Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien huet Angscht virum béise Wollef?

Am Fong

Wien huet Angscht virum béise Wollef?

En ass verdäiwelt, gouf gejot, ass verschwonnen. An elo erbléckst een en nees: de Wollef. Déi lescht Joren huet e sech an Europa verbreet. Rezent ass am Éislek en doudegt Schof fonnt ginn, an et ass net ausgeschloss, datt et e Wollef war.

auto_stories

2 min

Foto: Vincent Vignon.

Déi lëtzebuergesch Bëscher bidden op den éischte Bléck keen idealen Terrain fir Wëllef. Vill Aktivitéit a vill Stroossen ënnerbriechen d'Natur.

Trotzdeem ass eng fest Installatioun net auszeschléissen, de Wollef ka sech nämlech ganz gutt upassen. De Wollef ass eng geschützten Aart, a fält ënner d'Naturschutzgesetz.

De Wollef an de Mënsch

E Wollef wier theoretesch absolut am Stand fir e Mënsch dout ze maachen, seet de Biolog Laurent Schley vun der Naturverwaltung.

"Et dierf een net ufänken e Wollef ze verharmlosen. E Wollef ass kee Kuscheldéier."

An der Praxis géif ee gesinn, datt de Mënsch awer net zum Beuteschema vum Wollef gehéiert. Aus der Nahrungsanalys géif ervirgoen, datt de Wollef sech haaptsächlech vun Hufdéieren ernäert, wéi Wëllschwäin, Hirschen oder Réi.

An d'Wëllef hätten eng eng Tendenz fir aner, mëttelgrouss Predateuren ze ënnerdrécken an hirem Revéier, wéi zum Beispill Fiiss, Dachsen oder Wäschbieren.

Aktiounsplang

De Retour vum Predateur Wollef huet e positiven Afloss op den Ekosystem, mee ka mat Konflikter verbonne sinn, wëll de Wollef Véi räisst, virun allem Schof.

Fir dëse Problemer aus dem Wee ze goen, ass et wichteg dem Ëmgang mam Wollef kloer ze definéieren. Dat geschitt am Aktiouns- a Management Plang fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg.

Viru wiem huet de Wollef Angscht?

De Wollef wier en "Top-Predateur", seet de Laurent Schley. Wéi zum Beispill och den Uhu, de Steenadler oder de Luchs. "Déi ginn och vum Nahrunsangebot vun ënne reguléiert."

Och hiren eegenen territoriale System géif matspillen. Op engem Revéier vun 200 bis 300 Quadratkilometer géif et just Plaz fir ee Ruddel ginn. "Wann do iergend e frieme Ruddel laanscht kënnt, dann ass d'Chance zimmlech grouss, datt dee vum Ruddel tatsächlech doutgemaach gëtt, a wann e ganz vill Chance huet, just verdriwwen."