Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Nationalunioun zum "American Way of Life"

Lëtzebuerg am Kale Krich

Vun der Nationalunioun zum "American Way of Life"

D’Kommunisten an der Regierung tëschent de Wahle vun Oktober 1945 an dem Joer 1947. Den amerikanesche Liewensstil, sou wéi en sech wéinst de gudde wirtschaftleche Bezéiunge mat den USA hei am Land duerchgesat hat. Dat sinn nëmmen e puer Aspekter vun enger Ausstellung am Nationale Geschicht- a Konschtmusée (MNHA), déi d’Auswierkunge vum Kale Krich zu Lëtzebuerg dokumentéiert. Eischten Deel vun enger neier Serie.

auto_stories

17 min

© MNHA / Design: granduchy

Am Juli 1945 hat de Winston Churchill de Krich gewonnen, an engems awer d’Wahle bei sech a Groussbritannie verluer. De fënnefte Mäerz 1946 war hien als Leader vun der Oppositioun an Amerika an huet do am Missouri eng Ried gehalen, déi historesch Dimensioune kréie sollt. An senger Usproch sot den Churchill : “Vu Stettin am Baltikum bis op Triest op der Adria, ass en eise Rideau iwwer dem Kontinent erofgaang.” Den “iron curtainsollt zu engem vun den éischte Schlaagwieder vun der neier Konfrontatiounspolitik nom Zweete Weltkrich ginn.

Den 19. Oktober 1945 huet d’Londoner Dageszeitung “Tribune” en Text vum George Orwell mam Titel « You and the atomic bomb » publizéiert. Dat war zwee Méint nodeems d’Atombommen iwwer Hiroshima an Nagasaki erof geworf gi waren. Um Enn vun dësem Text beschreift den englesche Journalist a Schrëftsteller eng Welt, an där sech zwou Groussmuechten an engem neie Status Quo am atomaren Zäitalter vun der Ofschreckung géigeniwwer stinn. Eng nei Zäit vun engem kale Krich. Dat war net wäit ewech vum permanente Krichszoustand, deen hien dräi Joer méi spéit a senger Dystopie “1984” beschreiwe sollt.

D'KPL zielt zu de Wahlgewënner am Oktober 1945

D’Angscht virun engem Drëtte Weltkrich, virun allem awer d’Angscht virun der definitiver Vernichtung vun der Mënschheet duerch Waffen, déi si selwer fabrizéiert huet, waren de Schied, deen elo besonnesch och iwwert Europa louch. Zu Lëtzebuerg waren den 21. Oktober 1945 déi éischt Wahlen no der Liberatioun. Bis dohinner war et nach d’Exilregierung, déi d’Geschécker vum Land geleet hat. D’Rietspartei hat sech ënnert hirem neien Numm vun der Chrëschtlech-sozialer Vollekspartei virgestallt, an déi fréier Aarbechterpartei ass elo fir d’éischt als LSAP an d’Wahle gaang. Dobäi koumen nach de Groupement démocratique an d’Kommunistesch Partei. D’CSV krut 41,41% vun de Stëmmen, de Groupement démocratique 16,74% an d’Sozialisten 25,96%. D’Kommuniste kruten 1945 dat bescht Wahlresultat an der Geschicht vun hirer Partei. Mat 13,49% hu si zu de Gewënner vun dëse Wahle gezielt.

Ee vun de Grënner vun der Rietspartei an der neier CSV, de Pierre Dupong, gëtt Regierungschef an entscheed sech fir eng eenzegaarteg Léisung: déi vun der sougenanntener Union nationale, also enger Regierung, an där all d’Parteie vertruede sinn. Lëtzebuerg hat vill ënnert dem Krich an der Besatzung gelidden, d’Vollek mee och d’Infrastrukturen. Zum Beispill während der Ardennen-Offensive war de Norde vum Land staark zerstéiert ginn.

Den Ausschloss vun de Kommunisten

A sengem Buch iwwert d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Regierunge schreift den Historiker Guy Thewes, dass sech d’Regierung vun der Union nationale och doduerch ausgezeechent hat, dass et ebe keng parlamentaresch Oppositioun gouf. A weider, dass d’Onzefriddenheet géigeniwwer der Regierungspolitik sech baussent dem Parlament manifestéiert hat. Een Aspekt dovunner war d’Affär vum sougenanntene Putsch, bei där den 2. August 1946 véier Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi an e Schoulmeeschter festgeholl gi waren. Si waren all fréier Resistenzler an elo gouf hinnen d’Virbereedung vun engem Staatsstreech virgeworf. Et gouf keng Beweiser an déi Ugeklote goufe séier fräigelooss.

