Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi solle mir mam Klonen ëmgoen?

Genetik

Wéi solle mir mam Klonen ëmgoen?

D'Klone vu Mënschen ass wahrscheinlech eng Saach, déi an den nächste Joren eng Realitéit wäert ginn. A genau wéi genetesch Manipulatioun entfesselt si d'Fantasie. Mee net all Mënsch ass sech eens, datt déi Technologie der Mënschheet nëmme Positives wäert bréngen. Wierker, déi iwwert d'Virdeeler vum Klone schwätzen, fënnt een éischter an der spezialiséierter Science-Fiction-Literatur, während déi, déi méi skeptesch sinn, e vill méi grousst Publikum fannen.

auto_stories

7 min

Musse mir fäerten, datt verréckt Wëssenschaftler Arméie vu Klone produzéieren, oder kënne mir hoffen, datt geschwënn deen éischte richtegen Jurassic Park opgeet?

Stellt Iech emol vir, Dir hätt een Accident an Dir wiert direkt dout. Wat wier, wann deen Dout net definitiv wier? Et gëtt Leit, Transhumaniste genannt, déi behaapten - ech vereinfachen dat elo emol - datt et an den nächsten 20-30 Joer méiglech wäert sinn, e Backup vun eisem Geescht ze maachen, an deen an en anere Kierper erofzelueden.

Falls Dir also stierwe sollt, gëtt einfach de leschte Backup geholl, deen an en neien Kierper agebaut, an e puer Méint no Ärem Doud sidd Dir erëm do. Just an engem fonkelneie Kierper. Et wier denkbar, datt een Äre Klon sou produzéiert, datt hien de Kierper vun engem 20-Jähregen huet.

Éiweg Jugend, dank regelméisseger Erneierung vum Kierper an technologeschem Fortschrëtt.

Aktuelle Stand vun der Technik

Dat klengt dach perfekt, nee? Et ass am Moment awer nach net méiglech, an et ass net legal. Firwat schwätze mir dann elo dovun? Et ass jo nach net esou wäit, an et gëtt och Leit, déi mengen, dat wier alles totale Blödsinn.

Ma well Klonen als Technologie schonn existéiert, an haut scho vill Froen opwerft, an déi Technologie vill méi wäit ass, wei ee kéint mengen.

1996 ass d'Schof Dolly op d'Welt komm. Et war gekloont ginn, war kuerz de Fokus vun der Opmierksamkeet, mee séier nees vergiess ginn. 2002 huet d'raëlitesch Bewegung behaapt, e Mënsch gekloont ze hunn. Dat war awer een Hoax. 2003 ass d'Dolly gestuerwen, a vill Leit hu gemengt, als Klon wier et vill méi ufälleg wéi d'Original. D'Technik kënnt jo angeblech net un d'Natur erun. Bis een de Mënsch ka klonen, verginn nach e puer honnert Joer!

Tjo, Pustekuchen! Zanter 1996 si vill Liewewiesen gekloont ginn, ënner aneren Päerd, Stéieren a Schwäin. Am November 2017 goufen a China esouguer zwee Makacke gekloont, den Zhong Zhong an den Hua Hua. Makacke si Primaten, a mir Mënschen sinn dat och. Et wäert also net méi esou laang daueren, bis mir ee Mënsch kënne klonen.

D'Perspektiven, déi duerch Klonen opginn, sinn interessant, well et méiglech ass, Déieren, déi ausgestuerwe sinn, erëm zum Liewen ze bréngen. Sou gouf a Spuenien zum Beispill 2009 e pyrenäeschen Ibex gekloont. Déi Rass vu Steebock war 2000 als ausgestuerwen erkläert ginn. Lo stellt Iech emol vir, mir géifen e Mammut klonen oder en Tyrannosaurus Rex.

Wat schwätzt géint Klonen?

Mee Moment, sot Dir mir elo vläicht. Ass déi Technologie do net vill ze vill geféierlech? Musse mer dat net direkt emol verbidden?

Et ass an der EU verbueden, Mënschen ze klonen. Et ass awer net verbueden, ze fuerschen, trotz alle Grënn, déi ee géint Klonen kann ufeieren. Als éischt Argument kann een dat mat der Würd huelen.

Et kann een d'Spezies-Argument huelen: All Mënsch huet Würd, de mënschlechen Embryo ass e Mënsch, also huet de mënschlechen Embryo och Würd.

Et kann een d'Potentialitéitsargument huelen: All Mënsch huet Würd. Den Embryo ass e potentielle Mënsch. Also huet den Embryo Würd.

E Liewewiesen, dat eng Würd huet, mat deem däerf ee jo net egal wat maachen. Dat heescht, datt een e Klon als Mënsch muss huelen, an net als potentiellt Organ-Ersatzlager.

Schlussendlech, an dat ass e Killer-Argument: Eugenik. D'Nazien hunn dat scho probéiert, et war keng Erfahrung, déi ee sech nach emol misst undoen. Och wa mir net direkt en neie Genozid fäerte mussen, ass et virstellbar, datt gekloonte Supermënschen op emol als besser ugesi ginn wei déi "normal Mënschen". Dann hätte mer erëm Diskriminéierung.

