Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Zwangsaarbecht an Erënnerung ouni Verantwortung

Zäithistoriker

Vun Zwangsaarbecht an Erënnerung ouni Verantwortung

Viru kuerzem ass d'Buch vum Wolfgang Schmitt-Koelzer mam Titel "Bau der Reichsautobahn in der Eifel (1939-1941/42). Eine Regionalstudie zur Zwangsarbeit" erauskomm. Et ass e wesentleche Bäitrag zur Fuerschung iwwert d'Zwangsaarbechter an eiser Géigend, mee och zur Resistenz, zur Juddeverfolgung an net zulescht zu enger kritescher Erënnerungsaarbecht.

auto_stories

15 min

A Polen gëtt all Joer de Beata Pawlak-Präis verginn fir déi beschte Reportage iwwer verschidde Kulturen, Reliounen oder Zivilisatiounen ze belounen.

D'Beata Pawlak war eng polnesch Journalistin, 1957 gebuer. An de 70er Joren huet si géint de kommunistesche Regime gekämpft, si war am Krakauer Studentecomité vu Solidarnosz a si huet eng Ënnergrond-Zeitung erausginn. 1984 ass se op Paräis gaang an huet do déi verschiddensten Jobbe gemaach: Nuetsportier, Botzfra, Iwwersetzer a si huet ugefaang Reportagen ze schreiwen. D'islamesch Welt war hiren Haaptsujet. Si war intrigéiert vum Géigesaz tëscht den negativen Islam-Stereotyppen a Frankräich an de Mënschen, déi si zu Paräis kennegeléiert huet. Mee si huet och Reportage geschriwwen iwwer buddhistesch Monastèren, der Mutter Teresa hirer Missioun zu Calcutta, iwwert en israelesche Kibbuz. Am Kader vun enger Rees vu sechs Méint an Asien a Recherchen zum islamesche Fundamentalismus gouf si den 12. Oktober 2002 zu Bali Affer vum Attentat vun enger islamistescher Terrororganisatioun, bei deem 202 Mënschen ëmbruecht goufen. Well se wousst, dass se a Liewensgefor war hat se an hirem Testament festgehalen, dass all hir Erspuernisser an e Präis fir Journalisten sollte fléissen.

E puer Joer virdrun huet si awer Recherchen gefouert iwwert e ganz anere Sujet, an zwar d'Schicksal vu polneschen a russeschen Zwangsaarbechterinnen am Krich an hir Net-Entschiedegung zënter 60 Joer. Erauskoum 1999 en Artikel mam Titel "Death in VW-Nursery".

Wéi vill aner däitsch Entreprisen huet Volkswagen, e Wierk dat 1933 opgebaut gouf mat de Suen, déi d'Nazien den enteegente Gewerkschafte geklaut haten, am Zweete Weltkrich masseweis Zwangsaarbechter an -Aarbechterinnen ausgebeut, ënner anerem an hirem Haaptwierk zu Wolfsburg. Wann Aarbechterinnen Kanner kruten, goufen d'Bëbeeën vun hire Mammen getrennt an a sougenannt "Kinderheimer" ënnerbruecht, wou d'Mammen se Sonndes hunn dierfe besichen. Just, et ware keng Kannerheemer: et ware "Mouroiren". Ënnerernährt an net gefleegt sinn praktesch all d'Bëbeeën an engem Zäitraum vun e puer Méint gestuerwen. Eleng am "Kinderheim" Rühen op d'mannst 365 Kanner. Dee Chefdokter an d'Oberschwester goufen nom Krich vun engem britesche Militärgeriicht zum Dout veruerteelt. Mee d'Direktioun vu VW gouf ni zur Rechenschaft gezunn an huet och ni hir Verantwortung iwwerholl. Eréischt nom Mauerfall chargéiert VW 1991 den däitschen Zäithistoriker Hans Mommsen, déi däischter Geschicht vum Autokonzern opzeschaffen an deklaréiert am selwechten Otemzuch, dass keen entschiedegt gëtt. "Forschung statt Entschädigung", tittelt "Die Zeit" den 13. September 1991.

Sämtlech däitsch Entreprisen geneesou wéi all däitsch Regierung hate bis dohinner refuséiert op d'Fuerderunge no Entschiedegung vun Zwangsaarbechter anzegoen, mam Argument, dass dat mat Fuerderungen no Reparatioun gläichzestelle wier. Dofir misst awer fir d'éischt e Friddensvertrag ofgeschloss ginn, wat de Kale Krich verhënnert huet. Effektiv hat d'Londoner Scholden-Ofkommes vun 1953 der däitscher Bundesregierung Recht ginn. D'westlech Muechten ënnert der Féierung vun der USA ware méi un der Reintegratioun vun der BRD intresséiert, wéi un de legitimme Fuerderungen vu Milliounen vun Zwangsaarbechter, déi ënnert den Nazien gelidden haten.

