Radioen

On air

Kultur um 5  |  Magnus & John - Sublime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat heescht et gutt ze liewen?

Prisma

Wat heescht et gutt ze liewen?

"Wann et dem Land gutt geet soll et de Leit nach besser goen". Dëse Saz vum Xavier Bettel ass den Ausgangspunkt vun enger Reflexioun iwwer dat, wat et heescht gutt ze liewen, net just zu Lëtzebuerg, mee am allgemengen. Wat heescht et am 21. Joerhonnert sënnvoll a gutt ze liewen? Ass dat haut méi einfach wéi vir eis Elteren a Grousselteren? Misste mir dann net all vill méi glécklech sinn, bei all deenen Angeboter, déi eis Gléck als Konsumgut verkafen?

auto_stories

12 min

Kanner schénge méi dacks glécklech ze si wéi Erwuessener. Foto: Bigstock / Volurol.

Esouguer d'Wëssenschaft beschäftegt sech haut mat der Fro vum Gléck, moosst Gléck bei de Leit an d'Gléck vun de Länner. D'Philosophie dogéint huet sech d'Fro nom glécklechen a gelongene Liewe scho virun 2.400 Joer gestallt an huet och Äntwerte fonnt, wat et brauch fir als Mënsch gutt ze liewen.

"Wann et dem Land gutt geet soll et de Leit nach besser goen". Sou den neigewielte Premier Xavier Bettel a senger Regierungserklärung vum 11. Dezember. Datt et de Leit soll gutt a besser goen, schéint dobäi an der Dot e luewenswäert Ziel ze sinn.

Bezitt "gutt goe" sech op Finanzen?

Bei dësem Saz bezitt sech de Premier natierlech virun allem op d'Finanzen, also op d'Iddi, datt d'Leit méi Sue sollen hu fir méi kënnen ze consomméieren. Et dierf een den Här Bettel awer vläicht och eng Kéier wiertlech huelen a sech froen, wat "gutt goen" dann haut nach soss kann heeschen.

Déi meescht vun eis si sech jo duerchaus bewosst, datt d'Finanzen an de Wuelstand eleng nach net duerginn, fir gutt ze liewen. Mee vläicht hëlleft jo déi nei Drogepolitik, fir datt et eis besser geet.

Seng Erwaardunge erofsetzen

Eng aner Approche fënnt ee beim Anne-Marie Hanff, eng jonk Infirmière, déi an hirer Carte blanche op RTL och d'Fro nom gudden oder sënnvolle Liewe gestallt huet. D'Madamm Hanff huet opgrond vun hirer Praxis mat Mënschen, déi um Schluss vun hirem Liewe stinn, festgestallt, datt um Liewensschluss dat Schlëmmst fir déi meeschte Mënsche wier, wa si bis erausfannen, datt een net gelieft huet an elo wäert stierwen.

Si mengt, datt ee fir glécklech ze sinn, seng Erwaardunge misst erofsetzen amplaz se wieder eropzesetzen. Well géifen dës onerfëllt bleiwen, maachen se eis onglécklech. Och hätt nach ni een hir um Liewensenn gesot: "Ech wënscht, ech hätt méi Sue verdéngt!".

Wat ass e gelongent Liewen?

Ech géif gär un d'Iwwerleeunge vun der Mme Hanff uknäppen, a mech mat Hëllef vun der Philosophie froen, wat dann haut e sënnvollt Liewen oder och nach e glécklecht Liewen duerstelle kéint.

Dës ural philosophesch Fro no engem gelongene Liewen, kënnt eis haut scho bal lächerlech fir, si passt net méi an eis Aart a Wéis iwwer d'Liewen nozedenken. Si kléngt dogéint éischter wéi en Ratgeber fir eis am Supermarché vun de Sënn a Glécksangeboter besser erëmzefannen. Et ass awer och vläicht d'Angscht virun der Iwwerfuerderung, déi dës Fro mat sech bréngt, d'Iwwerfuerderung sech all de Méiglechkeeten an deenen enorme Fräiheeten déi mer hunn nach net glécklech gewielt ze hunn.

Mécht Besëtz glécklech?

Fir besser auszedrécke wat ech domat mengen: eng perséinlech Geschicht. Mäin Urgroussbop, deen ech nach d'Chance hat kennen ze léieren, hat zwee Kricher materlieft an hat am Verglach zu haut, wéineg Besëtz. Ech ka mech virun allem un hien erënneren, well e mech als Kand ëmmer op d'Säit geholl a gesot huet: "Hei, ech hunn eppes fir dech Gilles". Du krut ech eng Tut mat Botter, déi hien am Altersheem zesummegespuert hat, woumat ech als klenge Knirps vu véier Joer natierlech häerzlech wéineg konnt ufänken.

