Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Lëtzebuerg op Yad Vashem: D'Marie Taquet-Mertens

Land a Leit

Vu Lëtzebuerg op Yad Vashem: D'Marie Taquet-Mertens

Hire Papp huet sech ëm d'Lëtzebuerger Musek verdéngt gemaach. Si selwer sollt an engem Schlass an der Wallonie 87 jüddesch Kanner virun de Nazie verstoppen an hinnen esou d'Liewe retten. De Frédéric Braun mat engem Portrait vum Marie Taquet-Mertens, der Duechter vum Lëtzebuerger Komponist Fernand Mertens.

auto_stories

7 min

Eng solitär Trompett, déi sech Gehéier verschaaft, déi ukënnegt an Entschlossenheet fuerdert, ier en Orchester mat ustëmmt a si op hirem Wee ënnerstëtzend begleet.

Esou oder esou änlech kéint een dem Fernand Mertens seng wuel bekanntste Kompositioun, seng "Sonnerie Nationale" deiten, wou d'Schicksal vun enger ganzer Natioun op eng helleg Uerdnung schéngt ageschwuer ze ginn, op en exemplarescht Herrscherhaus an déi eege Verantwortung viru Gott.

Et ass e Stéck aus dem ale Lëtzebuerg, vu virun der Trennung vu Kierch a Stat, wéi sech déi politesch Klass an dat einfacht Vollek nach am Te Deum senge kathoulesche Wäerter vergewëssert huet. Eng Kompositioun aus der Fieder vun engem Immigrant, dem Fernand Mertens, deen aus enger flamännescher Famill vu Louvain war a 1897 am Alter vu 25 Joer mat senger Fra Clemence van Kerkhoven op Lëtzebuerg geplënnert war, fir do bei der Militärmusek eng Plaz als Fagottist unzetrieden.

"Justes parmi les Nations"

Un hire Papp erënnert sech seng zwee Joer méi spéit gebuerene Duechter Marie als e "lëschtegen, gesellegen an zu Lëtzebuerg ganz beléifte" Mënsch, exzellente Museker a Pionéier vun der moderner Musekszeen a sengem Adoptivland. Am Mäerz 1988, ee Joer virum hirem Doud, haten déi amerikanesch Fotografin Gay Block an hir Partnerin d' Rabbinerin a Schrëftstellerin Malka Drucker, si zu Bréissel an hirem Altersheim interviewt. Dat fir e Buch an en Dokumentarfilm iwwer Net-Jüddesch Europäer, déi esouwuel Folter wéi Doud a Kaf geholl hate fir Judde wärend der Shoah ze retten.

En Theema dat bis dohinner wéineg beliicht gi war a wourauser spéiderhin e Buch an e Film mam Titel Rescuers: Portraits of Moral Courage in the Holocaust entstoe sollt, a 1992 eng Ausstellung entstoe sollt, déi ënner anerem am Museum of Modern Art gewise gouf.

Hei ass Marie Taquet-Mertens, ënner anerem nieft dem polnesche Resistenzler Jan Karski ze gesinn oder enger Maria Gräfin vu Maltzan, allen dräi ausgezeechent vum israelesche Yad Vashem Institut mam Titel "Justes parmi les Nations". Am Fall vun der Marie Taquet-Mertens war dat op Initiativ vum David Inowlocki geschitt, deen als Iwwersetzer bei dësem Interview dobäi war, an haut am Online-Archiv vum United States Holocaust Memorial Museum ugekuckt ka ginn.

Wéi 87 aner jüddesch Kanner hat hien nämlech d'Gléck, wéi hie seet "verstoppt an der Fräiheet" tëscht Mäerz 1943 a bis zur Befreiung duerch englesch an amerikanesch Truppen, de Krich an déi antisemittesch Verfolgungen op engem Schlass hei vir an der Wallonie a relativer Sécherheet ze verbréngen an nom Krich seng Famill erëmzefannen.

Eng Stopp fir jüddesch Kanner

Do, um Château de Faing zu Jamoigne bei Chiny, huet d'Marie Mertens-Taquet nämlech, mat hirem siwe Joer méi ale Mann Emile Taquet, engem Veteran aus dem éischte Weltkrich, deen als däitschsproochegen Neibelsch näischt ze fäerten hat a grad dofir vun der Resistenz rekrutéiert gi war, den "Home Reine Elisabeth" dirigéiert. Dat war en Zentrum fir handicapéiert Kanner, dee vun de Soeurs de la Charité vu Besançon gefouert gouf, deen awer vun deem Moment un, wou d'Juddeverfolgung lass gaangen zu enger Stopp fir jüddesch Kanner tëscht 4 a 16 Joer ginn ass, déi hei obwuel vun hiren Eltere getrennt onbemierkt tëscht anere Kanner gelieft hunn.

Château de Faing zu Jamoigne bei Chiny an der Wallonie

Kanner déi esouwuel vu Bréissel wéi vun Antwerpen op d'Schlass komm ware goufen evakuéiert vun der Oeuvre de naissance et de l'enfance, ënnert der Féierung vum Yvonne Nèvejean an dem Comité de Défense des Juifs. Dee gouf vum Hertz an Yvonne Jospa gegrënnt a sollt iwwer 3.000 Kanner virun der Deportatioun an dem Doud retten. Den Zentrum selwer stoung ënner der Schiermherrschaft vun der Kinnigin Elisabeth a war finanzéiert duerch de "Secours d'hiver", eng karitativ Organisatioun.

