Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannert de Kulisse vun engem Moudendefilé

Moud

Hannert de Kulisse vun engem Moudendefilé

D'Zeen gëtt ëmmer méi multipolar: Bal all Groussstad huet mëttlerweil hir eege Fashion Week. Och an der Groussregioun ronderëm Lëtzebuerg ginn et mëttlerweil Fashion-Eventer. Mir hu mat Organisateure geschwat.

auto_stories

7 min

Och zu Lëtzebuerg an, zum Beispill, Arel ginn et Fashion Eventer (Foto: Bigstock / katatonia82)

Nieft de "Big Four", deene gréisste Moudendefiléen zu New York, London, Mailand a Paräis, gëtt et mëttlerweil weider gréisser Fashion Weeks. D’Zeen vun der Moud gëtt ëmmer méi multipolar: Berlin, Los Angeles oder Madrid hu sech an der Lescht en Numm gemaach. Och hei am Land ginn et déi sougenannt Fashion Days.

D'Konzept vun der Moudewoch huet säin Ursprong zu Paräis, wou d'Geschäftsleit Fraen engagéiert hunn, hir Kleeder op ëffentleche Plazen ze droen. Dës Defiléë goufe mat der Zäit eegestänneg sozial Evenementer. Déi alleréischte Fashion Week gouf et awer zu New York am Joer 1943 während dem 2. Weltkrich.

Geschicht vun de Fashionmetropolen

An d'Liewe geruff gouf d’New York Fashion Week vum Eleanor Lambert, enger amerikanescher Moudejournalistin. D’Zil vun dëser Fashion Week war et d’Opmierksamkeet vun der Weltpress vun Europa a Richtung USA ze lenken. An Europa war wéinst dem Krich d'Interessi un der Moud kleng. Doriwwer eraus war eng Rees an Europa wéinst dem Krich net sou einfach. Duerch dëse Schachzuch gouf New York zur Fashionmetropol Nummer 1.

Mëttlerweil huet bal all Groussstad op der Welt hir eege Fashion Week: Nieft New York, London, Mailand a Paräis hu sech och Berlin, Kopenhagen a Beirut een Numm gemaach. Op dëse Moudewoche ginn op sëllechen Defiléen, déi neiste Kollektiounen an Trends dem Public presentéiert. Bei de Visiteuren handelt et sech dacks ëm Leit aus gehuewene Kreesser, Fachpublic, grousse Geschäftsleit a Prominenten.

Méi wéi "sech dohi setzen an eng Show kucken"

Imena Ginac ass eng Lëtzebuerger Fashion-Bloggerin. Si war selwer op der Berliner Fashion Week, a weess och wéi een un d'Invitatioun fir esou een Event kënnt. "Et schreift een E-Mailen un d'PR-Agence vun de verschiddenen Designer an da kritt ee gesot ob ee ka kommen oder net, an et kritt een och d'Zouso fir verschidde Eventer".

Wéi ass et als Visiteur op enger Fashion Week? Et wier effektiv esou glamouréis wéi een et um Fernseh géing gesinn, seet d'Imena Ginac. "Mee et realiséiert een, datt dat och vill méi een Job ass, wéi sech dohin ze setzen an eng Show ze kucken", sou d'Bloggerin. Esou wier ee permanent ënnerwee fir vun engem Défilée op een aneren ze lafen.

Jonk Designer aus der Regioun fërderen

An Tëschenzäit ginn et och an der Groussregioun ronderëm Lëtzebuerg Moude-Veranstaltungen. Zënter 2015 ginn et souwuel d’Lëtzebuerger Fashion Days, wéi och d’Lux Fashion Week zu Arel.

Béid Eventer hunn als Haaptzil jonk Designer aus der Regioun ze fërderen. D'Lux Fashion Week zu Arel wier duerch dës Iddi an d’Liewe geruff ginn, explizéiert d'Anne-Sophie Gérouville, d'Conceptrice vun der Lux Fashion Week. "Et ass gewosst, datt d'Designer Krämpes hunn fir vun hirem Talent ze liewen, bei eis an der Regioun. Dofir hu mir decidéiert een héichkarätegen Defilé ze organiséieren, ob enger Plaz, déi och dobäi passt. E soll eng Zort Vitrinn si fir d'Talenter aus der Province de Luxembourg an der Groussregioun".

Schwéier als Designer Fouss ze faassen

Ähnlech gesäit een dat bei de Fashion Days Luxembourg. A Lëtzebuerg wiere scho vill grouss Marken etabléiert, seet de Boubaker Almi, Generaldirekter vun de Fashion Days. "Grouss Marke brauchen eis net. Mir hu Loscht jonke Lëtzebuerger Designer eng Plattform ze bidden. Well si hunn et méi schwéier fir sech no baussen ze weisen". Op de Lëtzebuerger Fashion Days kënne sech déi jonk Fashion-Designer deemno mat schonn etabléierten Designer a mat Mouden-Haiser austauschen.

Als Fashion-Designer Fouss um Marché ze faassen, wier besonnesch schwiereg. Et feelt hinnen un den néidege Mëttele fir an d’Kommunikatioun z’investéieren oder fir sech mat aneren Designer ze rassembléieren, seet d'Anne-Sophie Gérouville. Dat gesäit de Boubaker Almi och esou: de sougenannte Start-Up-Designer-Award vun de Lëtzebuerger Fashion Days soll besonnesch talentéiert Designer – déi manner wéi 3 Joer Beruffserfahrung hunn – mat Geld an enger eegener Kollektioun belounen.

