Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Léift?

Prisma

Wat ass Léift?

De Gilles Retter stellt d'Fro, wat Léift ka sinn. Mat Hëllef vun engem griichesche Mythos probéiert hien eng Virstellung vu Léift ze definéieren, fir an engem zweeten Deel op d'Virstellunge vu Léift an der haiteger Gesellschaft anzegoen. Wat huet Léift mat der Sich no Sënn ze dinn oder anescht ausgedréckt: hunn d'Beatles Recht, wa si sangen "All you need is love, love is all you need"?

auto_stories

9 min

D'lescht Woch war Vältesdag, den Dag vun de Verléiften, den Dag, wou ee vläicht alt mol probéiert mam Saz derlaanscht ze kommen: "Dat ass dach just kommerziell, fir datt Blummebutteker méi Sue maachen", oder "Ech brauch dach keen extra Dag fir eppes ze schenken oder deem aneren ze weisen, datt ech frou mat ëm sinn".

Leider funktionéieren dës Relativisatiounen net ëmmer, an dann heescht et awer, sech e romantesche Geste afalen ze loossen. Meeschtens ass dat dann awer e finanzielle Geste, deen net onbedéngt dat zum Ausdrock bréngt, wat ee fillt. Mee souvill zur Traditioun vu Vältesdag an der iwwerflächlecher Kritik un deem Dag. Eis soll haut méi de Label vun deem Dag, also d'Léift interesséieren. Fir genee ze sinn, déi romantesch oder erotesch Léift tëschent zwou Persounen.

De Mythos vun de fréiere Mënschen

D'Philosophie huet sech och ëmmer nees Gedanken ëm d'Léift gemaach, wat se ass, wéi se ausgelieft soll ginn, wéi se zu bestëmmten Zäite wouergeholl muss ginn. Dozou e klengen, ganz berühmte Mythos, deen de Platon den Aristophanes a sengem Dialog "Symposium" erziele léisst.

Dem Platon säin Dialog fänkt domadder un, datt sech während engem Banquet, wou gutt gebechert gouf, verschidde Participante bereet erklären, eng Luefried op de Gott Eros ze halen. Also de Gott vun der Léift. Ee vun deenen ass dann och den Dichter Aristophanes, deen eis de Mythos vun de Kugelmënschen erzielt.

Hien erkläert, datt déi mënschlech Natur ufanks am Fong eng ganz aner war wéi haut. D'Mënsche wieren do éischter kugelförmeg gewiescht, hätte véier Hänn a Féiss gehat, zwee Gesiichter, mat jeeweils zwee Oueren, dat Ganzt gedroe vun engem décke kreesronnen Hals. Hir Gesiichter hunn also an entgéintgesate Richtunge gekuckt. Mat hiren aacht Glidder konnte sech dës Mënsche ganz séier fortbeweegen, well si och wéi Turner ouni Problem d'Rad schloe konnten.

Strof vun de Gëtter

Elo gouf et bei eise Virfaren net just zwee Geschlechter, mee et gouf der dräi. Eent, dat ganz männlech war, eent dat ganz weiblech war, an eent, dat souwuel männlech, wéi och weiblech war. Dës Kugelmënsche waren immens staark a couragéis an hunn et an hirem Iwwermutt och gewot, d'Gëtter erauszefuerderen. Den Zeus, ieweschte Gott an der griichescher Mythologie, konnt dat natierlech net zouloossen, sou datt si um Olymp doriwwer beroden hunn, wéi d'Mënschen ze bestrofe wieren.

Well d'Gëtter et genoss hu fir ugebiet ze ginn an Affer duerbruecht ze kréien, wollte si d'Mënschen net ganz vernichten, mee si sollten awer zolidd geschwächt ginn. Dëst huet den Zeus gemaach, andeems hien d'Mënschen an zwee Deeler geschnidden huet, sou datt si just nach op zwee Bee gelaf sinn, mat just nach engem Gesiicht an och just nach zwee Äerm an zwou Hänn. Dobäi huet hie sech gesot, datt wa si sech elo net géifen zëssen, géif hie si einfach nach eng Kéier an zwee deelen, sou datt si da just nach op engem Bee géifen hopsen.

D'Sich no der Vereenegung

Déi elo zweebeeneg Mënschen hunn extrem ënner der Trennung gelidden an hu probéiert, duerch d'Ëmschlénge vun deem anere sech nees ze vereenegen. Well si dunn awer soss näischt méi gemaach hunn, sinn der ëmmer méi am Leed erhéngert. Fir dat ze verhënneren, huet den Zeus hir Geschlechtsdeeler no vir verluecht an hinnen esou d'Méiglechkeet ginn, sech op d'mannst kuerzfristeg ze vereenegen. Zugläich krute si doduerch och d'Fäegkeet, fir sech fortzeplanzen.

