Radioen

On air

De Moien  |  D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vergiesse Geschichte vun Haiser a Leit

Journées du Patrimoine

Vergiesse Geschichte vun Haiser a Leit

De Services des sites et monuments schafft un engem nationalen Inventaire vun der Baukultur. Momentan kann een op 30 Plazen Haiser besichen. An d'Geschichte vun de Leit kenneléieren, déi dra gelieft hunn.

auto_stories

2 min

D'Journées du Patrimoine stinn dëst Joer ënner dem Thema "Haiser a Leit". Haaptorganisateur ass de Service des sites et monuments nationaux.

D'Iddi fir d'Thema wier bei enger Diskussioun mat Responsabele vum Musée Tudor opkomm, seet de Patrick Sanavia, Direkter vum Service des sites et monuments nationaux. "Déi wollte mat eis zesummen d'Haus feieren, dat dëst Joer 125 Joer al gëtt. E flott Haus, eng flott Geschicht, eng ganz interessant Famill, an eng Plaz, wou mir och net esou dacks higi während de Journées du Patrimoine."

Nationalen Inventaire

Am Mee 2016 huet de Service des sites et monuments nationaux mat der nationaler wëssenschaftlecher Inventariséierung vun der Lëtzebuerger Baukultur ugefaangen. Den Ufank gouf an der Fiels gemaach, duerno kënnt Fëschbech un d'Rei. No an no gëtt sech duerch d'Gemenge vum Land geschafft, fir en nationalen Inventaire opzestellen.

An der Gemeng Fiels sinn eng 130 eenzel Objeten dokumentéiert ginn. 67 Objeten an Ensembele goufen als national schützenswäert agestuuft. De wëssenschaftlechen Inventar vum gebauten Ierwe vun der Fiels hätte si ervir gehuewen, well d'Duerf mat de mëttelalterleche Strukture gewuess wier an eng relativ grouss Variatioun vu Gebaier opweise géif, seet de Patrick Sanavia.

E besseren Iwwerbléck

Am Ganze si momentan 320 Dossieren beim Service des sites et monuments, op deenen iwwer eng national Protektioun muss tranchéiert ginn.

An Zesummenaarbecht mat de Gemengen an de Bureau d'Etudë goufen ausserdeem eng 28.000 Haiser repertoriéiert, déi op d'mannst eng lokal Protektioun iwwert de PAG verdéngt hätten. Et hätt een elo schonn e besseren Iwwerbléck, seet de Patrick Sanavia. "Mir hu jo och eng Subside-Politik mat där mir kënnen de Leit ënnert d'Äerm gräifen, wann eppes ze maachen ass."

D'Journées du Patrimoine si vum 22. September bis den 8. Oktober. De Service des sites et monuments nationaux huet eng Brochure mam Iwwerbléck iwwer déi verschidden Ausstellungen, Atelieren, Virträg a Visitte vun Haiser a Sitten erausbruecht.