Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wiele wat mir sinn": d'Expo iwwer 100 Joer allgemengt Wahlrecht

Lëtzebuerger Geschicht

"Wiele wat mir sinn": d'Expo iwwer 100 Joer allgemengt Wahlrecht

Den 28. September, ass den 100. Joresdag vum Referendum vun 1919, an deem d'Lëtzebuerger opgeruff ware sech iwwer d'Staatsform an déi zukünfteg wirtschaftlech Ausriichtung vum Land auszeschwätzen. Bei där Geleeënheet huet dat allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen eng éischte Kéier hei am Land gespillt.

auto_stories

1 min

Dës Woch geet am Musée um Fëschmaart eng Ausstellung op, déi weist wéi de "suffrage universel" senger Zäit op Lëtzebuerg koum, a wéi de Wahlsystem sech zënterhier entwéckelt huet. De Maurice Molitor hat Enn der leschter Woch Geleeënheet, mam Regis Moes vum Musée duerch d'Expo ze goen.