Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et eise Lëtzebuerger Flëss a Baachen?

Wëssen

Wéi geet et eise Lëtzebuerger Flëss a Baachen?

Wéi geet et eise Lëtzebuerger Flëss a Baachen? Wéi vill Kläranlagen hu mir am Land an op wéi engem Stand sinn dës? Mir hu mat verschidde Responsabelen aus der Waasserverwaltung geschwat, fir en Iwwerbléck iwwer den Zoustand vun eise Gewässer ze kréien.

auto_stories

4 min

"Just ee Prozent vun de Fléissgewässer sinn a guddem Zoustand. Dat ass natierlech net vill.", seet den Direkter vun der Lëtzebuerger Waasserverwaltung, de Jean-Paul Lickes. Dofir misst vill um Ausbau vu weidere Kläranlagen an och an der Landwirtschaft un neie Methode geschafft ginn, fir d'Belaaschtung vun den Närstoffer erofzesetzen. Déi wären nach ëmmer e grousse Problem. An d'Flëss missten erëm méi fräi fléisse kënnen, fir datt sech erëm méi Déieren a Planzen bei hinnen usidelen kënnen.

De leschte Wirtschaftsbericht vun der Waasserverwaltung weist awer, datt net nëmmen d'Landwirtschaft vill Drock op eis Gewässer ausüübt. "Et ass esou, datt hei zu Lëtzebuerg den urbanen Drock op d'Land extrem héich ass, mir hunn e konstanten Populatiounswuesstum." Seet den Tom Bechet, Chemiker a Spezialist fir d'Kläranlagen.

Dëse Wuesstem bedeit, datt méi Ofwaasser bei de Kläranlagen ukënnt a méi Waasser vun de Kläranlagen an d'Baache fléisst. 2013 gouf Lëtzebuerg vum EU-Geriichtshaff ofgestrooft, well munch vun eise Kläranlagen net genuch ausgebaut waren. "Déi Mängel si mëttlerweil behuewen (...). Mir hunn do e Retard well Waasseroprengegung kee sexy Theema ass fir dobaussen."

Dobäi kënnt, datt eng Kläranlag kee Wonnermëttel ass. Ville Mënschen ass net bewosst, datt eng Kläranlag aus dem Ofwaasser kee frëscht Drénkwaasser produzéiere kann. Et gëtt zwar fir den Moment ganz vill vun enger véierter Klärstuf geschwat, mee och déi huet hir Grenzen: "Déi véiert Stuf betrëfft Mikro Schuedstoffer, dat kënnen industriell Chemikalien, Hormoner, Medikamenter oder Haushaltschemikalie sinn. Zu Lëtzebuerg ginn et Projete fir an nächster Zukunft mat Ënnerstëtzung 13 Kläranlagen opzerëschten. Do si verschidde Projete schonn relativ wäit an d'Iddi ass, datt Machbarkeetsstudien erlaben an Zukunft méi Kläranlagen an dës Stuf eranzehuelen."

Fir den Tom Bechet ass déi véiert Stuf op der Kläranlag awer net d'Léisung, et misst een un der Quell schaffen. Et géing kee Sënn maachen Ofwaasser ze produzéieren, fir dëst herno fir vill Suen ze rengegen. Och haut ginn et nach ëmmer vill Substanzen, déi eng Kläranlag aus dem Ofwaasser net erausfiltere kann, esou den Tom Bechet. Déi landen dann an de Flëss.

E puer Zuelen

2019 gouf et zu Lëtzebuerg 82 mechanesch an 117 biologesch Kläranlagen zu Lëtzebuerg. Déi biologesch Kläranlagen hunn eng Capacitéit fir Ofwaasser vun ongeféier enger Millioun Awunner ze rengegen. Dat kléngt no vill, mee an déi Awunnerzuele ginn och Ofwaasser vun der Industrie an de Frontaliere mat agerechent. Vun deene Kläranlage sinn der 19 am Ëmbau, dat sinn entweder biologesch Kläranlagen, déi ausgebaut ginn oder mechanesch Anlagen, déi duerch biologescher ersat ginn. An Zukunft sollen et keng mechanesch Kläranlage méi zu Lëtzebuerg ginn. Hiren Undeel läit just bei enger Capacitéit fir ronn 12.000 Awunner.

Theema Renaturéierung

Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell dräi Projeten, wat d'Renaturéierung vu Flëss ugeet. "Mir kucken d'Gewässer als Haus fir d'Déieren an d'Planzen, déi am Waasser liewen. Mir probéieren dat Haus esou zeréckzegestalten, fir datt déi Déieren a Planze sech do kënne wuelfillen, fortplanzen, ernären a sech do usidelen.", seet d'Nora Welschbillig. Si ass Biologin a Spezialistin bei der Waasserverwaltung fir ënner anerem d'Theema Renaturéierung. De grousse Problem zu Lëtzebuerg bei dësem Theema sinn d'Präisser vun den Terrainen. Et wier schwéier Sträife vun Terrainen ze kréien, op deene Gewässer lafen. D'Waasserverwaltung keeft Terrainen op, wann et méiglech ass oder pacht se fir de Gewässer d'Méiglechkeet ze ginn, sech erëm mat den Auen ze verbannen oder hir eegen Dynamik ze entfalen.

Wéi eng Dynamik sech do entwéckelt, kann een esouguer genee ausrechnen, esou datt een als Proprietär keng Angscht virun Iwwerschwemmunge muss hunn. Gewässer ze renaturéieren ass esouguer en effektive Schutz géint Problemer mat Héichwaasser. Aktuell ass d'Péitruss, déi ganz prominent duerch d'Stad fléisst, dat Gewässer dat am meeschten Opmierksamkeet kritt. Si gëtt aus hirem Becken aus Bëton befreit, esou d'Biologin. Mee och d'Uelzecht ass am Bléck vun der Nora Welschbillig, fir se tëschent der Stad a Miersch ze renaturéieren.

Nach e wäite Wee

Bei all de Beméiunge freet ee sech awer, ob et fir eis Flëss net just esou vill Auswierkungen huet, wéi eng Drëps am Mier. Laang dréche Periode wéi dëse Summer ginn de Flëss kaum Chance sech selwer ze reguléieren an d'Laaschten aus der Industrie, der Landwirtschaft an de Kläranlagen ze diluéieren. Wann et esou dréchen ass, besti verschidde Flëss wéi d'Uelzecht am Süde just nach aus Waasser, dat aus Kläranlage kënnt, seet den Tom Bechet.

Et ass ebe schwéier, Respekt fir d'Ressource proppert Waasser ze entwéckelen, wann eng Gesellschaft et gewinnt ass hir Fäkalien dermadder ze entsuergen. Wënschenswäert wäre Systemer, bei deenen Haushalter an Industrien hiert Waasser e puermol géinge benotzen. Zum Beispill duerch d'Notzen vu Growaasser, seet de Jean-Paul Lickes. Dofir missten awer als éischt emol déi entspriechend Systemer an d'Haiser agebaut ginn, a bis dohi wier et nach e laange Wee.