'RNA geschiedegt ginn a sech d'Moleküller komplett verännere kënnen, kéint et sinn, datt dëse Prozess zum Entstoe vun Hautkriibs bäidréit. Virun dëser Erkenntnes ass een dovun ausgaangen, datt haaptsächlech de Schued, deen duerch d'UV-Liicht an eiser DNS ugeriicht gëtt, d'Haaptursaach fir Hautkriibs ass.

Sech an der Sonn opzehalen huet awer net nëmmen negativ Säiten. Wann ee se a Moosse genéisst an op sech selwer oppasst, andeems ee sech géint se schützt, wierkt een den negativen Auswierkunge scho gutt entgéint. Duerch e gesond Ophalen an der Sonn produzéiert eise Kierper Vitaminn D, dee gutt fir eis Schanken ass an och eisen Immunsystem stabiliséiere kann. E schützt eis och viru Kriibs, wat awer, wéi mir et grad gesinn hunn, och séier an déi aner Richtung goe kann, wann ee sech dacks a laang ongeschützt der Sonn an hiren UV-Stralen aussetzt.