Sou goufen d'Mënschen dank dem Zeus nees liewensfäeg, mee si leiden awer bis haut ënner dem Verloscht vun hirer anerer Hallschent. Dat géif sech virun allem am sexuelle Verlaangen, mee och an der sexueller Orientéierung weisen, sou géifen déi, déi virdru ganz Mann waren, sech zu Männer higezu fillen, déi ganz Fra ware géifen no anere Frae verlaangen, an déi, déi déi zwee Geschlechter virdrun haten, wieren deemno als eenzeg heterosexuell. Fir den Aristophanes waren dann och déi männlecht Männer, déi, déi sech haut zu anere Männer higezu fillen, well si jo virdru ganz Mann waren.

De Mythos wëllt soen, datt den Eros, also de Gott vun der Léift, dobäi hëlleft, fir datt ee seng aner Hallschent zeréckfënnt, déi ee méi staark mécht an aus zwee Deeler eng Eenheet mécht. Dem Aristophanes no géif de sexuelle Genoss eleng net duer goen als Erklärung firwat Mënschen, déi hir Eenheet fonnt hunn, e ganzt Liewe laang zesummebleiwen, dacks ouni iwwerhaapt kënnen ze erklären, wat genee si vunenee wéilten. Dëst wier e Rätsel, dat si just erahnen, e Rätsel fir dat de Mythos hei eng Erklärung gëtt.

D'Industrie ëm d'Léift

Dëse bësse bizaren awer romantesche Mythos geet eis haut natierlech net méi duer als Erklärung, wat Léift dann elo ass, och wann eis déi Virstellungen, wéi een zum Beispill um Lëtzebuerger Ausdrock "vun der besserer Hallschent" erkennt, net friem sinn. Méi nach, d'Virstellung vun der Léift als sënnstëftend ass haut omnipresent. Et gëtt an Tëschenzäit eng ganz Industrie, déi mat der Léift hir Sue mécht, hei ginn Dating-Apps ugebueden, Ratgeber, Datingcouchen, Psychologen, Dating-Säiten an Algorithme mat héich sophistiquéierte Kritäre fir déi perfekt Partnerwiel.

Dat ass och net verwonnerlech a kann een, muss een awer net, kritesch gesinn. Eng staark individualiséiert Gesellschaft, an där ee permanent Decisioune muss huele fir sech glécklech ze kafe respektiv sech glécklech ze wielen, geet och hei dovun aus, datt e Partner no bestëmmte Kritäre muss ausgewielt ginn. Jo als Individuum, dat sech ganz vill muss a wëllt mat sech selwer beschäftegen, huet ee jo och dee bescht méigleche Partner verdéngt.

Eng systematesch Sich no der Léift

D'Iwwerspëtzung vun deem Prinzip ass d'Sich no ëmmer neie Partner, déi dann och suggestiv duerch d'Checklëschte falen, an der Hoffnung, datt déi duerch Erfahrung verfeinert Kritären zu besseren Erfollegchancë wäerte féieren, respektiv en erliefte Verléiftheetszoustand, wéi am Ufank vun enger Bezéiung, op déi Aart a Weis esou laang wéi méiglech verlängeren. Ähnlech wéi beim Kaf vun enger neier Kaffismaschinn ginn Tester gelies, ginn Erfarungsberichter matenee verglach, ginn nei Modeller mat neie Featuren als potentiell besser ugesinn. Firwat sollt eng Approche, déi fir alles soss am Liewe funktionéiert, net och an der Léift zu méi Erfolleg féieren?

Mee dat entsprécht net eisem Verständnis vum Gefill, d'Léift sollt eppes Metaphysesches hunn, eppes, wat ee wéi e Blëtz trëfft, eppes Schicksalhaftes, et soll eppes sinn, dat eisem Quotidien entgéintleeft, eppes, deem mir ausgeliwwert sinn, well et méi staark ass, wéi mir selwer, eis Rationalitéit iwwersteigt. Alles Begrëffer, déi staark u Relioun erënneren an dat, wa méiglech och net vun ongeféier. Dës reliéis Konnotatioune ginn och nach weider an den Erwaardungen, déi mir un d'Léift stellen: "Déi aner Persoun gëtt mengem Liewen eréischt e Sënn", "Eréischt duerch d'Vereenegung sinn ech wierklech komplett", "An der Léift hunn ech meng Erfëllung fonnt".

