Prisma Viva la Revolucion?

Déi lescht Jore schéngt et ëmmer méi schwiereg, Politik ze bedreiwen. Verschidde Länner gi carrement als onregéierbar beschriwwen. An a Frankräich hoffe verschidde Leit, datt de Phenomen vun de Gilets jaunes den Ufank vun enger Revolutioun ass, während anerer mengen, datt dat erëm ee weidere Stuerm am Waasserglas ass. Si Molotow-Cocktailer ee Symbol fir soziale Fortschrëtt oder fir soziale Verfall?

Thomas Koenig / cbi

Thomas Koenig
De Philosoph Thomas Koenig freet sech, ob Revolutiounen nach zäitgeméiss sinn. Foto: Archiv.

Wéi de Louis XVI an der Nuecht vum 14. Juli 1789 erwächt gouf fir doriwwer informéiert ze ginn, datt d'Bastille gestiermt gi war, huet hie gefrot, ob et sech ëm eng Revolt géif handelen. Dorop krut hien d'Äntwert "Sire, c'est une révolution!"

Eng Revolt oder eng Revolutioun?

Wa mir elo kucken, wat mat de Gilets jaunes grad a Frankräich passéiert, da kann ee sech och d'Fro stellen, ob et sech ëm eng Revolt oder ëm eng Revolutioun handelt. Wourëm et sech handelt, ass schwéier soen. Fir eng Revolutioun gesäit dat Ganzt nach relativ harmlos aus. Fir eng "simpel" Revolt dauert de Phenomen awer scho relativ laang.

Mee kann an enger Demokratie, wou eng Regierung vum Vollek gewielt gouf, eng Revolutioun iwwerhaapt nach stattfannen? Ass net de Prinzip vun enger Demokratie, datt d'Regierung vum Vollek gewielt gouf, an domat all Versuch, déi Regierung ze stierzen, de facto illegitim?

Am Kader vun de Gesetzer handelen

Aus der Perspektiv vum Rechtsstaat ass déi moralesch Legitimitéit vum Phenomen effektiv schwéier anzeschätzen. D'Leit hunn e Recht, hir Meenung ze äusseren, si hunn e Recht, ze protestéieren. Mee dat ass alles duerch Gesetzer geregelt. De legale Kader gëtt hei awer gesprengt, net nëmme wéinst der Gewalt, mee och, well vill Manifestatioune vun offizieller Säit guer keng Erlaabnis kruten, an awer stattfannen. Et gëtt also Méiglechkeete fir legal seng Meenung ze soen a wann een déi net benotzt, mee et op illegal Aart a Weis mécht, da muss ee sech och d'Fro gefale loossen, wéi legitim engem seng Aktioun dann ass.

D'Gefill, datt ee Recht huet, oder datt ee gefillt d'Recht huet, dat ze maachen, wat ee mécht, geet leider net duer. An engem Staat ginn et jo vill Leit, an déi hunn all Gefiller. Wann der also zwee do kontradiktoresch Gefiller hunn, dann hu mir e Problem. D'Recht ass jo u sech do, fir dee Problem ze regelen.

Net jidderee ka säi Wëlle kréien

A wa mir scho beim Recht sinn, an enger Demokratie soll jo d'Vollek sech selwer beherrschen, a sengem eegenen Numm an a sengem eegenen Interessi. D'Konzept vu Vollek ass awer eng Bezeechnung fir eppes, wat een empiresch net fanne kann. Et fënnt een nëmmen Individuen.

Datt also an enger Demokratie net all Wieler säi Wëlle kritt, ass kloer. Mee d'Fro, déi sech stellt, ass, wat passéiert, wann de Staat net méi am Numm vum Vollek regéiert. Den Hitler war jo och demokratesch gewielt ginn, a wat du geschitt ass, war wuel kee Paradebeispill fir dat, wat eng Demokratie kann oder soll sinn.

