Heiansdo géif hien dowéinst dobaussen um Feldbett schlofen. De Guy Christen wëllt dat Gefill vu Fräiheet zeréckkréien. Um Pacific Crest Trail wier dat anescht gewiescht. Do wier een och emol frou gewiescht, wann een eng Kéier en Haus gesinn hätt an d'Méiglechkeet kritt hat, fir eppes iessen ze goen a seng Saachen ze wäschen.
"Mee zanter ech zeréck sinn, mierken ech, datt et en enormen Ënnerscheed ass, wann een dobaussen ass an op emol erëm doheem, respektiv an der Zivilisatioun."
E klore Stärenhimmel an eng immens Rou
Virun allem de Kaméidi an d'Liichtpollutioun géif dem Guy Christen hei vill méi opfalen. Dee Stärenhimmel, deen all Nuecht iwwer him houng, huet hie faszinéiert.
"Esou eppes hunn ech virdrun a mengem Liewen nach ni gesinn. Ech hunn d'Mëllechstrooss gesinn."
Nuets wier et duerch de Mound an déi vill Stären heiansdo esou hell gewiescht, datt hie bal net hätt kënnen aschlofen, seet den 42 Joer alen Hiker.
"An dann déi Rou. Wann ech am Schnéi war, zum Beispill bei engem Séi, dann huet de Séi nuets gekraacht, well d'Äis geschafft huet."
Mat Wierder wiere vill vu sengen Erliefnisser net ze beschreiwen, seet de Guy Christen.
Eng Rees duerch verschidde Klimazonen
Op senge 4.279 Kilometer ass hien duerch verschidde Klimazone gereest, vun der Steppe bis zum déiwe Schnéi. Eng Rees, déi guer net esou einfach ze plange war. Déi gréisste Schwieregkeet wier gewiescht, de Rucksak esou liicht wéi méiglech ze halen.
Am Duerchschnëtt ass de Guy Christen mat aacht Kilo um Réck duerch d'USA gehiked. An der Wüst huet hie verschidde Materialer wéi zum Beispill seng Äisaaxt net gebraucht. Déi huet den 42 Joer ale Lëtzebuerger sech, wéi vill Hiker dat maachen, mat der Post op déi nächst Statioun virgeschéckt.
An der Sierra Nevada ass hie mat bal 20 Kilo um Réck gereest. Wéinst der Keelt huet hie misse méi Kleeder apaken a Cramponen a Microspikes mathuelen, fir duerch den déiwe Schnéi ze kommen. Hien huet och méi Iesse matgeholl, well een an de Bierger vill méi Kalorië verbraucht.
Um Pacific Crest Trail war hien awer net eleng. Nieft aneren Hiker huet hien och d'Bekanntschaft mat verschiddenen Déiere gemaacht. De Guy Christen ass zum Beispill zwee Schwaarzbiere begéint, déi awer net wierklech "un engem dënnen, sténkegen Hiker interesséiert waren."
"Et koum ni a Fro, einfach opzeginn"
Nieft all deene schéinen Erfarungen, huet ee Moment de Guy Christen besonnesch gepräägt. Dat war um Wee, fir op de Mount Whitney erop, deen héchste Bierg an den USA baussent Alaska.
"Et war kee Wee do. Normalerweis geet de Wee a Serpentinnen erop an hei war näischt."
50 Meter virum Gipfel hat hien e Malaise. Mee well et riicht erofgaangen ass, konnt de Guy Christen sech net setzen oder anzwousch unhalen.
"Et huet ugefaangen sech alles ze dréinen an ech hunn d'Stäre gesinn."
Eng Situatioun, déi dem Hiker Angscht gemaach huet. Mee opgi koum fir den 42 Joer alen Hiker ni a Fro. Schliisslech ass hien 4.279 Kilometer fir de gudden Zweck gehiked.
Déi iwwer 10.000 Euro, déi hie vu senge Sponsoren a Spender sammele konnt, huet hien un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. D'Gedanken un d'Chiara an déi aner Kanner a Leit, fir déi hien um Pacific Crest Trail ënnerwee war, hunn him Kraaft ginn.
"Meng Angscht, déi ech um Bierg hat, huet sech a Roserei verwandelt. Ech hunn ugefaangen, mech haart ze vernennen an hu mat den Hänn an de Schnéi geschloen."
No enger hallwer Stonn Kampf mat sech selwer, koum hie schliisslech uewen un an ass "dunn ëmgefall."
"E Sproch huet mech op der ganzer Rees begleet"
Enorm Emotioune koumen och um Enn vun de bal 4.300 Kilometer héich, wéi hien no fënnef Méint an dräi Wochen um Schluss vum Pacific Crest Trail ukoum.
Villes huet hie begéint, villes hëlt hie mat, a begleet huet de Guy Christen op sengem ganze Wee e Sproch. "We are all the same". Um Wee wier jiddwereen d'nämmlecht gewiescht, egal aus wéi enger sozialer Schicht ee géif kommen, wat ee berufflech géif maachen, wéi eng Hautfaarf een hätt, oder wéi enge reliéisen Usiichten ee géif nogoen.
"Jiddwereen huet deem anere gehollef. An et ass am Fong Schued, datt mir Mënschen dat am Fong an der normaler Zivilisatioun net esou hikréien, wéi ech et do erlieft hunn."