Op der Uni Lëtzebuerg gëtt genau an deem Beräich gefuerscht. Wat sinn d'Facteuren, déi e Wéi manner schlëmm maachen oder wéi en Afloss huet den Alter op d'Receptioun vun der Péng? Dat sinn nëmmen e puer Froen déi do am Fokus stinn.
De Moment fuerscht d'Wëssenschaftlerin drun, wéi sech den Alter drop auswierke kann, wéi intensiv een e Wéi spiere kann. Dofir ginn nach Fräiwëlleger gesicht. Et muss ee mindestens 60 Joer hunn a kierperlech fit sinn. Et kann ee sech per Mail: brainstudy@uni.lu oder Telefon: 46 66 44 62 84 mellen.
De Pit Walté huet sech fir de Café Scientifique informéiert.