Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun de Fritte bis bei d'Pinguinen

Weltdeeg a Joresdeeg

Vun de Fritte bis bei d'Pinguinen

Mënscherechter, Asteroiden, Fritten: Een neit Joer steet un, dat si 365 nei Deeg, déi jidder eenzelen enger besonnescher Thematik, oder Cause, verschriwwe sinn. An dacks och méi wéi enger.

auto_stories

3 min

Wa sech dat neit Joer sou wéi ee laange rouden Teppech virun engem ausbreet, dann ass deen Teppech dach op deem engem oder aneren Datum besonnesch muusseg... oder apaart ofgetrëppelt, jee nodeem. Den nächste Chrëschtdag kënnt bestëmmt, den eegene Gebuertsdag wuel och, a da ginn et nach déi Datumen déi vu mol méi, mol manner grousse Gruppe vu Leit besonnesch héich gehale ginn: den 8. Mäerz, also d'Journée internationale des Femmes, de Buy Nothing Day, de jeeweilegen Nationalfeierdag, den Internationalen Dag vun de Mënscherechter, den Dag vun de Lénkshänner, an sou weider an sou virun.

Mä am Fong gëtt et fir alles a jiddereen en extraen Dag. Et gëtt den internationalen Dag vun de Spaghettien, den Dag vun de Botzfraen, an dee vun de Schwert-Schléckerten. Den Dag vum Héieren, vum Kucken, den Dag vun de Piraten, den Toiletten, vun de Verléiften a vun de Pinguinen. Den Dag vun der Botterschmier, an dee vum Schnéimann. Munnech Deeg hale fir allerlee Causen hier: den 21. Mäerz ass den Internationalen Dag vun de Bëscher, awer och de Weltdag vun der Hauswirtschaft, vum Poppespill, a géint de Rassismus.

Iwwer honnert Weltdeeg vun der UNO unerkannt

Erfonnt goufen déi International Deeg wuel duerch déi Vereent Natiounen, an et ass weiderhin an der UNO-Generalversammlung, wou iwwer agereecht Virschléi fir nei Weltdeeg ofgestëmmt gëtt. Iwwer 100 International Deeg respektiv Weltdeeg si bis elo vun der UNO an hiren Ënnerorganisatiounen unerkannt ginn. Well dat der schonn eng jett sinn, gëtt versicht fir net all gudden Dag nach neier dobäi z'erfannen. Well wat et der méi ginn, wat déi déi schonns existéieren, u Bedeitung verléiere kéinten.

Fir d'nächst Joer stinn dann och raisonnabelerweis just zwee nei Weltdeeg op der Agenda vun de Vereenten Natiounen: Den Dag vun den Asteroiden, fir datt onst Bewosstsinn fir d'Gefor vun engem Aschlag geschäerft gëtt. An da soll d'Lëscht vun de Weltdeeg - als Neizougang - den Dag vun der nohalteger Gastronomie ophuelen. Richtlinnie fir d'Nees-Ofschafe vun internationalen Deeg ginn et keng. Wa se net méi begaange ginn, geroden se wuel automatesch lues a lues an de Vergiess. Sou wéi den Dag vum Kampf géint d'Apartheid a Südafrika.

D'Konkurrenz ass grouss

Déi Vereent Natioune sinn allerdéngs och net déi eenzeg, déi bestëmmten Themen oder Entwécklunge mat hëllef vun eegens désignéierten Deeg an de Fokus réckelen. Och Kierchen zum Beispill schaffen no deem System: sou huet beispillsweis 1967 den deemolege Poobst Paul VI. de Weltdag vun de soziale Kommunikatiounsmëttelen ausgeruff, fir d'Medien un ethesch Priinzipien z'erënneren. Verschidde Weltdeeg sinn einfach och een Ulass fir décke kommerzielle Reibach ze maachen: hei denkt een u Valentinsdag an u Mammendag. An, a manner groussem Mooss villäicht, un den Internationalen Dag vum Brout, oder och nach dee vum Béier.

Bei sou Saachen, wou et drëm geet fir mat kalendareschem Argument ee bestëmmte Produit méiglechst vill ze verkafen, klappt dat normalerweis just wa ganz Federatioune mat hëllefen, fir den désignéierten Dag an d'Produkt dat dru gebonnen ass, ënnert d'Leit ze bréngen. Egal wéi muss ee bei engem internationalen Dag eng grouss genuch Mass vu Leit dovunner iwwerzeegen, datt deen designéierte Sujet relevant ass. Well d'Konkurrenz ass grouss, an ënner Ëmstänn geet de Weltdag dann am Gewulls vun all deenen aneren ënner. Just net dee vun de Fritten. Dee vun der Bouneschlupp léisst op sech waarden...