Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëssen a Gleewen? - Zweeten Deel

Prisma

Wëssen a Gleewen? - Zweeten Deel

Wat heescht et eppes ze gleewen a firwat akzeptéiere mir och alt Fakenews, wa se eis an de Krom passen? Mat zwee Beispiller kann ee weisen, wéi engersäits Fakte bei Fakenews ignoréiert kënne ginn an op der anerer Säit richteg Fakten net akzeptéiert ginn, wa mir den Auteuren net vertrauen. Villäicht gëtt et jo awer och guer keng Wourecht an et kann een näischt méi gleewen oder wëssen? De Moment bleift just ze hoffen, datt mir der Wourecht awer an dësem Prisma e bësse méi no kommen.

auto_stories

8 min

A mengem leschte Prisma vum 19. Mee, hunn ech iwwer d'Thema Gleewen a Wëssen nogeduecht, an d'Fro gestallt, firwat mir esou gäre Blödsinn gleewen. Dobäi war ech zur Konklusioun komm, datt mir eis als sozial Wiesen nëmmen allze gär Majoritéiten uschléissen an eist Wëssen dacks méi mat tëschemënschleche Bezéiungen ze dinn huet, wéi mat Fakten.

Dobäi kënnt nach, datt mir eis e Bild vun der Welt maachen, dat mir nëmme ganz ongär revidéieren. Eis léif gewonne Wourechten iwwer d'Welt wëlle mir, wann et nëmmen iergendwéi méiglech ass, net a Fro stellen. Dëst interessant Phänomen soll haut nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn. Mir froen eis firwat mir Falschinformatioune gleewen a gesi wéi wichteg Vertraue fir eist vermeintlecht objektiv Wëssen ass.

En Hir an Hier vun Informatiounen a Korrekturen

E bekannt Beispill fir Falschinformatiounen, haut wieren et "Fakenews", sinn d'Massevernichtungswaffen, déi 2003 den Amerikaner, ënner der Bush-Administratioun, als Virwand gedéngt hunn, fir dem Irak de Krich ze erklären. Mir wëssen haut, datt den Irak keng esou Massevernichtungswaffen hat, mee iwwer Wochen a Méint huet et an de Medien all Dag geheescht, si hätten der elo fonnt, an dann, e puer Stonnen dono, awer net.

Dësen Hin an Hier vun Informatioun a Korrektur huet e Professer fir kognitiv Wëssenschaft a Groussbritannien, de Stephen Lewandowsky, faszinéiert. Hien huet an enger grouss ugeluechter internationaler Studie Amerikaner, Däitscher an Australier zu Informatioune ronderëm dee Krich befrot. Hei gouf dann zum Beispill gefrot:

- Hutt Dir dovun héieren, datt Massevernichtungswaffen am Irak fonnt gi sinn?

- Jo jo dat war an den Noriichten.

- Wësst Dir, ob dat korrigéiert gouf?

A verschiddene Fäll hunn d'Leit da geäntwert: Jo, do gouf et eng Korrektur am Fernseh, dat stëmmt deemno net. E puer Sekonnen drop goufen si da gefrot, ob si dann dru gleewen, datt et dës Waffe gouf? "Majo kloer!", war dann d'Äntwert.

Fir de Lewandowsky war dat en AHA-Erliefnis, well hei virun allem Amerikaner soten, datt si eppes gleewen, wou si wëssen, datt et falsch ass. An Däitschland an an Australien konnten si dat net feststellen. Firwat?

Noriichten, déi bei dat passen, wat mir eis erwaarden

Bei de befroten Däitschen an Australier huet d'Korrektur jo awer fonctionnéiert. Déi zweet Informatioun huet dobäi gehollef fir déi éischt als Falschinformatioun z'erkennen a virun allem och esou ze behandelen. Firwat huet dat bei de befroten Amerikaner net geklappt?

Nom 11.September hunn d'Amerikaner iwwer Joren héieren, datt den Irak eng Gefor wier fir Amerika, datt den Irak chemesch Waffen hätt, datt den Irak Amerika géif bedreeën. An Däitschland sinn d'Leit dogéint gréisstendeels dovun ausgaangen, datt et den USA ëm Kontroll iwwer d'Uelegreserven am Irak géif goen. An Australien war de Krich géint den Irak dogéint virun allem e Mëttel fir d'Diktatur vum Saddam Hussein ze beenden. Et huet den Australier an Däitschen deemno an d'Konzept gepasst, datt keng Massevernichtungswaffe fonnt goufen.

