Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wanteraktioun: Hallschent vun de Capacitéite beluecht

Sozialaarbecht

Wanteraktioun: Hallschent vun de Capacitéite beluecht

Wärend de Wanterméint kréie Leit ouni Dag iwwer dem Kapp um Findel bei der Wanteraktioun d'Méiglechkeet sech virun der Keelt ze schützen. Dëse Wanter ware bis elo - änlech wéi de Wanter virdrun - am Duerchschnëtt 100 Better beluecht. Dat ass manner wéi d'Hallschent vun de Capacitéiten. Nieft enger Schlofplaz bitt d'Wanteraktioun och e Mëtteg- an en Owesiessen. Eng nei Tâche ass d'Sensibiliséierung viru Covid-19.

auto_stories

2 min

D'Wanteraktioun ass e Partenariat tëscht dräi groussen Acteuren aus dem soziale Secteur: der Croix Rouge, der Caritas an Interaction. An der Pandemie et och eng Entréesdier fir Accès zu medezinesche Servicer.

D'Sozialaarbechter informéieren d'Bewunner iwwer déi aktuell sanitär Mesuren a si kréien och en Iwwerbléck iwwer d'Corona-Infektiounen: jiddweree, deen an d'Wanteraktioun kënnt, mécht nämlech ee Schnelltest. Deen Test wier awer net obligatoresch, seet d'Cyrielle Chibaeff.

Et gi keng zentraliséiert Statistiken

D'Haaptmissioun wier et fir de Leit en Daach iwwer dem Kapp ze ginn, sou datt keen erfréiere misst. Dëse Wanter wieren eng 60 Leit positiv getest ginn, déi dann isoléiert goufen.

Méi genee Zuelen iwwer Covid-19 bei Leit ouni Daach iwwer dem Kapp gëtt et net: Déi verschidden Acteuren hunn al hir eege Statistiken, zentraliséiert gi se net. Et kann een dohier net soen, wéi d'Entwécklung bei de Sans-abrien ass.

Dat léich dorunner, datt et keng kloer Definitioun gëtt, wei eng Krittären eng Persoun erfëlle muss, datt se als Obdachlos gëllt, esou d'Cyrielle Chibaeff.

Covid19-Impfunge fir Sans-abrien

Et wonnert deemno net, datt net genau chiffréiert ka ginn, wéi vill Sans-abrie géint Covid-19 geimpft sinn. D'Wanteraktioun huet eng Partei Impfdeeg organiséiert: am Ganze goufen esou ronn 120 Leit geimpft.

Déi Zuel wier awer net representativ, seet de Sozialaarbechter André Soares. Médecins du monde géif weiderhi reegelméisseg Sans-abrien impfe, verschidde Leit hätten eventuell schonn eng zweet Dosis enzwousch anescht wéi an der Wanteraktioun kritt.

Et géife Servicer ginn déi dës Donnéeën zentraliséieren, sou datt assuréiert ka ginn datt déi Concernéiert ee kompletten Impfschema kréien.