Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gumbrecht: Eng Zort europäeschen Nationalismus

Debat

Gumbrecht: Eng Zort europäeschen Nationalismus

De bekannte Literaturwëssenschaftler Hans Ulrich Gumbrecht, deen dës Woch op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg war, geet am Interview haart mat der EU an d'Geriicht. Bréissel wier, zum Beispill, responsabel fir Rietspopulismus.Hien hält et méi mat den USA.

auto_stories

6 min

"Ech géif mol soen, d'USA sinn déi zweeteelst Demokratie op der Welt", seet de Literaturwëssenschaftler

Den 1948 an Däitschland gebuerenen Hans Ulrich Gumbrecht ass zanter 1989 Professer fir Komparatistik op der Universitéit ze Stanford a Kalifornien, an deem Land also an deem hie sech am wuelste fillt. De Gumbrecht huet en amerikanesche Pass an hien ass gär Amerikaner. "Ech sinn einfach gär do a ka mech mat där Natioun – wann een dat sou ka nennen – méi identifizéiere wéi mat Däitschland. Mee 1948, mäi Gebuertsjoer, war och net grad dat bescht. Ech wier léiwer 1948 a Frankräich, Lëtzebuerg oder Schwede gebuer ginn", sou de Gumbrecht am 100,7-Interview.

D’Kritik un den USA, déi deelweis aus Europa kënnt, kann den Hans Ulrich Gumbrecht net novollzéien. "Dat ass mir schleierhaft. Ech verstinn och net awéiwäit Europa eng besser Demokratie hätt wéi d'USA".  An hie geet och gär méi wäit: "Ech géif mol soen, d'USA sinn déi zweeteelst Demokratie op der Welt, also déi kontinuéierlech demokratesch war, a wou et  keng Pinochet- oder Hitlerzäit gouf". 

"Monster vu Bréissel"

Mat der Europäescher Unioun geet de Gumbrecht ganz haart an d'Geriicht. De Reproche: duerch den verständleche Wonsch den Nationalismus nom zweeten Weltkrich ze ënnerbannen, wier dat europäescht Bewosstsäin mat verhënnert ginn. D'Konsequenz dovu wier logesch: d'Europäesch Unioun géif vun hiren  Awunner mol kritesch, mol als ekonomesch oder politesch noutwendeg, dacks awer als "Monster vu Bréissel" ugesi ginn. A nëmme seelen géifen d'Bierger dëser Gemeinschaft aus Iwwerzeegung positiv Gefiller entgéint bréngen.

Dem Gumbrecht seng Léisung: Europa bréicht eng Zort europäeschen Nationalismus. Dee géif am Moment doduerch verhënnert ginn, datt d’Natioun an Europa nach mam eenzelne Staat verbonnen ass. D'Stäerkten vun Europa géifen allerdéngs an der Diversitéit  leien, mengt den Hans Ulrich Gumbrecht. "Ech ka mech mat Däitschland net identifizéieren, ech hänke vill un Europa", seet hien gläichzäiteg.

Keng Gläichschaltung

Fir de Gumbrecht hunn nationalistesch Parteie wéi den Front National  oder AfD keng Plaz am Spektrum vun den politesche Méiglechkeeten. Trotzdem ass hie radikal dergéint, sou Parteien, wéi och d'NPD ze verbidden. An zwar fir se net och nach an d'Afferroll ze drängen.
D'Bildung an den Erfolleg vun esou extrem rietsen Parteien huet, dem Gumbrecht no, d'Politik vu Bréissel ze veräntwerten

Ee Problem ass dem Gumbrecht no eng Gläichschaltung vun allen EU-Memberstaaten. An den USA wier sou eng Gläichschaltung vill manner staark ausgeprägt ass, obwuel déi u sech jo ee Staat sinn. "Ech fannen et ganz an der Rei wann d'Hollänner, zum Beispill, soen si wéilten manner Flüchtlingen ophuelen, wéi Däitschland. Och wann ech et wonnerbar fanne wéivill Fräiwelleger sech an Däitschland un där Saach bedeelegen. Dat heescht trotzdem net, datt et eng Gläichschaltung muss ginn".

Onbegrënnt Komplexer

Europa hätt awer och onberechtegt an onbegrënnt Komplexer den USA géintiwwer, dat ass eng weider Iwwerzeegung vum Hans-Ulrich Gumbrecht. Et wär un der Zäit dës ze iwwerwannen a sech op de richtegen Plazen ze engagéieren, mengt den Professer Hans Ulrich Gumbrecht. Zum Beispill militäresch: "Ech mengen d'Amerikaner géifen et gutt fanne wann d'Europäer sech méi staark géifen fir hiere militäresche Schutz asetzen. Well ouni d'NATO wier Europa an enger prekärer Situatioun. A wann Europa sou eng Politik hätt, da géifen och d'Mannerwäertegkeetskomplexer offalen", sou den Hans Ulrich Gumbrecht.

D'Finanzkris, den Terrorismus an d'forcéiert Migratioun si weider wichteg Themen fir de Literaturwëssenschaftler. Themen, déi och op der Dagesuerdnung vun engem Diskussiounsowend an der Abtei Neimënster stoungen, wou den Hans Ulrich Gumbrecht zesumme mam Chercheur Dr. Henning Marmulla op vum Institut Pierre Werner op Besuch war. Thema vun der Diskussiounsronn war do: "Welchen Nationalismus braucht die EU?".