"Si huet sech ëm mech gekëmmert an elo këmmeren ech mech ëm si" seet den David Inowlocki wärend hien der Marie Taquet Botter op hiren Toast schmiert. Si selwer sëtzt virun engem alen Ardenner Schaaf, ëmgi vu Fotoe vun hirem Mann, hirem Papp Fernand Mertens an engem Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte.

Zwee Mol gouf et brenzeleg

Wéi si gefrot gouf ob si jüddesch Kanner an hirem Heem ophuelen, huet si trotz de Risiken net gezéckt. Vun deenen anere Jonge wosst dann och keen, wéi e Glawen déi nei hätten. Si krute genau wéi déi aner Unterrecht, sinn an d'Mass gaangen an hunn dobaussen Zaldot gespillt, esou datt se am Duerf gemengt hunn, am Schlass wier eng national-sozialistesch Schoul. A virum schlofe goe kruten si all vun der Direktesch eng gutt Nuecht gewënscht an e Kuss op de Bak.

Nëmmen zwee mol war et brenzeleg ginn: déi eng Kéier war en däitschen Offizéier op d'Schlass komm an hat gefrot op och jüddesch Kanner ënner de Jonge wieren, wouropper d'Marie Taquet hie mat fester Stëmm an a perfektem Däitsch rhetoresch gefrot huet op dat net e bësse riskant wier? Déi aner Kéier, et war e Refraktär um Späicher festgeholl ginn, huet si hie gefrot op kee Fall fort ze lafen, well soss de Kanner hir Stopp géif opfléien, u wat sech deen dann och gehalen huet.

Wéi si dozou koum, fir jüddesch Kanner hiert Liewen ze retten, wëllen d'Gay Block an d'Malka Drucker wëssen? "Si menge wuel, datt ech doropper virbereet war, mee esou war et net" seet d'Marie Taquet. "Mee all déi Leit déi dat gemaach hunn, wat Dir gemaach hutt ware virbereet, ouni et ze wëssen natierlech", gëtt de David Inowlocki hir ze bedenken.

An war si et, virbereet ouni et ze wëssen? D'Marie Taquet ass wéi ugangs scho gesot, zu Lëtzebuerg op d'Welt komm, wou si zu Beetebuerg gewunnt hunn. Hir Eltere beschreift si all gleeweg Katholicken, gepräägt duerch eng laang belsch a manner lëtzebuergesch Traditioun. Hire Papp war Direkter vum Conservatoire a spéiderhin esouguer Hofkapellmeister. Hire Brudder Joseph war Ingenieur. Hir Mamm beschreift si als "très discrète". Si hätt gréisser Receptiounen net gären a wier och net dohinner gaangen.

E Krich, deen alles ännert

Hire Papp wier awer vill dohier gereest a Frankräich, Däitschland an der Schwäiz, dat als Musekskritiker fir verschidde musikalesch Zäitschrëften. Si beschreift hien als "plutôt international". Ënner senge Schüler hätten et och vill jüddescher ginn. Si selwer hätt allerdéngs keng jüddesch Spillkomerode gehat. Si hat iwwerhaapt keng Komeroden. Aus deem einfache Gronn, datt hir Mamm dogéint gewiescht wier, datt si mat anere Kanner spillt. Si wier hirer Mamm dofir awer net béis, seet d'Marie Taquet. Deemools, wier den éischte Weltkrich am gaange gewiescht a si hat eréischt 16 Joer.

Am Laf vum Interview gëtt awer kloer, datt de Krich fir si alles geännert huet. Virun Allem wat hir Erzéiung betrëfft. War si 1913 nach zu Montaigu bei Bréissel an engem kathouleschen Internat, koum si bei Ausbroch vum Krich zeréck op Lëtzebuerg, wou si bei d'Sophie-Schwësteren an d'Stad komm ass. Eng ganz "chic" Schoul, wéi si sech erënnert a wou si bis 17 hir "Humanités" als hire Secondaire gemaach hätt. Um Enn vum Krich awer, wou aner Meedercher a finishing schools an d'Schwäiz gaange sinn, huet si den Emile Taquet bestuet, e siwe Joer méi ale belschen Offizéier.

Ouni de Krich hätt si studéiert, mengt si. Ir si op Jamoigne an d'Schlass koum, hätt si sech fir Mumien an Archeologie interesséiert, erzielt d'Marie Taquet.

Zu der verpasster Ausbildung kënnt och, datt si vun de Kanner, déi si gerett huet, bis eréischt kuerz virun hirem Doud näischt héieren huet. Dat hätt si awer kengesfalls geiergert. Do misst ee realistesch sinn, mengt si. Effektiv hätt dat fir vill vun de Kanner bedeit sech mat enger Vergaangenheet ze beschäftegen, déi ee léiwer hannert sech léisst, erkläert de David Inowlocki, President vun der Associatioun L'Enfant caché an der Belsch a virum Doud vun der Marie Taquet eng grouss Feier organiséiert hat mat 200 Gäscht, dorënner den israeleschen Ambassadeur a natierlech déi Iwwerliewend Kanner. Och gouf eng Plack ageweit.