Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini ass e Mann e Mann?

Generator

Wéini ass e Mann e Mann?

Wann een driwwer nodenkt, wat eigentlech e Mann ausmécht, kommen engem séier e puer Virstellungen a Stereotyppen an de Kapp: Dominant, staark, op Sex fixéiert a se weise keng Gefiller. Mee natierlech stécht hanner dem männleche Geschlecht vill méi. A vun engem méi kritesche Männerbild kennen esouwuel Männer wéi Frae profitéieren.

auto_stories

5 min

Wéi béi all de Stereotyppe sinn dës Virstellunge gesellschaftlech gemaach, seet de Francis Spautz vun der Organisatioun Infomann, déi Jongen a Männer a verschiddene Liewensberäicher Ënnerstëtzung bidden an deem gesellschaftleche Bild vun engem Mann ze entsprieche wier schwéier.

Gängeg Virstellunge vu Männlechkeet wiere Konstrukter an Zouschreiwungen. "An do si mer eis alleguerten am Prinzip eens, wat esou männlech Zouschréiwunge sinn: Staark sinn, resistéieren, sech duerchsetzen an esou virun. Déi mannste Männer entspriechen awer deem Bild. Respektiv hu mer vläicht deen een oder aneren Zoch dovunner, mee mir hunn awer och ganz aner Zich", sou de Francis Spautz.

Mee och wa Männer nach aner Charakteristiken hunn, gi si dacks un deene Virstellunge gemooss, déi d'Gesellschaft fir dat männlecht Geschlecht parat huet. Den Drock kënnt dacks aus den eegene Reien. Et géif ee gesinn, datt et ënner Männer déi gréissten Erwaardunge géif. Wann e Mann mat deenen Attributer grouss gi wier, an dat mat engem gewëssen Erfolleg, da géif e vu senge Kolleegen dat selwecht erwaarden.

Wann een deem dann net entsprécht, da gëtt ee vun anere Männer jugéiert. "Du Meedchen do", ass schonn um Schoulhaff eng Beleidegung, déi et fir Jonge gëtt, déi vermeintlecht Schwächt weisen. A wann een de Mann a senger Männlechkeet a Fro stellt, dann trëfft een dacks op eppes, wat een toxesch Männlechkeet nennt, erkläert de Ralph Kass vum Ministère fir Chancëgläichheet. Hie schwätzt vun engem "zimmlech destruktive männleche Selbtsbild". "Wann een un dës Attributer kraze geet, da ginn et Männer, déi sech an hirer Männlechkeet ugegraff fillen an an d'Offensiv ginn."

Toxesch a kritesch Männlechkeet

A wann ee sech d'Diskussiounen iwwer Gender-Froen ukuckt, da gesäit een, datt dës toxesch Männlechkeet ëmmer nees present ass. Mee et ginn awer och aner Tendenzen, zum Beispill déi sougenannte kritesch Männlechkeet, bei där et drëms geet, dës gendertypesch Biller vum Mann ze duerchbriechen an ze weisen, datt et an der Rei ass, net deem enge Bild ze entspriechen. An dat ass eng Iddi, déi ganz no beim Feminismus ass, well et bei der kritescher Männlechkeet och drëms geet eng egalitär Gesellschaft ze schafen. An dat kéint fir Männer och eppes Befreiendes hunn, seet de Francis Spautz vun Infomann.

"Et muss een als Mann net ëmmer dee sinn, deen d'Verantwortung huet, an dat kann eppes Entspanendes hunn. Déi klassesch an hegemonial Männlechkeet huet och vill mat Elleng-Sinn ze dinn. Wat dohierkënnt, well een eben eng Figur, eng Mask oprecht erhale muss. Dat heescht, ech kann net weisen, wien ech wierklech sinn, meng Onsécherheet, meng Zweiwelen, meng Froen, meng Verletzlechkeet. Dat muss ech fir mech halen a sinn dofir eleng. Ech gi just gratifiéiert fir déi Momenter, an deenen ech staark sinn an an deenen ech mech duerchsetzen. Wann ech awer am Team op Aenhéicht schaffen, da kann ech och mol soen, bei mir ass d'Loft eraus, iwwerhuel du. An dat ass eppes Entspanendes, eppes Beräicherendes."

Mat engem anere Männerbild géifen eng Rei vu Méiglechkeeten opgoen, seet de Ralph Kass vum Ministère fir d'Egalitéit tëschent Männer a Fraen. Et misst een als Mann net onbedéngt Karriär maachen, et kéint ee senger Fra d'Méiglechkeet gi sech berufflech ze entfalen, et wier an der Rei méi kuerz ze trieden. E Mann misst net ëmmer staark sinn, weder op der Aarbecht, nach an der Famill an och net beim Sexuellen. Fir d'Virdeeler dovunner ze weise bräicht et awer nach Sensibiliséierungsaarbecht.

Et geet awer elo net drëms, dat al Männlechkeets-Bild duerch en neit ze ersetzen, mee aus engem binäre System erauszekommen, an deem Fraen dat, a Männer dat sinn. Well et ka männlech sinn, staark an dominant ze sinn, et kann awer grad esou männlech sinn ze kräischen oder doheem op seng Kanner opzepassen. Et ass am Prinzip en individuelle Prozess, an et gëtt méi vill Männlechkeeten. Bis dohinner misst een awer nach un e puer Gesellschaftsbiller schaffen, seet de Ralph Kass.

Gender-Marketing fänkt an der Kandheet un

"Et ass haut awer nach ëmmer net selbstverständlech, wann e Jong Ballet maachen an e Meedche Fussball spille wëllt. An dat ass schued. En anert Beispill ass, wann e Jong an d'Ausbildung zum Coiffer geet, a ville Käpp nach ëmmer e feminiséierte Beruff. Dat ass nach do, a mir wëllen dat och net iwwer-problematiséieren, mee et ass awer schued, datt de Mënsch net dat maache kann, fir dat hie sech gutt spiert. Dat geet schonn an der Kandheet un, wann de Jong mat der Popp an d'Meedche mam Hummer an der See spille wëllen. Do stousse mer op dat Theema Gender-Marketing, datt Spillsaachen haut nach ëmmer blo a rosa sinn. Da fänkt ee scho ganz fréi domadder un, e Bild an de Kanner ze zementéieren a si an eng Richtung ze drängen. Et geet awer elo och net drëms eng Ëmerzéiung ze fuerderen, e Jong soll e Jong an e Meedchen e Meedche ginn. Et soll een awer Jidderengem säi Liewe loossen."

Fir un dëse Geschlechterbiller eppes ze änneren, géif een de Moment um Ministère op Fuerschung setzen, seet de Ralph Kass. Wann een Erkenntnisser gewanne géif, wéisst een och besser, wou een do besser usetze kéint. Donieft wier et awer och wichteg d'Bewosstsinn ze schaffen, datt et do iwwerhaapt e Problem gëtt, well ouni wier en Ëmdenken och net méiglech. Fir de Francis Spautz vun Infomann ass et ganz wichteg bei der Erzéiung unzefänken. Als Erwuessenen hätt een eng Virbild-Funktioun, an et kéint ee beaflossen, wéi ee Bild d'Kanner mat op de Wee kréien.