Eng humanitär Operatioun an enger arméierter Ausenanersetzung, respektiv an engem Krichs-Gebitt ass ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Ëmmer erëm kënnt et zu Attacken op medezinesch Infrastrukturen an zu Tëschefäll an deenen och Leit blesséiert ginn, déi fir humanitär Hëllef suergen. Obscho si am Prinzip duerch dat humanitäert Vëlkerrecht geschützt sollte sinn.
Dëst Recht obligéiert d’Konfliktparteien, déi zivil Populatioun ze versuergen an hir primär Besoinen z’erfëllen. Mä och wa si ugehale wieren ze kooperéieren, wier een awer ëmmer dovunner ofhängeg, ob de Staat oder déi jeeweileg Acteuren hiren Accord ginn, betount d’Julie Tenenbaum, Rechtsberoderin beim Internationale Comité vum Roude Kräiz. Eréischt da kéint ee sécher sinn, datt een ee facilitéierten Accès an déi verschidde Gebidder kréich, an datt d’Personal vun den humanitären Hëllefsorganisatiounen an déi medezinesch Infrastrukture geschützt géife ginn.
D'Evakuatioun vu Blesséierte muss respektéiert ginn
D’Mataarbechter missten als Ziviliste behandelt ginn. Engersäits misste si also neutral sinn, an dierften net an d'Ausenanersetzung agräifen. Anerersäits dierfte weder Zaldoten, nach dat medezinescht Personal ugegraff ginn, wa si probéiere blesséierte Leit ze hëllefen. Och d’Sich an d’Evakuatioun vu kranken oder blesséierten Zivilisten, respektiv Zaldoten dierft zu kengem Zäitpunkt ënnerbonne ginn. D’Medeziner wieren hirersäits dozou verflicht, net diskriminatoresch ze handelen.
All Mataarbechter an all Gefierer droen een Ofzeeche vum Roude Kräiz. Dat ass gutt ze gesinn a soll sécherstellen, datt keen d'Missioun ugräift. Dëst Ofzeechen dierft dofir och net mëssbraucht ginn. Soss kéint den neutrale Status vun dësem Emblème op eemol net méi respektéiert ginn.
D’Gesetzer géingen allerdéngs net ëmmer agehale ginn, explizéiert den Thomas Hallier, den operationelle Coordinateur fir Europa an Zentral-Asien vum CICR. Ëmmer erëm kéim et zu Tëschefäll. Ufank Februar gouf et beispillsweis en Ugrëff an Afghanistan, bei deem sechs Membere vum internationale Comité vum Roude Kräiz hier d’Liewe gelooss hunn. An de leschten 20 Joer wieren eng 50 Mataarbechter am Asaz gestuerwen. Den Thomas Hallier mengt net, datt dës Tëschefäll dem Zoufall zouzeschreiwe sinn. Hie stellt eng Determinatioun fest, fir dës Zort Gebaier unzegräifen, déi essentiell si fir d'Iwwerliewe vun der Populatioun. Spideeler, Waassertierm oder Elektrizitéitswierker ze cibléiere wier déi einfachste Method, fir der Bevëlkerung op engem Gebitt d'Liewensgrondlagen ewech ze huelen.
7 Saile fir ee sécheren Oflaf
Fir de Risiko op ee Minimum ze reduzéieren, huet d’Roud Kräiz e Modell ausgeschafft, deen op siwe Saile baséiert.
Als éischt wier et wichteg, mat de Konfliktparteien an Autoritéiten a Kontakt ze trieden. Et misst een dofir suergen, datt een als Organisatioun akzeptéiert géif ginn, erkläert den Thomas Hallier, andeems een deene Responsabelen d'Missioune genee géing erklären.
Déi géigesäiteg Informatioun géing deemno eng grouss Roll spillen. Engersäits misst een dofir suergen, datt gewosst ass, wien d’Croix Rouge ass. Anersäits misst een och selwer informéiert ginn. Un Hand vun dësen Informatioune géingen da bestëmmte Regele fir d’Hëllefs-Equippen opgestallt ginn. Hei wier et wichteg, dës Informatioune mat fondéierten Analyse permanent un de Konflikt unzepassen.
Gutt Virbereedung fir manner Risiko
"Donieft spillt och d’Telekommunikatioun eng grouss Roll, wat d’Sécherheet am Asaz betrëfft", gëtt den Thomas Hallier ze bedenken. Et misst een och dann nach kënnen am Kontakt bleiwen, wann d'Autoritéite géingen decidéieren fir d'Telefonsverbindungen z'ënnerbriechen, oder wa bei feindlechen Ausenanersetzungen Antennen zerstéiert gi wieren. Och beim Rekrutement vun de Mataarbechter misst een oppassen: et bréicht ee Leit, déi a schwierege Momenter net direkt d’Nerve verléieren.
Et gin och gewësse Protektiounsmoossnamen. Et wier wichteg all d’Geforen z’identifizéieren, ënnersträicht den Thomas Hallier. Gebaier sollte beispillsweis mat spezielle Fënsteren equipéiert sinn, fir datt se am Fall vun enger Explosioun net briechen. Op dës Manéier kéint ee sougenannte "Safe Rooms" schafen. Protegéiert Raim, an deenen ee sech am Fall vun enger Attack fir e puer Stonne kann aspären, an déi mat Liewens- a Kommunikatiounsmëttel equipéiert sinn, fir d'Zäit ze iwwerbrécken, bis d'Secouristen op der Plaz sinn.
Den Ament si ronn 16.000 Persoune vum Internationale Comité vum Roude Kräiz uechter d’Welt um Terrain am Asaz. Lëtzebuerger sinn den Ament awer keng a Krichsgebidder. Dat krute mir op Nofro bei der Croix-Rouge Lëtzebuerg confirméiert.