Haut stellen ech mir fir, ech géif dee Mann an e moderne Supermarché mathuelen, fir ëm ze weisen, datt haut kee méi Botter muss sammelen. Wier hien dovu begeeschtert oder éischter degoûtéiert, a kéint domadder iwwerhaapt näischt ufänken? Ech denken éischter dat Zweet.

Fréier goufen et méi kloer Wäertvirstellungen

E bësse karikatural duergestallt kann een och soen, datt eis Elteren nach mat klore Wäertvirstellungen, wéi ee gutt liewe soll, erzu goufen: Du muss schaffe goen! Du solls an d'Kierch goen! Du muss dech bestueden! Du géifs d'Iessen méi ze schätze wëssen, wann nees eng Kéier Krich wier, a sou weider.

Wäerter, déi net zur Debatt stoungen. Meng Generatioun, also d'80er, waren do nach méi vun engem neien, aus den 68 gebuerene Wäertkanon bestëmmt, deen ee vläicht folgendermoosse kéint zesummefaassen: "Et soll dir eng Kéier besser goe wéi eis". An dat an allen Hisiichten, wat Fräiheeten ugeet, wat Beruffswiel ugeet, wat d'Iwwerzeegungen ugeet, näischt méi war gesat, alles war méiglech.

Eng fräi Generatioun

Villäicht net alleguer, mee vill vu menger Generatioun ware schonn immens fräi: fräi an der Partnerwiel, fräi an der Beruffswiel, fräi fir Kanner ze kréien oder net, fräi beim Wiele vu Sënnstëftung a Relioun. Fräi awer och, fir hemmungslos ze consomméieren an sou en Deel vun enger Gesellschaft ze sinn, déi fräi ass vun humanisteschen Ziler, fir en alternativlose Wuesstem ze befeieren.

Datt Fräiheeten am Prinzip eng gutt Saach sinn, ass onkontestéiert, mee heibäi dierf een net vergiessen ze gesinn, datt een dës permanent Fräiheeten a Wielméiglechkeeten och emol aushale muss. Dobäi kënnt nach d'Fro, firwat een, trotz deene vermeintlech richtegen Decisiounen awer nach net glécklech ass oder net esou glécklech ass, wéi een dat hofft. Also war d'Decisioun vum Beruff awer vläicht net déi richteg, ass et awer net de richtegen Auto, net de richtege Partner, net dat, wat ee sech vum Liewen erwaart huet.

Den Individualismus, dee mir liewen, féiert hei dann engersäits zwar zu gudde Konsumenten, mee op där aner Säit vermëttelt eis d'Iwwerzeegung, datt mir als Individuum ganz speziell sinn, mir hunn et verdéngt fir glécklech ze sinn, hunn d'Verflichtung eis glécklech ze wielen.

Wat seet d'Wëssenschaft zum Gléck?

D'Wëssenschaft huet sech an de leschte Joren och ëmmer nees mam Gléck beschäftegt, dat natierlech ganz klassesch iwwer Ëmfroen. Dobäi ass erauskoum, datt et och einfach eng Predispositioun gëtt fir glécklech ze sinn, also platt gesot, datt d'Gene glécklech maachen. Donieft sti Faktore wéi Famill, Frënn, Gesondheet, Léift, Aarbecht, Wuelstand an och de Glawen.

Sou läit Lëtzebuerg an engem internationale World Happiness Report vun 2015-2017 ob der Platz 16, hanner der Belsch an Däitschland. Ginn ech allerdéngs duerch d'Groussgaass, kann ech net soen, datt ech hei ville gléckleche Leit begéinen.

Mécht Räichtum glécklech?

Nach e puer Zuelen aus der Glécksfuerschung: An de westlechen Industrielänner geet een dovun aus, datt vun engem Akommes vu 60.000 Euro am Joer un, d'Gléck net méi proportionell zum Akommes klëmmt. Wann déi grondleeënd Bedürfnisser bis erfëllt sinn, maache méi Suen zwar méi räich, awer net méi glécklech. Dobäi kënnt nach, datt dat relatiivt Akommes méi wichteg ass wéi dat absolut Akommes, dat heescht fir eist Wuelbefannen ass et méi wichteg, wat den Noper an den Aarbechtskolleg verdéngt, wéi iergendwellech super Räicher, déi net an eisem sozialen Ëmfeld sinn.

En anere Problem bei Räichtum ass, datt mir eis ganz séier dru gewinnen. Sou ginn an der Reegel sechs Méint duer, fir sech un eng Gehaltserhéijung ze gewinnen, respektiv fir sech un en neien Auto ze gewinnen, sou datt en eis net méi an deem Moss glécklech mécht. D'Fuerschung wëll dann och nach erausfonnt hunn, datt mir an der Mëtt vum Liewen am onglécklechste sinn, wärend mir an der Jugend, wou mir nach alles virun eis hunn, insgesamt méi glécklech wieren. Zum Schluss géife mir dogéint méi gedëlleg a genügsam ginn.