An ëmgedréit schéngt d'Sich no der Léift vum Liewen enger spiritueller Sich ze gläichen, no Erfëllung an Absolutioun. Dës Begrëffer erënneren natierlech staark u reliéis Begrëffer a waren zum Beispill am Chrëschtentum éischter fir d'Erléisungsversprieche vu Jesus virgesinn. An enger sekulariséierter Welt oder an engem sekulariséierten Europa, geet d'Heelsverspriechen iwwer d'Léift zu Gott ville Leit awer net méi duer.

Léift als Relioun?

D'Erfahrung vum Verléift sinn, déi ouni Zweiwel eng vun deenen intensiivste mënschlechen Erfarungen duerstellt, an d'Iddi, datt dës Erfahrung eppes Transzendentes huet, verleet dann och ganz gär zur Iwwerzeegung, datt dëse Prozess net just biologesch an hormongesteiert ass, mee eppes Magesches huet, eppes dat eiser Existenz Sënn gëtt. Ob dës Virstellungen der Léift vläicht e bëssen ze vill ofverlaangen, dierf hei nach oppe bleiwen, mee et schéngt awer, wéi wann d'Léift als sënnstëftend Element eng ganz zentral Roll an eiser Gesellschaft huet. Mir feiere se gär op Hochzäite, fir déi mir laang plangen, sinn och nach bereet, just heivir an d'Kierch ze goe fir dësem Evenement kennen déi ugepasste Wichtegkeet ze ginn.

Kann een deemno net soen, datt d'Léift, wéi mir se haut gäre gesinn, zu enger neier Relioun ginn ass, mat de Psychologen, Koppelberoder, Romancieren an amerikaneschem Popocornkino als nei Paschtéier an Heelsverkünder? Et weess een et net ...

Striewen no Popularitéit a Sexappeal

An eng ähnlech Richtung denkt de Sozialpsycholog Erich Fromm a sengem populäre Buch "Lieben ist eine Kunst". Hie mengt, datt de Problem vun deene meeschte Mënschen net doranner besteet Léift ze fannen, respektiv Léift ze empfanne fir en anere Mënsch, mee doranner, datt si wëllen, datt ee Léift fir si empfënnt. Dofir maache si dann och ganz vill fir liebenswert oder aimable ze sinn oder ze ginn.

Mir striewen no Popularitéit a Sexappeal. Ähnlech wéi virdrun ugeduecht, seet hien, datt et de Mënschen haut virun allem dorëm geet, hire Wäert als mënschlechen Artikel um Tauschmaart vum Individuum ze erhéijen. Dem Fromm no misst et deemno zu engem Ëmdenke kommen, en Ëmdenken, dat Léift a Léift empfannen als Konscht begräift, eng Konscht, déi ee ka léieren a wouranner een och besser ka ginn.

Léift ass eng Konscht

An deem Kontext weist hien zum Beispill drop hin, datt och Selbstléift eng Bedéngung ass, fir iwwerhaapt kënne Léift fir en Aneren ze empfannen. Deemno wier Léift net just e Gefill, dat kommen a goe kann, mee eng Konscht, déi u Viraussetzunge gebonnen ass, dat selwecht gëllt fir hie fir d'erotesch Léift, déi mir hei mat der Virstellung vun der romantescher Léift gläichsetze kënnen.

Och hei geet et net just ëm e Gefill, mee och ëm e Wëllen, eng bewosst Entscheedung an e Verspriechen, dat sech ofgrenzt vu sexueller Loscht, vum Wonsch, deen aneren ze besëtzen an der Angscht eleng ze sinn. Sou seet hie weider, datt eng Bedéngung vu Léift tëschent zwou Persounen och d'Léift zu anere Mënschen ass, soss wier et net vill méi, wéi zu zwee eleng ze sinn. D'Fäegkeet fir ee gär ze hunn, ass deemno eppes, dat ka geléiert ginn, wann een domadder ufänkt, sech déi richteg Froen ze stellen.

An deem Sënn kann ee jo da vläicht nächste Vältesdag op seng Konscht an der Léift verweisen, un där een un deem Dag dann ëmsou méi wäert schaffen. Oder et verweist een op de Mythos an erkläert, datt de Béierbauch am Fong e gutt Zeechen ass, well e jo am Fong de Kugelmënsch schonn undeit.