Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou fënnt een Hëllef bei enger Drogenofhängegkeet?

Drogen a Mënschen

Wou fënnt een Hëllef bei enger Drogenofhängegkeet?

Zu Lëtzebuerg ginn et dem Drogerapport vun 2017 no eng 2.200 Persoune mat engem problemateschen Drogekonsum. Eng Partie vun hinne fannen de Wee an eng Berodungsstell a wëllen eng Therapie maachen, fir vun den Droge fortzekommen. Wou a wéi fënnt een Hëllef?

auto_stories

8 min

D'Ute Heinz begréisst eis am Syrdall-Schlass mat enger Verbeugung. Si ass Psychologin a Psychotherapeutin an zanter dräi Joer Chargée de Direction am Centre Thérapeutique zu Manternach. Den CTM huet 1980 seng Dieren opgemaach an ass zanterhier deen eenzege stationären Drogentherapiezenter am Grand-Duché. Heihi komme majeur Persounen, déi eng Ofhängegkeet hu vun enger illegaler Substanz. "Mir behandele Patiente mat Kokainofhängegkeet, Heroinofhängegkeet, Polytoxikomanie," seet d'Ute Heinz.

Polytoxikomanie bedeit, datt een net nëmmen eng Substanz consomméiert. Dacks ass et esou, datt eng drogenofhängeg Persoun vu méi Substanze gläichzäiteg ofhängeg ass.

"Et muss een e Sevrage hanner sech hunn"

Am CTM kënnen eng 25 Persounen zur nämmlechter Zäit opgeholl ginn. Och Mammen oder Pappen mat hire Kanner kréien hei gehollef a kënnen hei wärend hirer Therapie wunnen.

"Wann d'Leit interesséiert si fir eng Therapie ze maachen, organiséiere mir en fonction vun enger Admissioun hei am CTM de Sevrage. D'Leit mussen éier sI heihinner kommen e physeschen Entzuch maachen. Dat gëtt entweder stationär an enger Klinik gemaach oder d'Leit maachen dat doheem. Da musse si awer a reegelméissegen Ofstänn Screeningen an der Alternativer Berodungsstell ofginn, fir datt mir gesinn, datt d'Leit net méi entzügeg sinn, wa si hei ukommen."

Fir eng Therapie ze maachen a vun den Droge längerfristeg lasszekommen, muss ee motivéiert sinn, seet d'Ute Heinz. Dowéinst, esou d'Direktesch vum Syrdall Schlass, géifen d'Persounen, déi bei si an den Zentrum kommen, dat och fräiwëlleg maachen. Dee Wee op Manternach féiert an der Reegel iwwer déi Alternativ Berodungsstell an der Stad.

Ongeféier zäitgläich mam Syrdall Schlass ass och den Therapiezenter zu Useldeng kuerz den CTU 1978 ageweit ginn, dee sech spezifesch u Leit mat Alkoholsucht riicht.

Am Centre thérapeutique zu Useldeng fanne Leit mat engem Alkoholproblem Hëllef (Foto: Tessy Steffen Koenig))

Ee groussen Acteur am Beräich Drogenaarbecht ass och d'Jugend- an Drogenhëllef, déi 1986 als ASBL gegrënnt gouf. Dräi Joer duerno gouf eng Konventioun mam Gesondheetsministère ënnerschriwwen. Deemools gouf och ënner anerem de Methadonprogramm a Sprëtzenaustausch an d'Liewe geruff.

Alter vun de Konsumenten ass an d'Luucht gaangen

Mëttlerweil huet d'Stëftung Jugend- an Drogenhëllef dräi grouss Antennen, wou d'Leit op hire Service zeréckgräife kënnen, am Norden, am Süden an an der Stad, esou den Alain Origer, Drogebeoptraagte vun der Regierung. D'Jugend- an Drogenhëllef wier e Service, dee speziell fir déi Jugendlech geschaaft gouf, déi Droge geholl hunn. Haut wier et éischter eng Drogeberodungsstell, well den Alter vun den Drogekonsumenten an d'Luucht gaangen wier.

