Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi reagéieren, wann een Hënn eleng am Auto gesäit?

Déiereschutz

Wéi reagéieren, wann een Hënn eleng am Auto gesäit?

All Joer leiden oder stierwen Déieren, well si op engem waarmen Dag eleng am Auto gelooss goufen. Wann d'Fënstere vum Auto zou sinn, an d'Déieren näischt ze drénken hunn, kann dat dramatesch Konsequenzen hunn. Wéi soll een am beschte reagéieren, wann een op engem Parking en Déier am Auto gesäit, dat an deem Fall ass?

auto_stories

2 min

Fir d'éischt sollt een d'Leit ronderëm froen, wéi laang den Auto schonn do steet, fir erauszefannen, wéi grouss d'Gefor fir d'Déier ass. Et ass nämlech dem Gesetz no verbueden, selwer d'Fënster einfach anzeschloen. Dat dierf nëmmen d'Police maachen, seet den Sascha André.

Wann ee mierkt, datt d'Déier an extremer Liewensgefor ass, da misst ee selwer decidéieren, ob een de Risiko op sech hëlt, fir d'Fënster anzeschloen. Dee Moment muss een nämlech eventuell mat enger Geldstrof wéinst Sachbeschiedegung rechnen, seet den Déiereschützer.

"Déier mat Mënsch gläichsetzen"

Wann ee Kand an engem waarmen Auto sëtzt, wier een obligéiert, fir direkt anzegräifen, seet de Sascha André. "Do dierf een also d'Fënster direkt aschloen, fir d'Kand ze retten. Dofir wiere mir natierlech frou, wann an Zukunft géif driwwer nogeduecht ginn, fir d'Déier gläichzesetzen."

Et sollt ee säin Hond bei waarmen Temperaturen am beschten ni am Auto loossen. Als Fauschtregel gëllt, datt all Minutt d'Temperatur am Auto ëm ee Grad an d'Luucht geet. D'Duerchschnëttstemperatur vum Hond ass 38 Grad. Vun 42 Grad u gëtt et fir den Hond kritesch."

Am beschten hëlt een den Hond also wéinstens aus dem Auto eraus. Verschidde Geschäfter hätten een Drénkknapp virun der Dier stoen. Dat wichtegst wier, datt ee probéiert sech ze organiséieren. Wann een Akafe goe muss, wier et am beschten, den Hond entweder doheem ze loossen, oder engem den Hond unzevertrauen.

Sensibiliséierung immens wichteg

Déierebesëtzer misste weider sensibiliséiert ginn. Eng Rei Associatioune maachen dat och op hire Facebooksitten, grad am Fréijoer an am Summer, wann d'Temperaturen ufänke méi waarm ze ginn, sou de Sascha André.

Et kéint ee Clippen ophuelen, déi um Radio oder um Fernseh lafen a Flyeren drécken. Hie kéint sech och eng Kooperatioun mat de grousse Butteker virstellen, seet de Sascha André.