An da braucht Dir just u Filmer wei Gattaca, Star Wars mat senger Klonen-Arméi oder Jurassic Park ze denken, oder un all déi Horror-Visiounen, vun deenen et der esou vill ginn. Klonen als Ersatzdeellager, Klonen als Kanounefudder, Klonen als Mënsche vun zweeter Klass. Klassiker, déi sou ausgelutscht sinn, datt et kee Wäert huet, op se anzegoen. Et wier onnatierlech, mir géife Gott spillen, a wou keime mir dann hin?

Déi lescht dräi Beispiller sinn eigentlech mol keng Argumenter, mee Denkfeeler. Wéi de Peter Lustig sot: Klingt komisch, ist aber so.

Wat schwätzt dofir?

Firwat gëtt dann iwwerhaapt un där Technologie gefuerscht, wa sou villes dogéint schwätzt? Well och villes dofir schwätzt!

Wa mir zum Beispill Organer oder Stammzelle brauchen, an déi nëmme vun engem Spender kréie kéinten, da muss ee mol ee fannen, dee spende wëllt, an dann muss deen nach kompatibel sinn. Wann Dir Iech awer selwer kloont, dann ass kee Problem do! Dier sidd 100 Prozent mat Iech selwer kompatibel. Dat heescht, Dir braucht kee Rejet de greffe ze fäerten. Et muss ee sech och keng Suerge maachen, datt ee stierft, well kee passend Organ verfügbar ass.

En australeschen Medezinethiker huet am Joer 2000 gesot, datt iwwerdeems d'Leit iwwer d'Moralitéit vum Klonen diskutéieren an debattéieren, zéngdausende vu Leit u Leukemie oder Niereversoe stierwen. An déi Leit hätten all duerch Organtransplantatioun a Stammzellebehandlung gerett kënne ginn. Also duerch Klonen!

E Mënsch huet, laut dem Immanuel Kant, mee net nëmme laut him, Würd, well hie moralfäheg ass a Verantwortung kann iwwerhuelen. Dat kann en Embryo net, an dofir sinn d'Spezies- an d'Potentialiteitsargument äusserst diskutabel. En plus, mir sinn all potentiell dout. Ass dat e Grond, datt mir eis all wei Läiche behandele sollen? Wuel kaum!

Klenge wichtegen Detail am Rande: Wa just e bestëmmt Organ gebraucht gëtt, muss een net e ganze Mënsch klonen. Et gëtt duer, d'Organ ze ziichten. Dat ass och fir Vegetarier interessant. Dann ass et méiglech, aus e puer Zellen vun enger Kou, massenhaft Steaken ze produzéieren, ouni datt dobäi och nëmmen een Deier ëmbruecht gëtt.

D'Argument mat der Eugenik argumentéiert aus der falscher Richtung. Wann een Angscht huet, datt an Zukunft Leit diskriminéiert ginn, well si net sou sinn, wéi anerer, dann ass dat sou, wéi wann ee géif soen: Äert Kand däerf kee Kontakt zu anere Kanner hunn, well et jo gemobbt kéint ginn. Oder datt an den 1930er näischt geschitt wier, wann et keng sougenannten Untermenschen gi wier. Einfach ausgedréckt: D'Argument vun der Eugenik ass en Argument géint Nazien a Leit, déi anerer diskriminéieren, net en Argument géint Klonen.

A wisou solle mir als Spezies op déi Méiglechkeete verzichten? Wa mir eis Klone genetesch esou kéinten veränneren, datt se méi intelligent, méi empathesch a manner ängschtlech wieren. Stellt Iech mol vir: All Mënsch ass entspaant, huet en oppene Geescht, keng Angscht virum Doud oder virun der Krankheet, et gëtt keng domm oder behënnert Leit méi.

Tjo, fir déi eng klengt dat utopesch, fir déi aner klengt dat dystopesch. A selbstverständlech gëtt et och déi, déi dat einfach nëmmen topesch fannen.

Fazit

Mee wat solle mir dann elo vun der ganzer Saach halen? Dat kann ech Iech net soen, dat ass jo och net meng Roll.

Wat ech Iech awer kann nach mat op de Wee ginn, ass, datt et scho Leit ginn, déi mat hire Féiss gewielt hunn. Den Taux vun Ofdreiwunge vun Embryoe mat Down-Syndrom läit an Europa iwwert 90 Prozent, a verschiddenen Länner si mer bal op 100 Prozent. An den USA si mer bal op 70 Prozent.

D'Leit wëllen offenbar, egal wei grausam, politesch inkorrekt oder verstéierend dat klenge kann, keng behënnert Kanner. A frot Iech emol, wat passéiert, wa bis genuch Leit genervt sinn ... Kommt, si mir zynesch: Wa bis déi richteg Leit dovu betraff sinn, well si Frënn oder Famill verluer hunn duerch Krankheeten, déi dank Klonen heelbar gewiescht wieren, da brécht och do den Damm.

Wa mir mol d'Science-Fiction an den Transhumanismus op der Säit loossen, an eis op Froe konzentréieren, déi sech haut scho reell stellen: Wat sot Dir?

Et geet jo hei ëm méi, wéi just ëm genetesch Manipulatioun, deemno wéi verännert d'Technik vum Klonen eist Gesondheetswiesen, an domat wahrscheinlech och eis Gesellschaft. Wéi solle mir mam Klonen ëmgoen?