Radioen

On air

De Moien  |  Bryony Jarman-Pinto - Moving Forward

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat mécht een erfollegräiche Geschäftsmann aus?

Gérard Lopez

Wat mécht een erfollegräiche Geschäftsmann aus?

De Gérard Lopez gëllt zu Lëtzebuerg als een erfollegräichen Investisseur. Ëmmerhin huet hien an d'Video-Chat-Plattform "Skype" investéiert. Ee Bilan vu sengen Aktivitéiten déi lescht Jore relativéiert dat Bild awer.

auto_stories

3 min

Nach dës Woch ass de Gérard Lopez an der Lëtzebuerger Press als Milliardär bezeechent ginn. Als fréien Investisseur a Skype gëllt de Geschätfsmann a senger Heemecht als eng quasi-mythesch Figur, als eenzegaarteg "Success Story": De Grand-Duché huet kee Silicon Valley, mä mam Gérard Lopez awer ee "Venture Capitalist" mat enger gudder Nues fir "the next big thing".

Wie gëtt Milliardär?

Dëse Ruff huet de Gérard Lopez, well d'Investmentfirma Mangrove Capital Partners (bei där hien deemools Partner war) 2004, wéi vill anerer, a Skype investéiert huet. Ebay huet de Video-Chat-Service 2005 fir ronn dräi Milliarden US-Dollar opkaaft. Dës Zomm daucht a Portraiten iwwer de Gerard Lopez ëmmer nees op. Datt déi dräi Partner vu Mangrove zesummen dobäi "just" 13 Milliounen Euro verdéngt soll hunn, wéi déi franséisch Online-Zeitung Mediapart rezent geschriwwen huet, gëtt seele präziséiert.

Dobäi mécht dee Chiffer Sënn: Mangrove hat deemools iwwert säin "New Tech Venture Capital Fund" 1,3 Milliounen an déi deemoleg Start-Up "Skype" investéiert. Déi Sue koumen awer och vun aneren Investisseuren, wéi dem Europäeschen Investitiounsfong. Aus dem Bilan vum "New Tech Fund" geet och ervir, datt de Verkaf sollt 135 Milliounen erabréngen. An déi Sue goufen un all d'Financieren ausbezuelt. Et ass also bei Magrove kee Milliardär ginn.

Dat ännert natierlech näischt dorunner, datt de Gérard Lopez a seng Partner deemools eng glécklech Hand haten. Mä net alles, wat de Geschäftsmann upéckt, gëtt zu Gold. Dat weist eng ëmmer méi laang Lëscht vu Projeten, déi scheiteren.

Dat ass hei am Land manner bekannt. Well iwwer dem Gérard Lopez seng neisten Iddie, gëtt vill bericht. Iwwer d'Suittë manner.

Eng laang Lëscht vu gescheiterte Projeten

Ee Sechs-Stären-Hotel a Brasilien? Elektresch Taxie zu London? Ee Car-Sharing-Service zu Lëtzebuerg? Kee vun dëse Projeten ass gelongen. A vill aner Projete si gescheitert. Seng Formel 1-Ecurie Lotus huet de Gérard Lopez an de Ruin gedriwwen a fir ee symboleschen Euro zréck u Renault verkaf. D'Scholde vum Gérard Lopez a sengem Geschäftspartner Eric Lux hirem Investitiounsgrupp "Genii Capital" klammen: Op iwwer 110 Milliounen Euro am Joer 2015. An d'Justiz enquêtéiert géint de President vum Escher Futtball-Club Fola wéinst enger Blanchiments-Affär.

Säin Invest an de franséischen Éischt-Ligist Lille finanzéiert de Gérard Lopez iwwer ontransparent Bréifkëschtefirmaen a reng mat Scholden, mellen déi franséisch Medie. An am Kader vun de Football-Leaks-Revelatiounen ass bekannt ginn, datt de Gérard Lopez op d'Carrièrë vu mannerjärege Futtball-Spiller spekuléiert huet - eng ëmstridde Praxis, déi 2015 vun der FIFA verbuede gouf.

Eng kloer Strategie léisst sech hannert dem Gérard Lopez senge ville Projeten iwwerdeems net méi erkennen. D'Beräicher, déi hien an de Viséier hëlt, reeche vun Technologie, iwwer Sport, Transport an Immobilie bis zu russeschem Pëtrol. 2008 wollt hie mat der Double Eye Entertainment S.A. an d'Filmindustrie eraklammen (déi Societéit huet sech entretemps ëmbenannt an op Proprietéitsrechter spezialiséiert). 2010 huet hie mam fréiere SREL-Mataarbechter Fränk Schneider ee private Service de Renseignement gegrënnt (d'Invenio S.A. a spéider "GeniRise Capital S.A." ass zejoert a "liquidation volontaire" gaang).

Am Silicon Valley gehéiert den Echec um Wee bei de grousse Succès dozou. Déi Zort Toleranz ass am Start-Up-Zäitalter sënnvoll. Mä bedeit net, datt ee géigeniwwer charismateschem Entrepreneursgeescht an naiven Enthusiasmus sollt verfalen. Am Fall Gérard Lopez ass ee kritesche Bléck den Ament méi wéi ubruecht.