Entschiedegung, mee keng Entschëllegung

Nom Mauerfall mécht deen no der däitscher Wiedervereinigung ratifizéierten Zwei-plus-Vier-Friddensvertrag vun 1991 de Wee fräi fir d'Reparatioun an also och fir Entschiedegungs-Kloen. Am Fall vum VW-Kinderheim as et do ënnert anerem d'polnesch Regierung, déi sech dohannert gesat huet fir hire Bierger a Biergerinnen ze hëllefen. Mee fir d'éischt huet se missen Iwwerliewend polnesch Zwangsaarbechterinnen, där hir Bëbeeën ëmbruecht goufen, fannen. Pech fir VW, dass et Journalistinnen wéi d'Beata Pawlak gouf: Si huet nämlech, no laangem Sichen, eng Iwwerliewend fir d'polnesch Regierung fonnt, d'Anna Snopczyk, där hire Jozef mat zwee Méint gestuerwen ass. Ech erspueren iech d'Detailer vun der Behandlung vum Bëbe, déi der an der Plainte viru Geriicht (eng kollektiv "class action" an den USA) vum Anna Snopczyk géint d'Volkswagen AG vun 1999 kënnt noliesen. Direkt stellt VW e puer Milliounen DM zur Verfügung fir déi Zwangsaarbechterinnen, déi nach liewen, fir der Geriichtsaffaire ze entgoen.

Déi nei rout-gréng Bundesregierung reagéiert och 1999, well de Schued fir déi däitsch Exportindustrie riskéiert grouss ze ginn an et kënnt zu enger Stëftung vun der däitscher Wirtschaft ("Erinnerung, Verantwortung und Zukunft"). Do fënnt sech dann d'Crème de la crème vun den Entreprisen - an hiren Nofolger - erëm, déi vu Sklavenaarbecht profitéiert hunn: Allianz, Daimler, BMW, VW, Bayer, BASF, Hoechst, DegussaHüls, Krupp, Siemens, Deutsche Bank, Dresdner Bank. D'Stëftung ass bereet bis zu 10 Milliarden DM ze bezuelen. Am Juli 2000 kënnt et no schwierege Verhandlungen zu engem Ofkommes tëscht Regierungsvertrieder vun der BRD, aus Osteuropa, den USA, Israel, der Jewish Claim Conference an den Affekoten vun den Affer.

Mee op d'Zäit ze spillen huet sech gelount fir Däitschland an d'däitsch Entreprisen. Vun den 13 Milliounen Zwangsaarbechter liewen der 2000 just nach manner wéi 3 Milliounen. Am Juni 2007 ass d'Entschiedegung ofgeschloss fir Däitschland. D'Stëftung huet no eegenen Angaben ronn 4,37 Milliarden Euro un 1,66 Milliounen Zwangsaarbechter an där hir Famille bezuelt, dat heescht ongeféier 2.600 € pro Zwangsaarbechter. Entschëllegt fir dat wat an hire "Kinderheimer" geschitt ass, huet d'VW-Féierung sech ni. An d'Gedenkaarbecht zu deem wat VW deemools offiziell "Ausländerkinder-Pflegestätte Rühen" genannt huet, gëtt sur place haut net vun der Konzern-Féierung, mee vun der IG Metall Wolfsburg an der Vereinigung der Verfolgten des Naziregimes (VVN) gemaach.​

D'Autobunnen, déi och vill Lëtzebuerger benotzen

Et ass dofir wichteg am Kontext vun der Zwangsaarbecht an der Erënnerung oder Net-Erënnerung dorun, der Entschiedegung oder Net-Entschiedegung, op déi ganz interessant a gutt recherchéiert Aarbecht vum Wolfgang Schmitt-Koelzer hinzeweisen, déi grad erauskomm ass mam Titel: "Bau der "Reichsautobahn" in der Eifel (1939-1941/42). Eine Regionalstudie zur Zwangsarbeit".

Déi "Reichsautobahn", déi d'Nazi-Propaganda mat vill Opwand als die "Straßen des Führers" verherrlecht huet. D'Legend, dass den Hitler net nëmmen d'Autobunn baue gelooss, mee se och erfonnt hätt an duerch hire Bau d'Aarbechtslosegkeet iwwerwonnen hätt, huet sech bis haut gutt gehalen. De Wolfgang Schmitt-Koelzer ënnersträicht, dass weder dat eent nach dat anert stëmmt. Déi éischt Autobunnen sinn an den USA entstanen. An an Däitschland selwer schonns an den 20er Joren, also ënnert der Weimarer Republik. Hire Bau huet an de Joren no der Kris pro Joer maximal 130.000 Leit Aarbecht ginn, dat heescht zwee Prozent vun den Aarbechtslosen. An d'Reichsautobahnen sinn dobäi nach aus de Mëttelen vun der Aarbechtsonfallversécherung bezuelt ginn.

Seng Regional-Studie iwwert de Bau vum "Reichsautobahn-Abschnitt Montabaur-Koblenz-Wittlich-Trier-Landstuhl" - also déi, déi vill Lëtzebuerger benotzen fir op Frankfurt-Hahn ze fueren - erënnert virun allem drun, dass hei Dausenden Zwangsaarbechter niewent sougenannten "Reichsarbeitdienstverpflichteten" schikanéiert an ausgebeut goufen.