An der moderner Philosophie spillt Gléck keng Roll méi

D'Philosophie huet sech och ëmmer nees mat där Fro beschäftegt, dat awer virun allem am Altertum. Haut gehéiert dat Feld scheinbar virun allem a Liewensberodungsbicher, Selbstverwierklechungsguiden, der Psychologie oder och nach dem Yoga. An der moderner Philosophie spillt d'Thema awer keng grouss Roll méi.

Ganz anescht war dat bei den anticke Philosophen, wou d'Fro no sënnvollem Liewen an domat zesummenhänkend d'Fro nom Gléck eng ganz zentral Roll gespillt hunn. Si froen dobäi no engem gelongene Liewen, no Gléckséilegkeet. Et muss een allerdéngs dozou soen, datt d'Philosophie an der Antikitéit vun engem kosmologesche Weltbild ausgaangen ass. Dat heescht vun enger Welt, an där alles seng Uerdnung an alles seng richteg Platz huet.

Mir maachen alles opgrond vu bestëmmten Zwecker

E bësse plakativ kann een elo soen, datt d'Philosophie hei just een Zil hat, mat der Vernonft, also dem Denken erauszefannen, wou dem Mënsch seng Plaz an dëser Uerdnung wier. Wéi soll een deemno liewen, fir als Mënsch gutt ze liewen, wann ee kenger reliéiser Autoritéit méi nolauschtert, mee selwer driwwer nodenkt.

Sou argumentéiert zum Beispill den Aristoteles, e Philosoph aus dem 4. Joerhonnert viru Christus, an e Schüler vum Platon - een, dee se am Mëttelalter just nach "de Philosoph" genannt hunn - datt mir bal alles am Liewen opgrond vu bestëmmten Zwecker maachen. Sou gi mir schaffe fir Suen a vläicht nach Unerkennung ze hunn, mir striewen deemno no Muecht, fir méi Fräiheeten ze hunn, Sue fir méi Räichtum ze hunn, Unerkennung fir datt d'Leit eis gär hunn.

Alles ass Mëttel zu engem Zweck. Déi eenzeg Saach, déi net méi Mëttel zum Zweck wier, wier hei d'Gléck, wat beim Aristoteles Eudämonia heescht a mat Gléckséilegkeet oder gelongent Liewen, relativ ongenee kann iwwersat ginn. No dëser Gléckséilegkeet striewen alleguerten d'Mënschen. E Beispill: Firwat kafe mir eis schéi Kleeder? Fir gutt auszegesinn. Firwat wëlle mir gutt ausgesinn? Fir datt Leit eis attraktiv fannen. Fir wat solle Leit eis attraktiv fannen? Fir datt mir an d'Gespréich kommen, Frënn oder e Partner kenne léieren. Firwat wëlle mir e Partner? Fir glécklech ze sinn. Firwat wëlle mir glécklech sinn? Et weess een et net.

Mir sinn net fräi, fir eist Gléck ze fannen

Dës Fro ass schwiereg, sou datt d'Gléck hei en Zweck u sech wier. Den Aristoteles gesäit dobäi awer Gléck ganz pragmatesch a seet zum Beispill, datt et vu verschiddene baussechten a banneschte Faktoren ofhänkt, dobäi géif och den Zoufall eng wichteg Roll spillen. Zum Beispill dierf ee senger Usiicht no net ze aarm sinn an et bräicht een Nokommen. Donieft brauch ee Frënn, awer och glécklech Zoufäll sinn e Faktor.

Vum Kierper hier hëlleft et, wann ee schéin, gesond an athletesch ass. Bannescht oder séilesch Eegenschaften, déi ee sollt hunn, wiere couragéis an éierlech ze sinn. Wann dat alles net ginn ass, ass et senger Usiicht no schwiereg fir glécklech ze sinn. Mir sinn deemno net fräi, fir eist Gléck ze fannen, mee d'Gléck als gelongent Liewen ass och ganz staark vun anere Faktoren, Onglécker oder Schicksalsschléi ofhängeg. Déi gréisste Chance glécklech ze ginn, huet de Philosoph, deen der ieweschter mënschlecher Bestëmmung no ganz am Nodenke kann opgoen, a sech esou vun der Welt ka fräi maachen.

