Radioen

On air

Resonanzen  |  Ernest Tomlinson - Light Music Suite, I. Pizzicato Humoresque - Slovak Radio Symphony Orchestra, Ernest Tomlinson (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi si Sondagë reguléiert?

Medien a Press

Wéi si Sondagë reguléiert?

Sondagë kënnen d'Resultat vu Wahle beaflossen. Grad kuerz virun engem Referendum oder enger Wahl kënne se en Afloss drop hunn, ob Leit wiele ginn a wéi si ofstëmmen. Aus deem Grond gëtt et a ville Länner Reegelen, wéi Medie mat Sondagen ëmginn. Och hei zu Lëtzebuerg: Dobäi huet sech awer erausgestallt, datt dës Reegelen net ëmmer praktikabel sinn.

auto_stories

3 min

Fënnef Deeg virun enger Wahl oder engem Referendum dierfe keng politesch Sondagë méi publizéiert, diffuséiert oder kommentéiert ginn. Esou steet et am Gesetz vun 2015. Hei steet och, wéi eng Informatioune musse matgeliwwert ginn, wann e Sondage publizéiert gëtt:

  • Wien huet de Sondage gemaach,
  • wien huet en an Optrag ginn,
  • wéi vill Leit hu mat gemaach,
  • wéini gouf d'Ëmfro gemaach,
  • wéi war de geneeë Wuertlaut vun de Froen an
  • goufe verschidden Donnéeën erausgeholl?

Dat alles wiere wichteg Informatioune fir d'Lieser oder Nolauschterer, fënnt de Chefredakter vum Lëtzebuerg Wort Roland Arens:

"Ech erënneren un ee Sondage, deen eng Schoulmeeschteschgewerkschaft elo kierzlech gemaach huet, iwwer dee mir dann och geschriwwen hunn. Wou et ëm d'Zefriddenheet vun de Schoulmeeschtere gaangen ass. Do ass et zum Beispill wichteg ze soen, datt nëmmen e Brochdeel vun de Membere gefrot gi sinn. An eisem Artikel stoung dat am éischten Abschnitt, well dat awer eng extrem wichteg Donnée ass fir kënnen anzeschätzen, wat d'Informatioun ass, déi een aus dem Sondage zeie kann."

Kontroll vun der ALIA

Ob sech un d'Gesetz gehale gëtt, dat kontrolléiert déi onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell Medien, ALIA. Viru kuerzem hat d'ALIA RTL e Blâme ausgeschwat, well si sech am Kader vum Politmonitor net un d'Reegele vum Gesetz gehalen hätten.

De President vun der ALIA Thierry Hoscheit seet awer, am Gespréich mat RTL hätt ee festgestallt, datt déi Informatiounen, déi d'Gesetz verlaangt, fir Nolauschterer oder Nokuckert "net extrem interessant" wieren. Dofir hätt een decidéiert, datt et an Zukunft soll duergoen, wann audiovisuell Medien op den Internetsite vun der ALIA verweisen, wou all d'Detailer vum Sondage publizéiert ginn.

Wéini gëtt d'Gesetz applizéiert?

D'Gesetz gëllt prinzipiell nëmme fir Sondagen, déi an engem direkten oder indirekte Rapport mat enger Wahl oder engem Referendum stinn, seet den Thierry Hoscheit:

"Wann elo ee Mount no de Wahlen eppes gemaach gëtt, an déi nächst Wahle sinn an dräi Joer, da gesäit een net onbedéngt de Lien fir dat Gesetz ze applizéieren. Wann elo déi nächst Wahlen awer véier Méint drop sinn, dann ass ee vill méi no bei der Applikatioun vum Gesetz."

Dem Thierry Hoscheit no misst et elo zimlech kloer sinn, wat Medie musse maachen, wa si eege Sondagë publizéieren. Manner kloer ass, wéi d'Reegele sinn, wann ee just de Sondage vun engem anere Medium zitéiert. Hei géif een dann un d'Grenze vum Gesetzestext stoussen, seet den Thierry Hoscheit. "Als Conseil vun der Autoritéit hate mir nach keng Zäit fir iwwer dat Doten ze decidéieren." Et misst een driwwer nodenken, ob een de Gesetzestext net méi präzis misst formuléieren.