Wéi de Wolfgang Schmitt-Koelzer um Ufank vun senger Studie weist, hunn hei haaptsächlech dräi Firmen vun der Zwangsaarbecht profitéiert: d'Firma Krutwig vu Köln, d'Firma Straßenbau AG Berlin, bekannt ënnert dem Numm STRABAG, an d'Bauunternehmung Holzmann AG. Zur Fro vun den Entschiedegungen: D'Firma Krutwig ass Enn de 50er Joren faillite erkläert ginn an ass esou der Verantwortung entgaangen. D'Firma Holzmann huet iwwer dausend jüddesch Häftlingen als Zwangsaarbechter agesat ouni jee eng Entschiedegung ze bezuelen. Si huet nach séier 1999 faillite erkläert.

D'Firma STRABAG gëtt et nach haut a se realiséiert och Bauprojeten zu Lëtzebuerg. 1941 huet si am Bau-Abschnëtt tëscht Wittlich a Greimerath d'Betonsbedeckung vun der Autobunn duerchgefouert an hat e Lager zu Dorf ënnert sech. Wéi d'Regional-Studie präziséiert, waren an deem Lager politesch Zwangsaarbechter aus Lëtzebuerg agespaart. Studenten, déi opgemuckt haten, Beamten, déi vum Déngscht enthuewe gi waren, Fräiberuffler géint déi e Beruffsverbuet verhaange gi war. Si all sollten duerch sougenannt "Erdarbeiten" gedemütegt an disziplinéiert ginn. Den Editeur an Zwangsaarbechter Tony Jungblut huet direkt nom Krich am Tageblatt iwwert d'Roll vu STRABAG geschriwwen. Mee 2010 liest de Wolfgang Schmitt-Koelzer am "Nachhaltigkeitsbericht" vun STRABAG (mat Sëtz zu Köln): "Menschenrechtsverletzungen, die Vereingungsfreiheit, Kinder- und Zwangsarbeit betreffen, sind bei STRABAG noch nie eingetreten." Et freet een sech just firwat STRABAG sech dann un der Stëftung aus dem Joer 2000 fir Zwangsaarbechter ze entschiedegen, bedeelegt huet.

De Leidenswee vu Lëtzebuerger

De Wolfgang Schmit-Koelzer, Joergank 1951, gehéiert zu där Generatioun an Däitschland, déi d'Ligen an d'Schweigen vun der Pappe-Generatioun hannerfrot hunn, ganz einfach andeems se do gegruewen hunn, wou se stoungen. Vu Formatioun Politolog an an der berufflecher Bildung täteg, ass hien 1986 bei Recherchen zur Geschicht vu Manderscheid an der Vulkanäifel am Lokal-Archiv op Akten vu Krichsgefaangenen a politeschen Häftlingen un der "Reichsautobahn" gestouss. No senger Pensioun gouf eng Gedenkveranstaltung 2013 an der Autobahnkirche zu St. Paul bei Wittlich, duerchgefouert vum Netzwerk Gedenken vu Wittlich, mat Lëtzebuerger Bedeelegung, an d'Aweiung vun engem Denkmal zur Erënnerung un d'Zwangsaarbechter un der Autobunn, den Ustouss fir weider Recherchen ze maachen.

Erauskomm ass eng, an däitschen an auslänneschen Archiven, mee och an der ëmfangräicher Literatur zu Zwangsaarbecht an NS-Lager akribesch recherchéiert Detailaarbecht vu bal 400 Säiten, iwwer all déi Persounegruppen, déi ënnert onmënschleche Bedingungen un de "Straßen des Führers" an der Äifel hu misse bauen an an zirka 50 Lageren internéiert waren: vun de KZ-Häftlingen aus dem SS-Sonderlager Wittlich iwwer d'franséisch, polnesch a russesch Krichsgefaangener, d'auslännesch Zivilaarbechter, d'Justiz-Strofgefaangener, zu der grousser Grupp vun Zwangsaarbechter aus Lëtzebuerg.

D'Nimm vu Robert Krieps, Lambert Schaus, Jules Kutter, Georges Arendt, Pierre Biermann, Albert Wingert, siefen hei stellvertriedend fir all déi aner Lëtzebuerger genannt ginn, déi wéinst hirem Widderstand géint d'Nazien 1941 zur Zwangsaarbecht un der "Reichsautobahn" veruerteelt goufen an där hire Leidenswee vum Auteur am Detail beschriwwe gëtt. En neien an ausféierlechen Abléck gëtt d'Buch zum Schluss iwwert d'besonnescht Schicksal vun de 54 jüddeschen Zwangsaarbechter am Lager Greimerath, iwwer déi de Paul Cerf 1974 eng éischte Kéier geschriwwen hat. 36 vun hinnen goufen dono deportéiert, déi allermeescht sinn net erëmkomm.

Eent vun de ville Grënn firwat dëst Buch an all Bibliothéik gehéiert. Iwwregens: Vun ongeféier 1300 Zwangsaarbechter aus Lëtzebuerg, déi an Däitschland en Antrag gestallt hunn op Entschiedegung, hunn nëmmen 149 Persounen eng Entschiedegung kritt.