Mir kënnen net alles änneren

Eng kleng Anekdot, déi eng aner philosophesch Denkrichtung duerstelle soll: Stellt Iech vir, Dir wäert en Hond, dee mat enger Ketten un e Won gestreckt wier. Dir leit grad relax an der Sonn, du fänkt de Won u sech a Beweegung ze setzen an Dir gitt hannendru gezunn. Elo wësst Dir, datt Dir, wann Dir Iech net wiert, hanner dem Won hiergeschleeft gitt an Iech schlëmm Wonnen huelt. Du kennt Iech eng genial Iddi, et ass e schéinen Dag an Dir hutt Loscht op e Spadséiergang. Wéi Dir op Är Platz an der Sonn zeréckkommt, fillt Dir Iech angenehm erfrëscht a mierkt, datt d'Beweegung Iech gutt gedoen huet.

Dës Geschicht fënnt sech beim Zenon, e Philosoph, deen als Begrënner vun der Stoa gëllt, eng philosophesch Denkrichtung, déi dovun ausgeet, datt d'Welt vu vernënftegen a gëttleche Gesetzer bestëmmt gëtt, engem Logos. Mir kënnen an dëser Welt net alles änneren, wat mir gär géifen änneren. Also solle mir léieren ze erkennen, wat mir net ännere kënnen, an eist Schicksal esou hinhuele wéi et ass.

Mir kënnen awer eis Astellung änneren

Dat kléngt elo ganz fatalistesch, ass awer net esou gemengt. D'Stoiker soen eben, datt och wa mir verschidde Saachen net verännere kënnen, sou kënne mir eis Astellung dozou awer änneren. Genau wéi den Hond an der Geschicht deen, wann ëm näischt aneres iwwereg bleift, sech spontan zu engem Spadséiergang entschléisst. D'Zil vum Philosophéiere wier et hei, sech vun Ängschten, vu Suergen an awer och Gefiller an deem Sënn fräi ze maachen, fir méi glécklech ze sinn, a vläicht richteg ze liewen.

Ähnlech Iddie fannen sech awer och bei méi rezente Philosophe wéi dem Friedrich Nietzsche a sengem Wierk vun "amor fati", iwwersat mat: Léift zum Schicksal. Also akzeptéier däi Schicksal a sief frou domat!

D'Iddi ass, datt Schicksalsschléi oder Onglécker eleng eis nach net onglécklech maachen, mee d'Ausleeung dovun. Dem Stoiker no muss een also probéieren en Liewen ze liewen, dat sech esouwäit wéi méiglech vun dësen Onglécker fräi mécht. Sou maachen eis Gefiller wéi Näid, Angscht, Roserei, Trauer zu Sklaven, genausou d'Festhalen u Besëtz, Räichtum, Erfolleg an Unerkennung.

D'Léisung: Sech net attachéieren?

Wa mir eist Liewe mat der Juegd no deene Saache verbréngen, wäerte mir ni glécklech ginn. Mat anere Wierder: alles wat engem op iergendeng Aart a Weis kann ewechgeholl ginn, solle mir probéieren ze vermeiden oder op jiddwer Fall eis Astellung dozou. Kuerz gesot, mir sollen eis net attachéieren, un näischt a keen.

Ganz schwiereg ass dës Philosophie natierlech ze liewen, wann et ëm den Deuil vun engem geet, deen ee gär huet, well och dat gëllt et bei de Stoiker ze akzeptéieren, léieren. Hei kann ee vläicht besser verstoen, firwat fir vill Mënschen d'Virstellunge vun engem Jenseits, wou mir déi Leit, déi mir verluer hunn, nees zeréckfannen, esou attraktiv ass.

E Glawen deemno an deem, wéi am Chrëschtentum oder Islam, d'Léift d'Solutioun ass fir all eis Angoissen, an der Hisiicht, datt hei d'Mënschen, un déi mir eis attachéieren, net als potentiellt Ongléck gesi musse ginn. Doduerch, datt mir si och nach nom Doud zeréckfannen, sollen an dierfe mir eis ganz attachéieren.

Sech net vu Saachen ofhängeg maachen, déi een net kontrolléiere kann

Fir vill Mënschen an Europa ass d'Relioun awer net méi d'Alternativ fir mat der Angscht virum Verloscht ëmzegoen. Hei kënnen d'Stoiker dann awer vläicht hëllefe mat hirer Devis: Maach däi Gléck net dovunner ofhängeg wat net net an denger Muecht läit", oder "Attachéier dech e bësse manner, fäert e bësse manner, a lief d'Léift e bësse méi".

Fir nach kuerz op den uewe genannte Problem vun der ze grousser Fräiheet zeréckzekommen: Och do kënne mir déi antik Weisheet notzen, eis zeréck lehnen an eis a Geloossenheet üben. Net mir mussen eis glécklech wielen, mir musse just d'Astellungen zu eise Wënsch an Decisiounen änneren, se akzeptéieren, wéi se sinn an eis wéi den Hond iwwer de flotte Spadséiergang freeën.