Radioen

On air

De Moien  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optrëtter vun auslännesche Politiker zu Lëtzebuerg

Wahlkampf

Optrëtter vun auslännesche Politiker zu Lëtzebuerg

Den tierkesche President krut an Däitschland verbueden, fir um Bord vum G20-Sommet opzetrieden a virun tierkesche Bierger, déi an Däitschland liewen, eng Ried halen. Déi ëmstridden Decisioun gouf offiziell ënnert anerem mat Sécherheetsbedenken justifiéiert. D'selwecht wéi an Däitschland gëtt et zu Lëtzebuerg keng spezifesch Gesetzer, déi d'Optrëtter vun auslännesche Politiker regelen.

auto_stories

4 min

Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser wollt Enn Mee an enger parlamentaresche Fro wëssen, ob et konkret Reegele ginn, déi definéieren, wat auslännesch Politiker zu Lëtzebuerg dierfen a wat net. An der Äntwert erklären déi zoustänneg Ministeren, et géif zu Lëtzebuerg generell jidderengem fräi stoen, seng Meenung ëffentlech ze soen. Déi europäesch Grondrechtscharta an déi europäesch Mënscherechtskonventioun géingen dat esou virgesinn.

Wann zum Beispill déi ëffentlech Sécherheet a Gefor wier, kéint d'Expressiounsfräiheet ageschränkt ginn. Do gëllt den Artikel 10 vun der Mënscherechtskonventioun. Et géif grondsätzlech ëm d'Fro goen, ob et e Justifikatiounsgrond gëtt wann een u senger fräier Meenung gehënnert gëtt, erkläert den Droit-Professer vun der Uni Lëtzebuerg, Mark Cole.

Wahlkampfverbued fir auslännesch Politiker?

Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser gëtt sech net zefridde mat der Äntwert op seng parlamentaresch Fro. A sengen Aen gëtt et kee Recht fir an engem anere Land fräi fir seng politesch Iwwerzeegungen ze werben. Et géif an de Konventiounen iwwert sozial a politesch Fräiheete kee Grondrecht ginn, dat engem géif erlaben, fir eng aner Partei oder aner Iddien am Ausland Reklamm ze maachen. "Dat ass vill méi komplizéiert an eng diplomatesch ganz sensibel Saach."

D'Regierung géing sech mat hirer Positioun d'Recht virbehale fir arbiträr z'entscheeden, wéi een auslännesche Politiker a Lëtzebuerg dierft optrieden a wien net, kritiséiert de Fernand Kartheiser. D'Diskussioun wier méi komplex, wéi d'Regierung se an hirer Äntwert op seng parlamentaresch Fro duergestallt hätt. Am franséische Wahlkampf hätt de Mouvement République en marche och zu Lëtzebuerg hir Stänn gehat an dat wier jo och kee Problem gewiescht. D'Politiker vum Front national dogéint wieren zwar zu Schengen gewiescht, mä wëllkomm ware si net.

"Et muss een ëmmer wëssen, wéi wäit een an der Toleranz géigeniwwer auslännesche politesche Parteien geet an ob et net problematesch ass fir den Ënnerscheed tëscht deenen engen an deenen aneren ze maachen."

De Fernand Kartheiser plädéiert dowéinst fir e komplette Wahlkampfverbued fir auslännesch Politiker hei zu Lëtzebuerg.

Meenungsfräiheet, egal wat fir eng Nationalitéit

Den Alex Bodry, LSAP-Franktiounschef a President vun der Chamberjustizkommissioun ass mat deenen Aussoen net averstanen. An enger Demokratie an an engem Rechtsstaat géifen et keng Gesetzestexter ginn déi an iergendenger Form d'Ausübe vu politesche Rechter aschränke géif, dat misst een Deputéierte senger Meenung no och wëssen.

"Dat heescht u sech ginn et keng normativ Regelen hei zu Lëtzebuerg. Alles wat net zu Lëtzebuerg verbueden ass, ass natierlech erlaabt, soudass déi voll Meenungsfräiheet an d'Versammlungsfräiheet och gëllen. Nëmme wann d'ëffentlech Sécherheet a Fro gestallt gëtt, kann et zu engem Verbuet kommen. An anere Fäll gëllt hei, datt jidderee ka seng Meenung äusseren, egal wat fir eng Nationalitéit een huet a wat fir enger Partei dass en ugehéiert."

D'Ponts et Chaussées wieren doriwwer eraus responsabel fir d'Wahlplakater laanscht d'Stroossen, egal ob se vun enger lëtzebuergescher oder enger auslännescher Partei wieren, esou den Alex Bodry. D'Opriichte vu Stänn wier doriwwer eraus a Gemengereglementer gereegelt.

Bis elo hätten d'Ponts et Chaussées nach keng Ufro aus dem Ausland kritt, fir Wahlplakater op ze stellen, heescht et op Nofro hin. Et géif een enger entspriechender Ufro net nokommen, seet de Pressespriecher vun de Ponts et chaussée dem 100,7 Enn Abrëll. Si wéilte kee Präzedenzfall schafen.

Fräi Meenungsäusserung prioritär

Et gëtt zu Lëtzebuerg kee spezifescht Gesetz, dat regelt, wat en auslännesche Politiker hei am Land dierf a wat net, esou de Mark Cole. Dat mécht dem Droit-Professer no och Sënn: D'selwecht wéi fir all anere Bierger géifen hei déi allgemeng Gesetzgebung an d'EU-Mënscherechtskonventioun gëllen. Op Basis dovunner misst jeeweils am Eenzelfall gekläert ginn, ob een Optrëtt eventuell verbuede gëtt.

Een demokratesche Rechtsstaat sollt am Zweiwel ëmmer der fräier Meenungsäusserung Prioritéit ginn, fënnt de Mark Cole. Och wann et ëm extrem Meenunge goe géif. Trotzdem ass hien der Meenung, datt zum Beispill den Opruff fir d'Doudesstrof nees anzeféieren, een Optrëttsverbuet kéint justifiéieren.

"Et wier wahrscheinlech een Thema, bei dem ee soe kéint, datt ee Justifikatiounsgrond virleie géif. Et kéint ee soen, datt ee fir illegal Moossname werbe wéilt an datt mir dat géifen ënnersoen."

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry plaidéiert dofir, datt de Critère vun der fräier Meenungsäusserung besonnesch héich gehale gëtt. Souguer Optrëtter, bei deene sech auslännesch Politiker zu Lëtzebuerg wéilte fir d'Doudesstrof ausschwätzen, misst een zouloossen, soulaang dobäi alles friddlech ofleeft.

D'selwecht wéi och soss bei Aschränkunge vu Grondrechter, misst am Zweiwelsfall ee Geriicht tranchéieren, ob et an enger konkreter Situatioun justifiéiert ass d'Meenungsfräiheet ze limitéieren oder net.