"Mëttlerweil hu mir en Duerchschnëttsalter, dee vill méi héich ass, wéi nach virun e puer Joer. Et gi besser Therapien, et gëtt méi gemaach. D'Jugend- an Drogenhëllef ass mëttlerweil e grousse Betrib ginn. Si hunn eng grouss Palett vun Offeren. Dat heescht vu Consultatioun, iwwer de Service parentalité, fir Elteren, déi drogenofhängeg sinn a Kanner hunn bis bei de Projet 'Niches', wou gekuckt gëtt, datt d'Leit eng encadréiert Wunneng kënne kréien."

Am Kader vum Drogenaktiounsplang solle weider Offeren ausgebaut ginn, esou nach den Alain Origer.

D'Suchtberodungsstell vun der arcus asbl heescht Quai 57, déi Persoune mat enger Suchterkrankung oder engem Suchtverhalen Hëllef ubitt a si och - wann néideg - an eng Therapie orientéiert.

"E preventiven Usaz"

Am rekreativen Drogeberäich gëtt et d'Initiativ Pipapo, déi och de Drug Checking Programm an d'Liewe geruff huet. Hei kënne Persounen hir Drogen teste loossen a gi gewuer, wéi eng Substanzen an der Drog enthale sinn.

"Et ass e preventiven Usaz. Et ass net, datt mir soen 'Dat do ass gutt, dat kanns du huelen,' et ass just de contraire. De Projet muss eng bestëmmten Akzeptanz an der Gesellschaft kréien. Et dauert eng Zäitche bis een effektiv e Vertrauensverhältnes zum Konsument opgebaut kritt, well déi meescht denken sech 'et ass bestëmmt iergendwou eng Kamera oder een, deen do dat géint mech ka gebrauchen' wat definitiv net de Fall ass."

Am Beräich fir jonk Leit, gëtt et hei zu Lëtzebuerg och nach de Service Impuls. An hirer Offer Choice huele Jonker deel, déi a Konflikt mat Drogen an dem Gesetz komm sinn. All Joer ginn hei eng 600 Fäll geréiert an a Gruppen a mat Motivatiounstraining geschafft, esou den Alain Origer. Et géif net drëms goen, déi Jonk ze beschëllegen.

"Mee si opzefuerderen, sech domat auserneenzesetzen, wisou si Drogen huelen. Wann et méi wäit geet, a Jonker méi grav Problemer hunn, kann och eng Therapie an d'Weeër geleet ginn. Do gëtt et de Programm Option, wou mam Ausland zesummegeschafft gëtt. D'Iddi ass fir elo am Kader vum neien Aktiounsplang och zu Lëtzebuerg en Therapiezenter fir Mineuren opzemaachen."

E Virdeel, wann ee seng Therapie hei zu Lëtzebuerg an net am Ausland ka maachen ass engersäits déi sproochlech Barrière, déi heiansdo kann hënneren. Anerersäits kann een och spezifesch mat der Famill zesummeschaffen.

D'Ute Heinz ép. Rolinger ass Chargée de Direction am CTM (Foto: Marc-Schmit, CHNP))

Zu Manternach am Syrdall Schlass si keng Mineuren an Therapie. Mee fir jiddwereen op mineur oder majeur ass et en opreegende Schratt eng Therapie ze maachen. Et ass eng "Welt déi een net kennt" seet d'Ute Heinz, Direktesch vum Syrdall Schlass.

"D'Leit komme meeschtens aus marginaliséierte Situatiounen, vun der Strooss, Leit, déi virdrunner ouni Daach iwwer dem Kapp waren oder aus dem Prisong. Si hu verschidde Situatiounen erlieft, déi schwiereg waren. Si kommen hei an e ganz strukturéierte Kader. Mir leien hei am Bësch, et ass e wonnerschéine Site, mee net an der Stad. Natierlech kënnt ee mat der Motivatioun, eppes u senger Ofhängegkeet ze änneren. Mee dat ass net ëmmer esou einfach. Déi meescht Leit sinn opgereegt."