Déi Fakenews iwwer esou Waffen hunn zu dem gepasst, wat si sech erwaart hunn. An den USA war dat genau ëmgedréint. Dofir si si bei deem bliwwen, wat si gleewen. De Lewandowsky mengt, datt de Problem ass, datt mir an der Reegel, dat wat mir als éischt héieren, och am meeschte gleewen. Fir dat dann ze korrigéieren ass schwéier.

Mir hunn als Mënschen e staarkt Bedürfnis eis e Modell am Kapp ze bastelen, dat erkläert wat sech an der Welt ofspillt. Wann elo een eis erkläert, datt dëse Modell Feeler huet, entsti Lächer an onsem Weltbild. Dat erkläert dann, firwat an Ëmfroen haut nach véier vun zéng Amerikaner der Meenung sinn, datt den Irak 2003 Massevernichtungswaffe gehat hätt, an dat trotz Opklärung duerch Politiker a Medien.

Mënsche kënnen d'Wourecht ni erreechen

An der Wëssenschaft, wou mir jo dovun ausginn, datt hei nëmme Fakten zielen, ass dat net anescht, wéi mir och an dem leschte Beitrag scho gesinn hunn. Och hei spille Weltbiller eng Roll, a léif gewonne Meenunge ginn nëmme ganz ongär opginn. De Sir Karl Popper, e bekannte Philosoph aus dem 20 Joerhonnert, huet dann och zu Recht virun allen grousse Prophete gewarnt, déi vun sech behaapten, si hätten d'Wourecht an der Täsch a mir kéinten hinne bedéngungslos gleewen. Senger Meenung no gëtt et déi eng Wourecht zwar, mee als Mënsch kënne mir se ni erreechen. Wat mer awer kënnen, ass der Wourecht méi no kommen an eis Horizonter ëmmer e bëssen erweideren. D'Viraussetzung ass eng kritesch Approche an de Wellen der Wourecht nozegoen.

Dem Popper seng Thees wier eng ganz zeréckhalend Erkenntnistheorie, déi verhënnere soll, datt mir ze einfach sougenannten Experte gleewen. Ob der anerer Säit ass se awer optimistesch, well hie prinzipiell dovun ausgeet, datt et eng Wourecht gëtt. Eng Wourecht, déi mer upeilen awer ni ganz erreeche kënnen. Dat weist och schonn d'Geschicht vun der Wëssenschaft, wou et kaum eng Theorie gëtt, déi net iergendwann eng Kéier huet missten iwwer de Koup geworf ginn.

Bei komplexe wëssenschaftlechen Theorien a politeschen Aussoen si mir allerdéngs, bei allem kritesche Rationalismus drop ugewisen, verschiddene "Propheten" Glawen ze schenken, an dat si leider net ëmmer déi, mat den iwwerzeegendsten Argumenter.

Fakte ginn dacks net duer

E Beispill, fir ze weisen, wéi mer alt dozou kommen, nei Theorien unzehuelen an ze gleewen: D'Lady Mary Wortely Montagu war eng Aristokratin am 18. Joerhonnert an huet als jonk Fra d'Tierkei besicht. Hei huet si eng medezinesch Behandlung géint Pocken oder "Poucken" ob Lëtzebuergesch gesinn, déi bis dohin an England nach onbekannt war. D'Behandlung, déi Variolatioun genannt gouf, huet dora bestanen, datt Patienten eng kleng Schrumm an d'Haut geritzt kruten, wou da Material aus de Blosen, vu engem den un Poucken erkrankt war, geschmiert goufen.

D'Resultat war, datt dës Leit, well si mat engem ofgeschwächte Virus infizéiert goufen, eng liicht Erkrankung gemaach hunn, an dono immun gi sinn. Am Prinzip war et eng éischt Form vun Impfung. D'Lady Mary war iwwerzeegt vun dëser Method, déi hëllefe kéint, fir och an England Dausende vu Leit d'Liewen ze retten. Esou iwwerzeegt, datt si hir eege Kanner esou behandelt huet an zeréck an England aktiv probéiert huet des Technik ze etabléieren.

