"An der App huet een da mëttlerweil d'Méiglechkeet, sechs Touren erofzelueden, déi iwwer d'ganz Musel verstreet sinn. Do hu mir Gréiwemaacher a Réimech als Städtetouren, mir hunn Duelem als Réimertour, Mondorf fir de Parc thermale an deen zu Manternach geet ëm d'Manternacher Fiels an d'Natur do ronderëm."
Dat seet d'Joëlle Kayser vum ORT Musel. En Highlight ass nach de Miseler Schëffstour, wou een Infoen zu béide Säite vun der Musel kritt, vu Schenge bis Waasserbëlleg. Vun deene sechs kann ee sech dann déi Visite eroflueden, op déi ee Loscht huet, an dat a véier verschiddene Sproochen, Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. Da fiert een op déi Plaz, déi ee sech ukucke wëllt, an "et start ee säin Tour, et mécht een den Handy an d'Täsch an d'Kopfhörer an d'Ouer an da kann et lassgoen. Während dem Tour kritt een da gesot, wou ee muss hi goen", sou d'Joëlle Kayser.
De Wäi steet am Mëttelpunkt
D'Muselregioun ass natierlech virun allem fir säi Wäi bekannt. Op guidéierten Touren, déi vum ORT ugebuede ginn, kann een e puer méi Infoen zum Wäin an den Drauwe siche goen. Do ginn et dräi Touren. Éischtens de "Riesling meets Muschelkalk", wou een méi zu der bekannter Wäinzort gewuer gëtt an och firwat de Wäi vun der Lëtzebuerger Musel anescht schmaacht, wéi deen an anere Wäigebidder.
Den zweeten Tour heescht "Wann d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit ...", sou d'Marie-Therese Sibenaler, Guide beim ORT Musel.
"Wa mir dann an de Wéngerte sinn, während der Drauwe-Bléi, da gesäit ee se natierlech an et stellt ee fest, datt dat eppes zimlech Onscheinbares ass, guer net ze vergläichen, mat zum Beispill Äppelbeem. Wat awer aussergewéinlech ass, wann een dann tëschent de Riewe steet, da richt een esou een apaart gudde Geroch."
E weideren Tour beschäftegt sech mat der Drauwelies.
Bei den dräi Toure gëtt et natierlech och e Pättchen dobäi fir ze schmaachen.