Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vitrinne vun der Vergaangenheet

Sot Emol

Vitrinne vun der Vergaangenheet

Wisou ginn et keng Mammute méi? War de Neandertaler wierklech an enger Sakgaass vun der Evolutioun? Fir op dës Froen Äntwerten ze fanne misst een eigentlech zeréck an d'Urzäit reese kënnen. Mee de Paleontolog kann unhand vu moderne Methoden aus Fossilien, Schanken oder DNA Iwwerreschter een déiwe Bléck an d'Déieren- a Planzewelt aus aneren Epoche kréien.

auto_stories

2 min

De Ben Thuy erfuerscht dës Froen als Paleontolog a sengem Alldag.

1985 gebuer ass hien als Kand mat Blockbuster wéi Jurassic Park opgewuess. Hien huet deemools och eng Dinosaurier-Phas duerchgemaach, mee fir hie war et de Panda-Club an d'Jonk Fuerscher, déi d'Grondsteng fir seng wëssenschaftlech Karriär geluecht hunn.

Gesicht: Liichtsënn

Fir als Paleontolog ze schaffen an doduerch Forme vu fréieren Organismen ze rekonstruéieren oder d'Alter vun den Oflagerungen am Gestengs ze bestëmmen, misst een "e bësse liichtsënneg, e bësse Kamikaze-Esprit hunn" seet de Ben Thuy.

Et wier extrem onwarscheinlech, datt een dat mécht, wat ee geléiert huet :

"Am Beruff selwer muss een och e gewëssene Klatzkapp hunn, well et geet net drëms Saache fräi ze pinselen an dann ass een ok, mee eisen Output si Publikatiounen, an déi sinn am Wëssenschaftbetrib ëmmer ënner ganz haarder Kritik, intern, ier se da verëffentlecht ginn."

Metal a Paleontologie ginn Hand an Hand

Am Juli gouf bei enger Fouille op engem Chantier op der Cloche d'Or ass eng archeologesch Sensatioun fonnt ginn. D'Fossilie vun engem Ichtyosaurus, e Fëschsaurier. Dësen Temnodonotsaurus huet viru ronn 190 Millioune Jore gelieft. Weltwäit gouf bis ewell een esou en Exemplaire fonnt.

Nieft der Paleontologie huet de Ben Thuy eng zweet Passioun, Musek, méi spezifesch, Metal:

"Déi zwou Saache gi wonnerbar mateneen, dat ass eng Saach vu Mentalitéit (...) Dat funktionéiert wonnerbar beim Preparéiere vun de Fossilien, zum Beispill, bei der Microfossilsich, well et berouegt an inspiréiert. Et gi vill Metalbands, déi sech speziell un der Biologie an un der Paleontologie inspiréieren."