D’Regierung vun der Union Nationale war net vu laanger Dauer, no nëmme 16 Méint sinn d’Sozialisten an d’Kommunisten an d’Oppositioun gaang. An der Ausstellung iwwert de Kale Krich am Nationalmusée gëtt präziséiert, dass am selwechte Moment d’Kommunisten aus der belscher, der franséischer an der italienescher Regierung ausgeschloss ginn. Dobäi koum dunn och nach Éisterräich. En anere Kontext vun dëse massiven Exklusioune war och dem amerikanesche President Truman sengContainement”-Politik.

Marshall-Plang

Een Deel vun där Politik war de Plang vum neien amerikaneschen Ausseminister George C. Marshall. De Marshall-Plang, dat ware méi wéi 13 Milliarden Dollar, déi bannent véier Joer, vun 1948 bis 1952, fir en Opbauprogramm vun der Wirtschaft am zerstéierten Europa sollten investéiert ginn. Dem Truman sengContainment”-Politik , déi eng sowjetesch Expansioun an Europa präventiv verhënnere sollt, ass vläicht den eigentlechen Ufank vum deem, wat haut de Kale Krich genannt gëtt. Lëtzebuerg hat ënnert anerem seng Schwieregkeete mam enormen Opbauprogramm. Mee d’Lëtzebuerger Gesellschaft war och vun de Konsequenze vum Krich beschäftegt, mat de Resistenzler, mat den Zwangsrekrutéierten an och der Epuratioun, an engem ganz schwierege Moment, an deem d’Kohäsioun vun der Gesellschaft a Fro gestallt war.

Op d’mannst finanziell koum dunn d’Hëllef vun den Amerikaner geleeën. An dat ënnert der Form vum Marshall-Plang. Zu Lëtzebuerg waren 22.600 Gebaier staark oder ganz zerstéiert. Bal d’Halschent vum Akerland war futti an ee Fënneftel vun den Eisebunnsstrecke war zerstéiert ginn. 20 Milliarde Frang hu missten opbruecht ginn, eng deemools astronomesch Zomm.

D'Atlantisten

1999 hat den Historiker Lucien Blau an engem Bäitrag zur Ausstellung “Lëtzebuerg an de 50er Joeren” iwwert déi sougenanntenAtlantistes” geschriwwen. Am Ausstellungskatalog, am Artikel “Américanisme et antiaméricanisme dans les années 50”, schreift hien ënnert anerem iwwert de Michel Rasquin (1899-1959). Sozialist, spéidere Buergermeeschter vun Esch a Wirtschaftsminister:

“L’acceptation du plan Marshall, l’adhésion à l’OTAN, ne diviseront pas outre mesure la société luxembourgeoise. A l’exception du PCL, toutes les forces politiques seront atlantistes et marshallisées. La social-démocratie, animée d’un anti-communisme qui n’a rien à envier à celui de droite, se rallie au choix atlantiste de cette dernière. L’abandon de la neutralité, l’adhésion au pacte atlantique, l’acceptation du Plan Marshall rallient la grande majorité des socialistes luxembourgeois qui suivent sur ce point leur chef de file Michel Rasquin, bête noire du PCL. En févirier 1947, Michel Rasquin s’était prononcé pour le plan Marshall en déclarant : Nous sommes pour le plan Marshall, puisquil est un moyen de mettre fin à la détresse, d’élever le niveau de vie de tous les peuples et des masses laborieuses. Des clauses politiques ne seront ni acceptées ni exigées.’”

Lëtzebuerg gëtt seng Neutralitéit op

Ee Joer méi spéit, de 15. Abrëll 1948, koum et an der Chamber zu enger Verfassungsännerung, déi déi international Positioun an Identitéit vum Grand-Duché sollt grondleeënd veränneren. Eis Neutralitéit gouf ofgeschaf. Kuerz virdrun, de 17. Mäerz, hat Lëtzebuerg mat Frankräich, Groussbritannien, der Belsch an Holland de Vertrag vu Bréissel ënnerschriwwen. Dat war een defensive Militärpakt, deen 1954 an déi Westeuropäesch Union iwwergaang war.