"Mir sinn am Fong eng Klinik"

Am CTM gi Laangzäittherapië geplangt, deen Ament ass ee fir ee Joer fort. Verschidde Leit gi vun hirer Famill oder enger Associatioun begleet. Vun engem Psychiater gëtt dann eng Anamnese gemaach. De Centre thérapeutique zu Manternach wier jo eng Klinik, seet d'Ute Heinz. Och, wann een dat net direkt géif gesinn.

"Mir sinn eng Unitéit vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique au Luxembourg, kuerz dem CHNP. Mir kucken eis un, wéi déi sozial Situatioun vun der Persoun ass, wéi hir finanziell Situatioun ass, ob d'Persoun eng Krankekeess brauch, brauch d'Persoun Kleeder, et ass wierklech vun A bis Z. D'Persoun kritt eng Referenzpersoun vun de Patienten, e Genre Coach, dee matgeet a probéiert engem alles ze erklären, well et ass vill den éischten Dag."

De Centre thérapeutique zu Manternach (Foto: Ute Heinz ép. Rolinger)

Réckfäll kënnen ëmmer virkommen. Mee u Rechuttë kéint ee schaffen, seet d'Direktesch vum Syrdall Schlass. Vill Leit géife sech awer extreem schummen. Zemools, wa si schonn e laange Wee hanner sech hunn a vill Efforte gemaach hunn.

"Wa mir et net géife verstoen, wie soll et da verstoen? Rechuttë wäerte warscheinlech iergendwann ëmmer nees virkommen. Et ass awer wichteg, datt ech e sougenannten 'Notfallkoffer' hunn. Mir probéieren de Leit esou ee mat op de Wee ze ginn, mat enger Telefonsnummer, wou si sech kënne mellen, mat eventuell engem Bild, wat hinne wichteg ass, eng Foto vun hirem Kand zum Beispill. Et ass u sech eng Këscht, wou een eppes dra fënnt, wat engem hëlleft, sech nees bei eis ze mellen an d'Rechutte ze bremsen."

Net liicht mat Drogen opzehalen

En Entzuch an eng Therapie ze maachen erfuerdert e groussen Effort, well dacks missten déi concernéiert Leit hiert soziaalt Ëmfeld komplett opginn an domadder briechen. An de meeschte Fäll ass dat soziaalt Ëmfeld nämlech och aus der Drogenzeen. An och d'Droge selwer opginn ass net esou liicht.

"Wann d'Droge just negativ wieren, wier et jo ganz einfach. Mee et ass jo eppes, dat d'Leit laang Joren an hirem Liewe begleet huet. Wat deels mat deene schlëmme Konsequenzen och ganz effikass war. Et ass een Anti-Douleur, et ass eppes, dat d'Péng an déi schlecht Gefiller ewech hëlt. Dat hat Effeten, déi fir déi Persoun wichteg waren. Dovu muss een och den Deuil maachen.", esou nach d'Ute Heinz.

Et misst ee sech da bewosst ginn, datt een dës Substanzen net méi zu Verfügung hätt. An deem Fall bräicht een dann och aner Outilen déi engem hëllefen, seng Emotiounen ze geréieren."

Mee och no enger Therapie zum Beispill am CTM missten d'Persoune weider betreit ginn. Dofir gëtt et hei de Service Nosuerg, en encadréiert Wunnen no enger erfollegräicher Therapie.

D'Ute Heinz, déi hire Beruff mat Passioun mécht, géif sech wënschen en neit Haus speziell fir drogenofhängeg Mammen a Kanner ze kréien, mat adaptéierte Raimlechkeeten an enger Prise en charge vu spezifeschem Personal. A méi sozial Wunnenge fir d'Leit, déi aus dem CTM erauskommen an hiert Liewen nees an de Grëff wëlle kréien.