Radioen

On air

Resonanzen  |  "Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Resilienz?

Generator

Wat ass Resilienz?

Resilienz ass e Wuert, wat muencher aus der Ekonomie oder Ekologie kennen. Anerer kënne sech dorënner net vill virstellen. D'Lara Bousch huet sech mam Norry Schneider a mat der Katy Fox vum Centre for ecological learning, ofgekierzt CELL, ënnerhalen. Och mam Hibléck, wat systemescht Denken eis an dëser Kris ka bréngen.

auto_stories

2 min

Mat Resilienz beschreift een, wéi stabil e System ass, bzw. wéi séier ee sech vun engem Agrëff wéi zum Beispill enger Kris kann erhuelen. All System vu kleng bis grouss huet eng gewësse Resilienz par Rapport zu äussere Faktoren, déi e stéiere kënnen. Besonnesch gutt kann een dat an der Natur gesinn. Natierlech Systemer, déi méi resilient sinn, sinn och meeschtens méi divers. Eng Monokultur ass am Fall vun engem Krankheets- oder Schädlingsbefall vill méi bedroht, wéi méi eng divers Kultur. Dëst kann een zum Beispill an eis landwirtschaftlech Systemer iwwerdroen oder awer och a gesellschaftlecher.

Vu datt mir fir de Moment an enger sanitärer Krise stiechen, erkläert d'Katy Nox, wat dat fir d'Resilienz vun eiser Gesellschaft heescht:

"Mir hunn nach ni op eng global Pandemie misse reagéieren, och net als Mënschheet, als Lëtzebuerg. Dat heescht et ass am Fong eng mega Opportunitéit fir ze kucken, wéi kënne mer kollektiv léieren. An déi heite Kris huet jo ganz gutt gewisen, wéi déi sozial Systemer a ville Länner net genuch finanzéiert goufen an da lo extrem Schwieregkeeten hunn ... Ech denken, datt mer alleguerten a richtegen Ekosystemer existéieren an déi sinn ebe méi kleng wéi Lëtzebuerg. Mee et sinn eben déi Saachen, déi een am Lokale mécht, déi hu jo och Impakter op de ganze System, déi sinn eben sou anenee verschachtelt. An ech denken, datt een do lo net muss vun der Komplexitéit Angscht hunn."

Effektiv d'Komplexitéit mécht, datt ee sech Iwwerfuerdert fillt a guer net eréischt ufänkt sech Gedanken ze maachen. Mee de Norry Schneider huet do en zousätzleche Punkt:

"Schonn eleng ze akzeptéieren, datt mer an deenen Dilemmata sinn, hëlleft eis eigentlech och nei Léieren ze zéien. Ze wëssen, datt mer och elo net direkt eng Äntwert op alles hunn, mee bereet sinn déi richteg Froen ze stëllen, ass och en Deel vu Resilienz stäerken. Well wa mer duerno sollten an eng Aart Normalitéit zeréckkommen a mir maachen dat oniwwerluecht, hu mer vläicht all eis wichteg Froe vergiess an dat wär jo Schued."