"Dat geet net duer"

D'Lux Fashion Week zu Arel wier nëmmen een Ufank fir de Jonken eng Chance ze ginn. "Dat geet net duer, et ass ee One Shot eemol d'Joer. Domat kann net jidderee sech muer Chanel ze nennen. Mee et ass scho mol ee gudde Start a Saache Visibilitéit", sou d'Anne-Sophie Gérouville.

Si fënnt et wichteg d'Leit drop opmierksam ze maachen, datt et gutt lokal Fashion-Designer ginn. Andeems een eppes vun engem Fashion-Designer aus der Géigend kafe géing, géing een eppes Guddes maachen, ënnersträicht d’Anne-Sophie Gérouville. "Et ass vläicht besser e bësse méi Suen auszeginn, mee domat dann awer eng Persoun ze ënnerstëtzen déi net wäit ewech wunnt, zemools wann déi eppes proposéiert, wat ee soss net fënnt". Et géif eben och drëm goen, ee lokale Marché ze fërderen, mam Hannergedanken, datt Talenter net an Osteuropa oder Asien ofwanderen.

All grouss Mark huet kleng ugefaang

Déi jonk an net-etabléiert Designer a Stylisten aus der Regioun missten sech net virun deene grousse verstoppen, betount souwuel d’Anne‑Sophie Gérouville, wéi och de Boubaker Almi. All grouss Mark hätt eng kéier kleng ugefaangen.

D’Preparatioun vun engem Moude-Event wier een ni ofgeschlossene Prozess an et misst ee vill Zäit an Aarbecht investéieren. "Et ass een déi ganzen Zäit am Gaangen ze organiséieren – virum, während a nom Event. An all Kéiers probéiert een d'Saachen ze verbesseren", erkläert de Boubaker Almi vun de Fashion Days Luxembourg. Technescht Wësse wier wichteg fir eng Show ze organiséieren, et misst ee Prinzipe vun der Mise en scène beherrschen an op eng grouss Equipe kënnen zréckgräife fir Coiffure a Maquillage. D’Anne-Sophie Gérouville gesäit dat och esou: een Team wat gutt openeen ofgestëmmt ass, wier eng Viraussetzung fir de Succès vun esou engem Event.

Lux Fashion Week Arel: 400 Leit hannert der Bühn

Natierlech klappt net ëmmer alles: et kéint all Ament eppes schif goen, betount de Boubaker Almi. Séier ze reagéiere wier hei d’Devise: esou misst de Stylist a leschter Sekonn dacks nach Ännerungen un engem Kleed virhuelen oder een Ersatz fir ee Mannequin fannen, esou d’Anne-Sophie Gérouville vun der Areler Lux Fashion Week. Et sollt ee Problemer akalkuléieren: Dat erméiglecht eng schnell Reaktioun.

Fir ee gudden Oflag suergen och d'Leit hannert der Kuliss, erklären déi zwee Veranstalter. Een Zesummespill vun den ënnerschiddlechen Acteure wier besonnesch wichteg. Bei der Lux Fashion Week zu Arel wieren eng 400 Leit hannert der Kuliss gewiescht. D'Anne-Sophie Gérouville zielt op: "All Designer bréngt véier bis fënnef Coiffeure mat, bis zu véier Maquilleuren, zéng bis fofzéng Modelen, Leit déi bei de Retouchen hëllefen an Habilleusen, ee Fotograf, Sécherheetsleit an esou weider.

"Déi gëlle Mëtt fannen"

Ouni Sponsore wier een Event, ewéi d’Fashion Days oder d’Lux Fashion Week, net ze finanzéieren. D’Anne-Sophie Gérouville schätzt, datt d’Lux Fashion Week aus privater Täsch, tëschent 150.000 an 200.000 Dausend Euro kaschte géing.

Bei der Lux Fashion Week zu Arel, waren d’lescht Joer am Oktober ëm déi 1000 Visiteuren. Méi wéilt een net era loossen. Dat hätt seng Grënn, erkläert d’Anne-Sophie Gérouville: "Sou wéi de Sall konfiguréiert ass, kënne mer net méi Leit ophuelen. Doriwwer eraus wëlle mer zu ze vill sinn, fir datt de Publikum awer och nach eppes gesäit. Et geet also drëm déi gëlle Mëtt ze fannen".

Lëtzebuerger Fashion Days ausbauen

De Boubaker Almi betount sengersäits, datt d’Zuel vun de Visiteuren näischt iwwer d’Qualitéit vun engem Fashion-Event aussoe géing: Méi wichteg wier et, wien ënnert de Visiteure wier.

D’Lux Fashion Week zu Arel an d’Fashion Days hei am Land sinn nach jonk, mä déi zwee ënnerschiddlech Organisateuren hunn nach grouss Ambitiounen. Esou hofft de Boubaker Almi, datt een d’Lëtzebuerger Fashion Days an den nächste Joren op zwou Editioune pro Joer an op e puer Deeg ausbaue kéint: ganz wéi déi grouss Virbiller zu New York, London, Mailand oder Paräis.