Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat mécht de Conseil Supérieur de la Statistique?

Statistik

Wat mécht de Conseil Supérieur de la Statistique?

A engem rezenten Avis gëtt de Conseil Supérieur de la Statistique - kuerz CSS - der Lëtzebuerger Statistik eng gutt Nott, mee et gëtt och Kritik: Verbesserunge missten zum Beispill um Niveau vun der Kommunikatioun gemaach ginn. Den CSS ass Deel vum Lëtzebuerger Statistik-Amt STATEC. De Rot setzt sech ënner anerem aus Vertrieder vun der Uni, der Chambre des Salariés oder nach dem Presserot zesummen. De Rôle vum CSS ass reng consultativ. Nieft enger Evaluatioun gëtt de Conseil och säin Avis fir kommend Joren of.

auto_stories

3 min

De Conseil Supérieur vun der Statistik regroupéiert d'Notzer vun der Statistik, fir datt dës hiren Avis zum Fonctionnement vun der Lëtzebuerger Statistik kënnen ofginn. Prioritéiten an Orientatioune vun der Statistik ginn am Conseil thematiséiert an aviséiert. De John Haas, Directeur adjoint vum STATEC seet, datt Statistik kee Selbstzweck wier:

"Fir eis ass et um STATEC immens wichteg, datt mir ëmmer d'Gefill vum Notzer erkennen. Wat brauch den Notzer? Wéi eng Zuele si fir hien de Moment wichteg ze wëssen? Wéi eng Domainë solle mir nach méi verdéiwen? Dat heescht, et ass fir eis eng Méiglechkeet fir de Bols ze fillen dobausse bei eisen Notzer."

D'Qualitéit vum Lëtzebuerger Statistikamt wier gutt, esou de Bilan vum CSS. Dat hätt eng onofhängeg europäesch Evaluatioun bei engem sougenannte Peer review erginn. Virun allem bei der Onofhängegkeet hätt een eng Bonne Note kënne kréien, seet den John Haas. "De Code de la bonne pratique leet ganz vill Wäert op d'Onofhängegkeet vun der Statistik. Et kann net sinn, datt d'Statistik vun iergendwou diktéiert gëtt, well soss ka se jo net méi onofhängeg an objektiv Zuele produzéieren."

Verbesserunge missten nach bei der Kommunikatioun gemaach ginn. Virun allem d'Verschaffen an d'Presentatioun vun den Donnéeë misste méi digest fir de Grand Public duergestallt ginn. Weider ginn am Bilan vum Statistikrot fir d'Joer 2018 d'Progrèse beim Dateschutz begréisst.

Donnéeë vu multinationalen Entreprisen

Den Accès op Donnéeë vu multinationalen Entreprisë misst dogéint verbessert ginn, esou de Conseil Supérieur de la Statistique an engem Avis. De John Haas mengt dozou:

"Et ass jo esou, datt an der Statistik, esou wéi se de Moment europäesch och opgebaut ass, do ginn et verschidden Enquêten a verschiddene Beräicher, déi d'Entreprisen da betreffen. An déi Enquêtë sinn dann och meeschtens a verschiddene Servicer ugeluecht. An dann ass et dacks, besonnesch bei esou grousse Multinationalen datt et virkënnt, datt déi Vuen, déi een do kritt vun der Entreprise, net ëmmer kohärent ass."

Well dës Entreprisen awer e staarkt ekonomescht Gewiicht hunn, kann dat zu statisteschen Ongenauegkeete féieren, och bei der Berechnung vum PIB. Mat enger Spezialunitéit - der sougenannter Large Case Unit - sollen Inkohärenzen opgeschafft an an der statistescher Berechnung berücksichtegt ginn.

D'Iddi wier et fir mat esou enger dediéierter Equipe, déi Multinationalle praktesch iwwer dat ganzt Joer permanent am Bléck ze behalen, seet den John Haas, "fir ze observéieren, wat an der Aktualitéit geschitt, fir dann ebe méiglechst fréi verschidde Phenomener ze erkennen an och déi verschidden Domaine besser ze koordinéieren, fir datt mir herno méi qualitativ héichwäerteg Zuelen do kréien."

Op digital Mëttel setzen

Duerch e grenziwwerschreidende Wirtschaftsraum wiere statistesch Donnéeën iwwer déi Multinationallen ëmmer méi schwéier territorial ze erfaassen. Donieft huet de Conseil Supérieur de la Statistique och eng Ännerung fir d'Vollekszielung am Joer 2021 aviséiert.

Entspriechend Demarchë solle geholl ginn. De John Haas seet, datt de STATEC do vill méi op déi digital Moyenne setze wëllt. "De STATEC schafft do mam CTIE zesumme fir notamment déi Plattform myguichet.lu kënnen ze benotzen, fir dann de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, op déi Vollekszielung elektronesch kënnen ze äntweren."