Radioen

On air

Tockcity  |  Underworld & Kettama - Fen Violet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Sot emol

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Wann ee vun der Ästhetik vum Bild schwätz, kënnt ee ganz sécher net laanscht de Yann Arthus-Bertrand. Hien ass e franséische Fotograf a engagéierte Klimaaktivist, dee sech e groussen Nummer gemaach huet - besonnesch wat Biller vun Déieren an och Biller vun eiser Äerd ugeet.

auto_stories

3 min

Eng Loftopnam vun engem Kaméil-Karawann an enger afrikanescher Wüüst aus dem Buch "Die Erde von oben". Foto: picture-alliance / dpa | dpa-Film Yann Arthus-Bertrand

Besonnesch eise Planéit läit dem Yann Arthus-Bertrand um Häerz. Hie weist scho Joerzéngte laang mam Fanger op eng Wonn, déi ëmmer méi grouss gëtt.

Biller, déi riicht an d'Häerz ginn

Mat senge Biller a senge Filmer weist de Yann Arthus-Bertrand op där enger Séit wéi schéin a wéi beréierend eis Welt ass. Seng Biller ginn engem net nëmmen an de Kapp, mee och riicht an d'Häerz.

Op där anerer Säit weist de Yann Arthus-Bertrand awer och, wat Mënschen am gaange si mat eiser Welt ze maachen a wéi d'Mënschheet déi schéi Plaz, déi mir kritt hunn, futti mécht. Wa mir net ufänken uecht ze dinn, ëm ze denken an eis bewosst ze ginn, wat mir maachen, dann ass et ze spéit.

v.l.n.r.: De Yann Arthus-Bertrand an de Jean Claude Majerus.

E Bléck op 50 Joer Aarbecht an Engagement

De Yann Arthus-Bertrand huet sech am Laf vun de Joren ëmmer méi fir d'Protektioun vun der Ëmwelt an der Natur agesat. 2005 huet hien esouguer eng eegen ONG, d'Ëmweltorganisatioun "Good Planet" gegrënnt.

Dem Yann Arthus-Bertrand säi Film "Legacy", deen zu Lëtzebuerg op Initiavtiv vun der "ONG Friendship Lëtzebuerg" gewise gouf, weist seng iwwer 50 Joer laang Aarbecht. E Film mat esou ästhetesche Biller déi ee mathuelen an engem och nees bewosst maachen, wéi wonnerschéin eise Planéit ass.

Mee dem Yann Arthus-Bertrand ass et an dësem Film awer och dorëm gaangen ze weisen, wéi massiv d'Mënschen eise Planéit an d'Natur scho maltraitéiert hunn, a wéi eng onmoosseg ekologesch Schied et op eiser Welt gëtt.

En Appell un eis all

De Yann Arthus-Bertand wëll, datt mir all nees ufänken der Natur d'Hand ze reechen a se net zerstéieren, fir datt och eis Kanner a Kandskanner nach d'Chance kréien, dëse Planéiert an senger ganzer Schéinheet ze gesinn a drop kënnen ze liewen.

Och wann et him net einfach fält, ass a bleift de Yann Arthus-Bertrand en Optimist. Awer en Optimist, dee beonrouegt ass mat deem, wat op eiser Welt geschitt:

"Moi je suis écolo depuis que j'ai vingt ans, t'imagine le pas que je fais à 76 ans quand je vois la biodiversité, le climat et même les guerres. Mais en même temps j'ai vraiment une foi très forte.(...) Il y a tellement de gens qui font des choses pour les autres, la simple infirmière à l'hôpital, le gars qui receuille des réfugiés chez lui, ces gens-là qui sont meilleurs que moi, me font croire à un monde meilleur tout simplement."