D'Gesetz vum Staat herrscht

D'Méiglechkeet, datt de Staat sech op eemol géint seng Bierger dréit, ass leider net vun der Hand ze weisen. Et muss also éischtens emol d'Méiglechkeet bestoe fir esou eppes ze verhënneren, wat kloer de Fall ass. Wat awer manner kloer ass, ass, wat mir maachen, falls et dann iergendwann eng Kéier sollt zum Äusserste kommen.

Fir et op de Punkt ze bréngen, institutionell gesi ginn et Prozeduren, déi agehale musse ginn, fir datt d'Gesetz vum Staat herrscht, amplaz datt am Staat d'Gesetz vum Stäerksten herrscht.

Dat ass och dee Spin, deen déi franséisch Regierung am Moment schéngt de Saache wëllen ze ginn. Also, datt ee prett ass fir ze diskutéieren, an datt d'Léisung vum Problem innerhalb vum Kader vum Gesetz ze sichen ass. Vill Spillraum schéngt et net ze ginn, ausser d'Leit un hir Verantwortung ze erënneren a Schadensbegrenzung ze bedreiwen.

De Virworf: D'Regierung iwwerhëlt hir Verantwortung net

An dat ass genee och dat, wat d'Regierung virgeworf kritt, nämlech datt se hir Verantwortung net iwwerhëlt an am Sënn vum Vollek géif handelen, mee datt bestëmmte Kategorië vum Vollek erëm eng Kéier de Portefeuille opmaache mussen.

A wann een d'Gefill huet, datt ee vu senger eegener Regierung hannergaange gëtt, datt déi Räich maache kënnen, wat si wëllen, an ëmmer nëmmen déi Aarm leide mussen, da wëllt ee senger Verantwortung als Bierger vläicht net op déi Aart nogoen, déi ee vun der Regierung virgeschriwwe kritt.

Mir kréie méi vun der Welt mat

Wei soll een dat Ganzt dann elo bewäerten? D'Ursaache vum Ras-le-bol si jo net eréischt zanter gëschter bekannt.

Finanzkris, Delokaliséierung, Steiervirdeeler, Steierflucht. Ech mengen, ech brauch net ze detailléieren, wourëm et hei geet. A firwat ee wéinst deene Saachen d'Gefill kréie kann, datt Wirtschaft a Politik irresponsabel mam Geld oder mat der Zukunft vun hire Bierger ëmginn, och net.

Dank Internet oder 24-Stonnen-Noriichtesender kritt een och vill méi mat vun deem, wat an der Welt passéiert. Et ass scho bal pervers, well op där enger Säit kann ee sech verréckt maachen, wann een all déi grujeleg Saache kuckt, déi passéieren, mee op där anerer Säit ass dat awer genee dat, wat d'Leit am meeschten interesséiert.

D'Leit gleewen u Conspiratiounen

Kuerz, d'Situatioun gesäit net gutt aus, an et wierkt och esou, wei wa kee capabel wier, e bëssen Uerdnung an dee ganze Chaos eranzebréngen. Ob et wierklech esou dramatesch ass, ass eng aner Fro, déi gefillte Wourecht ass fir vill Leit méi reell, wéi déi faktesch. An esou Situatioune kënnt dann och gär Conspirationitis op, dat heescht, datt Leit dann d'Tendenz kréien, Verschwörungstheorien ze gleewen.

Dat kennt dohier, datt mir gären d'Gefill wëllen hunn, datt iergendwou iergendee Kontroll iwwer d'Situatioun huet. An dofir hu mir dann d'Tendenz Saachen ze gleewen, déi eis d'Gefill ginn, datt deem dann och esou ass. Heibäi handelt et sech awer ëm eng kognitiv Dissonanz, mee op där anerer Säit ass dat dann och den Triumphzuch fir alternativ Fakten.

Wei de Cäsar sot, d'Leit gleewe gären dat, wat si wëllen.

