Déi meescht Leit denke bei sou sexuell iwwerdroene Krankheete virun allem un HIV. Beim ongeschützte Geschlechtsverkéier kann ee sech awer mat vill méi Krankheeten ustiechen. Fir dorop opzeklären huet de Gesondheetsministère elo eng nei Summercampagne lancéiert.
D'Doktesch Simone Steil ass Chef de divison de la médecine préventive bei der Santé an erkläert, datt de Gesondheetsministère dofir eng nei Broschür erausbruecht hätt, déi verschidde Geschlechtskrankheeten opzielt, wéi ee sech schütze kann a wéi se behandelt ginn.
Verantwortungsbewosst handelen
Op de Plakater gesäit een e Glécksrad, wou déi verschidde Krankheeten opgelëscht sinn. Zwee Drëttel vun de Persounen, déi sech mat sexuell iwwerdroene Krankheeten ustiechen, si Jonker ënner 25 Joer. Dëse Problem géif net nëmmen zu Lëtzebuerg existéieren, mee géif et och a den Nopeschlänner esou ginn, seet d'Simone Steil. Et hätt een de selwechten Taux wéi an den anere Länner, Krankheete géifen net bei Grenzen ophalen.
Vill jonk Leit wiere betraff, well d'Thematik banaliséiert gëtt a vill Jonker menge géifen, datt et fir all Krankheet en Traitement géif ginn, dee si heelt. Doduerch géife si dann och méi irresponsabel verhalen. Een Deel vun der Campagne géif dowéinst och op soziale Medien iwwerdroe ginn, fir grad de méi jonke Public z'erreechen. Et géif virun allem dorëms goen, datt ee mat sengem Verhale Verantwortung iwwerhëlt, fir sech a fir déi aner, ouni ze riskéieren sech oder aner Leit unzestiechen, seet d'Simone Steil.
E Kondom fir sech ze schützen
Schütze kéint ee sech virun allem mat engem Kondom. D'Pëll oder eng Spiral kéinten zwar eng Schwangerschaft verhënneren, géifen awer net viru Geschlechtskrankheete schützen. Wann een aktive Geschlechtsverkéier huet mat verschiddene Partner huet, wier et am beschten e Kondom ze benotzen, gëtt d'Simone Steil ze bedenken.
Weider Informatiounen iwwer déi nei Campagne kann een op www.sante.lu oder www.safersex.lu fannen.