Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat feiert Lëtzebuerg?"

Fräie Mikro

"Wat feiert Lëtzebuerg?"

En Donneschdeg den Owend ass erëm d'Volleksfest virum Nationalfeierdag. Een Datum, deen net mat engem historesche Moment an eiser Geschicht verbonnen ass. An dat wier vläicht och gutt esou.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Nom Kinneksdag am 19. Joerhonnert koum de Groussherzogin Gebuertsdag am 20. Joerhonnert. Eréischt 1962 ass den Nationalfeierdag vum eigentleche Gebuertsdag vun der Monarchin lassgekoppelt ginn. D'Klimabedéngungen hunn d'Autoritéite vun deemools beweegt, dat nationaalt Volleksfest op den 23ten Juni ze verleeën.

"Net mat engem historesche Moment verbonnen"

Deen Dag wou de Patriotismus héich an der Gonscht steet, wou déi rout-wäiss-blo Fändelen op ville Fassaden hin an hier flatteren, a wou d'Sonndesrieden dat nationaalt Gefill mat vill Pathos beliewen, ass also net mat engem historesche Moment an eiser Geschicht oder mam Doudesdag vun engem markante Personnage verbonnen. An dat ass villäicht och gutt esou.

Et wier nämlech net einfach en Datum auszesichen, deen an der Geschicht vu Lëtzebuerg esou prägnant ass, datt een ouni Weideres kéint behaapten, datt domat d'national Identitéit definitiv verankert gouf. Et sinn zwar e puer där Momenter ginn, déi d'Lëtzebuerger Geschicht gepräägt hunn, mee mir hate kee "Rütlischwur" an och keng Stiermung vun der Bastille.

Wee zur Onofhängegkeet

Lëtzebuerg war laang Zäit de Spillball vun auslännesche Muechten, an nëmmen duerch d'Rivalitéit vun de Prënzen, Kinneken a Kaisere krut d'Land 1839 en Onofhängegkeet-Siegel. Dee war allerdéngs ganz relativ, well eng enk Verbindung mam hollännesche Kinnek weider bestanen huet. Wéi 1890 d'Monarchie een eegestännegen Troun krut, sinn zwar nei Weiche geluecht ginn, mee déi politesch a wirtschaftlech Richtung huet d'Ausland weiderhin zu engem gudden Deel matbestëmmt.

De Neutralitéitsstatus, dee Lëtzebuerg ab 1867 genoss huet, war vun de grousse Muechten imposéiert ginn. D'Festung vun der Haaptstad huet missen ofgeschleeft an deelweis zerstéiert ginn. D'Memberschaft an der däitscher Zollunioun ass bis zum Enn vum éischte Weltkrich weidergelaf. D'Vollek ass eréischt 1919 an engem Referendum ëm seng Meenung gefrot ginn, woubäi d'Verbindunge mat den Nopeschlänner een Haaptthema bliwwen ass.

Sollt iergendeen d'Illusioun gehat hunn, datt eist Land seng Stellung trotzdem eegestänneg ausbaue kéint, deen huet am 2. Weltkrich staark misste schlécken, wéi Nazidäitschland Lëtzebuerg vun der Weltkaart ausradéieren wollt. Déi brutal Friemherrschaft huet d'Vollek zwar zesumme geschweesst, mee Gesellschaftskonflikter sinn awer net ausbliwwen. Souwuel viru wéi nom Krich. Dank der Ënnerstëtzung vum amerikanesche Marshall-Plang konnten d'europäesch Länner sech du relativ séier erkréien, a Lëtzebuerg huet sech vun deem Moment un demonstrativ mat anere Muechten a gréisseren Allianzen zesummegeschloss.

Komplexitéit, déi Lëtzebuerg ausmécht

Haut nach, villäicht méi wie jee, weist sech Lëtzebuerg op der internationaler Bühn gär als politesche Vermëttler tëschent anere Muechten. Um wirtschaftleche Plang bitt eist Land sech och gär un als zentralen "Hub" fir Europa, als "Golden Gate" fir Wuerenhandel a Finanzdéngschtleeschtungen. Do spillen Date wéi den 23. Juni um nationale Plang oder den 9. Mee um europäesche Plang eng niewesächlech Roll. A wa Lëtzebuerg seng Nationalfeier huet, da feiert net nëmmen d'Halschent vun der Bevëlkerung mat, déi e lëtzebuergesche Pass huet, mee jiddereen, deen hei wunnt a schafft. Egal wat fir eng Sprooch e schwätzt a wéi laang e sech schonn hei niddergelooss huet.

Wéi Lëtzebuergesch soll Lëtzebuerg sinn? Wéi europäesch soll Lëtzebuerg sinn? Wéi international soll Lëtzebuerg sinn? Dat sinn alles berechtegt Froen, mä d'Äntwert ass net einfach ze fannen. Et ass villäicht grad d'Komplexitéit vun eiser Geschicht an eiser Gesellschaft, déi Lëtzebuerg ausmécht. Eng Platz eben, wou jiddereen een Deel vu sech selwer erëmfanne kann.