De 4. Abrëll 1949 huet Lëtzebuerg dunn zu Washington den Atlantesche Pakt mat ënnerschriwwen. Lëtzebuerg war also elo an der NATO an domadder Militärpartner vun den USA. Mee bei all deem dierf een net vergiessen, dass d’Bild vun Amerika zu Lëtzebuerg an der éischter Halschent vun den “trente glorieuses” ganz kloer vun der Befreiung gezeechent war. Den GI, deen iwwert de Geesseknäppchen an d’Stad koum an am Eisléck säi Liewe géint d’Preisen huet misse riskéieren: fir bal zwou Generatioune vu Lëtzebuerger war d’Bild vun den USA a vun den Amerikaner een duerchaus positiivt.

American way of life

Amerika, dat ass awer och nach eppes anescht ginn: nämlech d’Akzeptanz vun engem neie Liewensstil, deen als modern verstane gouf, den awer - wéi mer et haut gesinn - och staark duerch de Konsumerismus gezeechent war. An domadder sinn net just Coca-Cola an de Knätschgummi gemengt. D’Leit hunn ugefaang anescht a sécher och méi anzekafen. D’Epicerie krut eng, fir Lëtzebuerg, nei Konkurrenz : de “Supermarket”. Esou wéi den Economat op der Stroossbuerger Plaz am Garer Quartier.

Wunne konnt een elo och am Bungalow, deen hat keng Stuff mee e Living. E Living bei deem een net ronderëm de Radio souz, mee ronderëm d’Televisioun, och wann déi am Ufank deier war an zu Lëtzebuerg nëmme wéineg Leit sech konnte leeschten. De Lucien Blau schreift, dass 1960 nach nëmmen 8.255 Stéit en Televisiounsapparat haten. An engems haten dat selwecht Joer awer scho vill Leit fir d’éischte Kéier e Frigo, deen en neie Luxus am Alldag versprach a gehalen hat.

Sowjeteschen Afloss?

Bei all deem vermësst een awer eppes: wou bleift déi russesch oder sowjetesch Kultur ? Hat déi wierklech guer keen Afloss zu Lëtzebuerg an den Nokrichsjoeren ? De 5. Mee 1957 hat de René Blum zu Kayl e Virtrag um Nationalkongress vun der Gesellschaft « Luxembourg-URSS » gehalen. De René Blum war laang Zäit den Eieregesandte vu Lëtzebuerg an der Sowjetunioun. De fréiere Minister muss sech hei drugi fir e wierklech nennenswäerten Afloss vun der Sowjetkultur bei eis am Land opzezielen. Vun enger Timberenausstellung iwwert eng Delegatioun vu Lëtzebuerger Schachspiller, déi op e russeschen Turnéier gefouert goufen, bis zu Russesch-Coursen, déi d’Escher Gemeng ginn hat. Dat alles wierkt éischter anekdotesch, schéngt nëmme wéineg Chancë géint de lackelegenAmerican way of life” ze hunn.

Bemierkenswäert schéngt awer e Festival vum sowjetesche Film am Joer 1956. Den Historiker Paul Lesch schreift, wéi d’Lëtzebuerger Wort trotz Patronnage vum Joseph Bech de Festival ofgeschoss hat : “Die totalitäre Zwangsjacke lähmt das freie Schaffen mehr als die Profitsucht etlicher Filmproduzenten im Westen.”

De Pierre Grégoire war wéi esou dacks mat derbäi wann et ëm Demontage vu kulturelle Géigner gaang ass. Zitat aus der “Warte” : “Das Festival ist Bauernfängerei mit künstlerischen Mitteln”. A méi wäit schreift de spéidere Minister vun enger “berechneten und erstrebten Irreführung der öffentlichen Meinung”. Fir zum Schluss ze warnen: “Schon sind die ersten Kosaken da und mit Küssen und Blumen empfangen worden, die andern werden bald mit Feuer und Schwert nach und über uns kommen.” D’Blummekosaken, vun deenen de Pierre Grégoire hei schreift, waren dräi sowjetesch Schauspiller, déi fir de Festival 1956 ageluede gi waren. Déi zweet Grupp virun där hie warnt ass natierlech déi rout Arméi. Kale Krich zu Lëtzebuerg also och an der Kulturkritik.

Lëtzebuerg war, esou schéngt es, an der Ufankszäit vum Kale Krich op der Natoschinn an huet sech net ongär dem economeschen an och kulturellen Afloss vun Amerika higinn.