Sech virum Stress schützen

A sengem Buch "Fahrenheit 451" beschreift de Ray Bradbury eng Gesellschaft, an där d'Leit decidéiert hu sech vum Stress an der Hektik vum Liewen an enger moderner Gesellschaft ze schützen. Si maachen dat, andeem si just nach déi Informatioune kucken, déi si net opreegen, an och andeem Bicher verbrannt gi fir kee Mënsch op komesch oder subversiv Gedanken ze bréngen. Dat Buch ass aus den 1950er, mee et beschreift deelweis schonn Aspekter vun eiser aktueller Gesellschaft, wéi zum Beispill Filterblosen oder Fake News.

An et kann een och d'Gefill kréien, datt d'Leit haut vill méi gestresst si wéi fréier, well si permanent erreechbar sinn, well si permanent mat Informatioune bombardéiert ginn, an iergendwa si si saturéiert.

Bon, dat alles ass e gudde Cocktail fir eng Gesellschaft ze schafen, an där d'Toleranz fir aner Meenungen ëmmer méi kleng gëtt, an d'Fäegkeet, Frustratiounen auszehalen, och. An en plus kënnt dann dobäi, datt ee vill méi Saachen als frustréierend empfënnt.

Gutt, Dir sidd selwer fäeg erauszefannen, wat alles an eiser Gesellschaft oder an ärem eegene Liewe schif leeft, ech mengen, ech kann elo mam Inventar ophalen.

Eng Usammlung vun Individuen

Ob et sech elo a Frankräich ëm eng Revolt handelt, ëm eng Revolutioun, oder ëm ee vun deene ville Protester, fir déi dat Land weltwäit bekannt ass, dat kënne mir wuel eréischt a posteriori gesinn.

Wat hei awer interessant ass, ass, datt all déi Phenomener, déi ech opgezielt hunn, sech op e gemeinsamen Nenner brénge loossen: nämlech, datt se dat zerstéieren, wat d'Leit verbënnt. Aus enger Gesellschaft, an där d'Leit trotz hiren Ënnerscheeder eppes wëllen zesummen opbauen, gëtt esou lues a lues eng Usammlung vun Individuen, déi net méi vill verbënnt, ausser datt si grad geographesch gesinn no beienee wunnen.

Et muss een de Problem uschwätzen

Fir net op enger negativer Nott opzehalen, kann ee vläicht awer och doriwwer nodenken, wéi een dat Gefill vun Zesummenhalt stäerke kann. An déi beschte Léisung fir e Problem aus der Welt ze schafen ass meeschtens ganz einfach: Et muss een en uschwätzen. Esou kréien aner Leit mat, datt de Problem iwwerhaapt existéiert, an et kann een no Léisunge sichen.

Sécher, dat setzt gudde Wëlle viraus, mee wann ee frëndlech an direkt mat senge Matmënschen ass, da kritt een dacks erstaunlech vill vun hinnen. Et setzt awer och viraus, datt een anere Leit net wëll seng eege Léisungen imposéieren, mee datt ee kompromëssbereet ass. An dat setzt viraus, datt een net direkt frustréiert ass, oder datt ee sech net direkt fundamental a sengem Wiese bedroht fillt, wann een als Äntwert kritt "Ech si mat denger Ausso net averstanen".

Bref, fir ze verhënneren, datt ee mat Molotow-Cocktailer op Leit schéisse muss, fir datt si matkréien, wat ee vun hiren Iddien hält, kann een dat jo och emol op déi philosophesch Aart probéieren: mat engem Sträitgespréich. Well Sträit muss jo näischt Negatives sinn, do wou Saache widderenee reiwen, gëtt jo och Energie fräigesat. Also, sot mir, wou sidd Dir net mat mir averstanen?

An der Mediathéik:

Prisma / / Thomas Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Roserei
Prisma

Firwat si Beleidegungen beleidegend? Wat ënnerscheet Fluche vun aneren Onmanéierlechkeeten? Mir brauchen eng Sproochphilosophie vu schlëmme Wieder, mengt de Joshi Gottlieb.

Trumpeltier Meenung
O tempora o mores

Brutal Muechtmënsche generéiere batterbéis Satir a provozéiere Beleidegungen. An hirer originaler Bedeitung passen déi heiansdo nawell ganz objektiv bei déi, déi se provozéiert hunn.

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen