Radioen

On air

De Moien  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi schaffen ONGen am Westjordanland?

Net-Regierungsaarbecht

Wéi schaffen ONGen am Westjordanland?

D'Noga ass eng jonk Fra, déi zu London studéiert a viru Kuerzem ee Mount am Westjordanland verbruecht huet fir Recherche fir hir Masteraarbecht ze maachen. Si ass an Israel gebuer, ass awer gréisstendeels an England opgewuess. Well en Deel vun de Leit, déi si fir hir Masteraarbecht interviewt huet, näischt vun hirer Israelescher Ofstamung wëssen, huet si gefrot, fir just hire Virnumm ze benotzen. D'Fanny Kinsch huet sech an engem Park zu London mam Noga getraff.

auto_stories

5 min

D'Zil vum Noga hirer Recherche war et erauszefannen, wéi een Impakt d'israelesch Occupatioun op d'Aarbecht vun ONGen op der Plaz huet. Um Ufank wollt d'Noga sech op ONGe konzentréieren, déi sech ëm de Leit hir Grondbedierfnisser këmmeren, op Englesch "basic needs".

"Et ass eng Gesellschaft, an där d'Communautéit an d'Famill ganz wichteg sinn. Och wann et Problemer bei de Grondbedierfnisser ginn, ass et seelen, datt een näischt huet. Zum Beispill, wann en Haus zerstéiert gëtt, och wann an deem Haus zéng Leit wunnen, komme si bei anere Familljememberen ënner. Dat heescht am Verglach zu Groussbritannien oder aneren europäesche Länner gesäit een net vill Leit, déi op der Strooss sinn."

Dowéinst huet d'Noga decidéiert och ONGen, déi an anere Beräicher schaffen an hir Recherche matanzebezéien. Dorënner Organisatiounen, déi mat traumatiséierte Kanner schaffen, mat Affer vun haislecher Gewalt oder déi Leit hëllefen, deenen hir Haiser wéinst der israelescher Occupatioun zerstéiert goufen a probéieren ze verhënneren, datt weider Haiser zerstéiert ginn. E groussen Deel vun den Interviewen huet d'Noga zu Ramallah gemaach.

"Et ass wéi en Hub fir ONGen, et ass déi Stad, déi am meeschten entwéckelt ass an et ass hei wou déi meescht international Organisatiounen hir Basis hunn. Dat heescht, ech war vill zu Ramallah. Ech war awer och zu Betlehem an an de Flüchtlingscampe ronderëm wéi Aida an Dheisheh. Ech war och zu Hebron, wou och eng Rei Organisatioune sinn, well d'Situatioun mat den illegale Siidlungen hei ganz uerg ass."

Westjordanland ass dräigedeelt

Duerch de sougenannten Oslo II Akkord ass d'Westjordanland an dräi Zonen agedeelt, erkläert d'Noga. D'Zon A, dozou gehéieren zum Beispill Ramallah an Deeler vu Betlehem an Hebron, gëtt eleng vun de palestinenseschen Autoritéite geréiert. D'Zon B steet ënner israelescher Sécherheetskontroll a Koordinatioun mat der palestinensescher Regierung. An der Zon C huet déi palestinensesch Regierung keng Autoritéit - hei fënnt een déi meescht illegal Siidlungen an hei wier d'Gewalt, déi vun Zaldoten a Siidler ausgeet am gréissten.

Engersäits géif dat d'Leit betreffen, déi hei géife wunnen, seet d'Noga: Verschidde Siidler géife mat Steng, gliesene Fläschen oder Alkohol op d'Palestinenser schéissen, oder si géifen d'Waasserleitunge futti maachen oder Offlossréier beschiedegen, fir d'Drénkwaasser ze verseuchen. Vun der israelescher Arméi géif Gewalt ausgoen a Form vun Hausduerchsuchungen, bei deenen och regelméisseg Tréinegas zum Asaz komme géif an esouwuel israelesch Zaldote wéi palestinensesch Ziviliste leie bleiwe géifen. Dovunner wieren net nëmmen d'Bierger, mee och d'ONGe betraff, esou d'Noga.

"Verschidde Leit vun enger ONG am Aida Flüchtlingscamp, déi ech interviewt hunn, kruten hir Fënstere fënnef Mol ageschloen duerch Tréinegas, dat an hiert Gebai geschoss gouf. Dës Organisatioun stellt e "safe space" fir d'Communautéit zur Verfügung, si hunn eng Bibliothéik a si maachen och Sozialaarbecht, well an der Zon C ass iwwerhaapt keng Präsenz vun der Regierung, et gëtt näischt vun de palestinenseschen Autoritéiten zur Verfügung gestallt."

Beweegungsfräiheet ageschränkt

Een aneren Aspekt vun der Occupatioun, deen d'Aarbecht vun den ONGe méi schwéier géif maachen, wier d'Restriktioune vun der Beweegung. Obwuel d'Distanzen tëschent de verschiddene Stied net grouss wieren, géif et laang daueren, fir vun enger Plaz op déi aner ze kommen, well een ëmmer erëm duerch Checkpoints goe misst. Virun allem an der Zon C wieren d'Stroosse baussent den israelesche Siidlungen och ganz schlecht. Fir aus engem aneren Deel vum Westjordanland an d'Zon C ze goen, bréichten d'Organisatiounen eng Erlaabnis vun der israelescher Arméi - dat géif awer zum Deel laang daueren. D'Noga hat Interviewe gemaach bei enger Organisatioun, déi mat Affer vun haislecher Gewalt schafft, där hir Aarbecht doduerch heiansdo guer net méiglech ass.

"Eng jonk Fra war Affer vu ganz schlëmmer sexueller Gewalt an hirem Doheem an ass ganz schlëmm vun hire Cousinen a vun hirem Papp geschloe ginn. Nodeems si d'Organisatioun kontaktéiert huet, hu si probéiert d'Fra aus dem Haus ze kréien, well et gëtt do kee Sozialsystem dee funktionéiert. Et huet eng Zäitche gedauert. An du koum eng Nuecht, an där d'Fra der Organisatioun ugeruff huet, a grousser Nout, well si Angscht ëm hiert Liewen hat, well hire Papp an hir Cousinen gedreet hunn, si ëmzebréngen. D'Organisatioun huet probéiert si ze retten a si aus der Situatioun erauszekréien. Mee hiert Duerf war an der Zon C, wou d'Palestinenser keng Kontroll hunn, an si duerften net dohin, well d'israelesch Arméi mat engem Militärtraining am Gaange war. A wéi si endlech d'Erlaabnis krute fir an d'Duerf ze goen, war d'Fra schonn ëmbruecht ginn."

Méi haislech Gewalt wéinst Occupatioun

A Fäll wéi deem hei géifen et keng aner Institutioune ginn, déi Affer vun haislecher Gewalt hëllefe kéinten, esou d'Noga. Am Gespréich hunn d'Mataarbechter vun der Organisatioun hir erkläert, datt duerch d'Occupatioun d'haislech Gewalt deels géif zouhuelen.

"D'palestinensesch Gesellschaft ass, historesch gesinn, zimlech patriarchalesch. Mee eppes wat ech vun engem ONG-Mataarbechter gesot krut, huet mir d'Aen opgemaach: Well d'Occupatioun esou demoraliséiert an terroriséiert, si vill Männer, déi hir Roserei ausloossen. Zum Beispill, si ginn op engem Checkpoint ugehalen, a si huelen déi Roserei mat Heem a mësshandelen hir Fraen, hir Kanner."

D'Noga war "undercover" ënnerwee

D'Noga huet eng israelesch Ofstamung. Normalerweis verstoppt si dat net, awer am Kader vu senger Recherche wier him gerode ginn, dat net ze weisen.

"Den Haass géigeniwwer Israeli ass ganz staark, an et ass nozevollzéien, well déi eenzeg Israeli, mat deene si ze dinn hu sinn Zaldoten a Siidler, a vun deene gi si net wéi Mënsche behandelt. A si erliewen all Dag Gewalt dowéinst. Dowéinst verstinn ech, datt si net déi gréisste Fans vun Israeli am grousse Ganze sinn. Wann ech ënnerwee war hunn ech mech ëmmer nëmmen als Brit presentéiert."

Eenzel Leit hätten iwwer hire Background Bescheed gewosst, mee déi Meescht hätte wahrscheinlech net mat hir wëlle schwätzen, wa si et gewosst hätten. D'Noga schwätzt awer och Hebräesch an huet missen oppassen, verschidde Wierder net ze richteg auszeschwätzen, fir sech net ze verroden an huet zum Beispill hiren Handy sou agestallt, datt d'Messagen net um Ecran ugewise ginn, falls een him géif op Hebräesch schreiwen. Si hätt sech awer net onwuel oder onsécher gefillt, seet si.


Lauschtert de ganzen Interview vum Fanny Kinsch mam Noga:

Lauschterenplay_arrow