Als Fra, déi keen Dokter war, déi sech fir eng Technik asetzt, déi vun Heeden, an engem friemer Land praktizéiert gouf, stoungen hir Chancen denkbar schlecht, fir iergendee vun dësem Wëssen z'iwwerzeegen. D'empiresch Evidenz war zwar op hirer Säit, mee dat war och alles. Si ass dann och mat hiren Argumenter net wäit komm, an ass dunn anescht virgaangen.

Interessant ass nämlech, datt mir am Allgemenge probéieren, net op déi Leit ze lauschteren, déi dacks falsch Informatioune verbreeden. Kléngt aliichtend!

Wiem gleewe mir dann elo?

Mir gleewen deenen, déi eise Respekt genéissen oder déi mir als Experten unerkennen. Dofir gleewe mir an der Reegel och éischter dem Proff an der Schoul ewéi YouTube. Ob der anerer Säit gleewe mir deenen, déi si wéi mir. Déi sech iwwer ähnlech Saachen definéieren oder ähnlech Meenungen hunn. Dëse Prinzip huet sech och d'Lady Mary zu Notze gemaach, an huet a gudder Gesellschaft mat Hiresgläiche geschwat, also Fraen a Mammen, déi wollten, datt hir Kanner géife gesond bleiwen.

Sou konnt si d'Prinzessin Caroline vu Brandenburg-Ansbach, d'Fra vum englesche Kinnek, dovun iwwerzeegen, hir zwou kleng Duechteren, ëffentlech enger Variolatioun z'ënnerzéien. D'Resultat war engersäits, datt d'Leit gesinn hunn, datt et sécher war. Vill méi wichteg war awer, datt eng aflossräich Persoun, zu där een opgekuckt huet, där ee wollt nostoen, dëst praktizéiert huet. Sou konnt dës Praxis sech lues a lues duerchsetzen, och wann eréischt 80 Joer méi spéit aus der Variolatioun eng modern Schutzimpfung entwéckelt konnt ginn. Haut gëtt et, dank systematescher Impfung, dës Krankheet dann och guer net méi.

D'Beispill weist wéi wichteg Vertraue ka si fir eppes ze gleewen. Mir mengen zwar meeschtens, datt fir eis gutt Argumenter méi wichteg sinn, wéi e Promifaktor. An natierlech si seriö Noriichte fir eis méi vertrauensvoll wéi en Trump-Tweet. Mee am Zweiwel geet Vertrauen dann awer dacks virun Objektivitéit.

Et soll ee kengem alles gleewen

Wann d'Wëssenschaft sech dann och nach net ganz eens ass, respektiv eng wëssenschaftlech Debatt konstruéiert gëtt, déi suggeréiert, datt d'Experte sech net eens sinn, ass den Zweiwel schnell do. Ee Beispill wieren d'Studie vun der Tubaksindustrie, déi ëmmer erëm wollte weisen, datt et keen Zesummenhang tëschent Fëmmen a Kriibs gëtt. Oder och déi dacks zitéiert Studie vum briteschen Dokter Andrew Wakefield aus dem Joer 1997, déi beweise sollt, datt et en Zesummenhang tëschent enger Riedelimpfung an Autismus gëtt.

D'Studie gouf zeréckgezunn a 17 weider Studie konnten näischt därgläiche feststellen. An trotzdeem huet a Groussbritannien iwwer 12 Joer gebraucht, bis d'Impfquot sech nees erholl huet. Ausserdeem geeschtert d'Argument och haut nach ënner Impfkritiker, och wann et absolut kee wëssenschaftleche Beweis heifir gëtt.

Mir gesinn also, datt Fakte kënnen ignoréiert ginn, wa se net an d'Weltbild passen oder wann mir onsécher sinn, wiem mer vertraue kënnen. Et kann een deemno awer mam Popper schlussfolgeren, datt ee kengem alles soll gleewen. Mir kënnen eis awer bewosst maachen, wéi mir zu eisem Wësse kommen a wéi eng Roll dobäi Vertraue spillt. Donieft kenne mir drop hoffen, datt mir duerch kritesch a wëssenschaftlecht Denken der Wourecht e Stéck méi no kommen. An deem Sënn gleeft mir näischt, bleift skeptesch, a gitt wéi Helden op Wourechten aus.