Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zeréck an de Kosovo

Migratioun

Zeréck an de Kosovo

Iwwer 200 Kosovaren hunn zënter dem Ufank vum Joer Asyl zu Lëtzebuerg ugefrot. Quasi alleguer wäerte si de Grand-Duché nees musse verloossen. Well d'Regierung de Kosovo als "séchert Hierkonftsland" ugesäit, gëlle si als "ekonomesch Migranten", déi kee Recht hunn hei zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Wat erwaart Mënschen déi an de Kosovo zréck ginn?

auto_stories

7 min

D'Famill Stevic hannert hirem Haus

Déi meeschte Lëtzebuerger stelle sech d'Haaptstad vum Kosovo wahrscheinlech anescht fir: D'Zahir Pajaziti-Plaz am Zentrum vu Prishtina ass gutt gefëllt op dësem Freideg Owend. Familljen trëppele laanscht Stänn, déi Souveniren a Popcorn verkafen. An deene moderne Caféë laanscht d'Foussgängerzon setze vill Studenten beim éischte Béier vum Owend.

Datt de Kosovo, no Moladwien an der Ukraine, datt drëttäermste Land an Europa ass, spréngt engem hei net direkt an d'Aen. An un de Kosovo-Krich erënnert just nach de Numm vun der Plaz: De Zahir Pajaziti war ee vun de Matbrënger vun der UÇK, der paramilitärescher Organisatioun, déi Enn den 90er Joren géint d'jugoslawesch Arméi gekämpft huet.

Vun der Finanzplaz an de Kosovo

Wien den Zentrum vu Prishtina gesäit, dee wonnert sech net onbedéngt, datt et Leit ginn, déi gär heihinner zeréckplënneren. Den Artan Xërxa, 45, huet dat viru sechs Joer gemaach. Hien huet deemools seng Aarbecht op der Lëtzebuerger Finanzplaz opginn, an ass mat senger Famill zeréck an de Kosovo komm: "Fir d'Kanner war et deen optimalen Zäitpunkt, well si dunn hei mam éischte Schouljoer konnten ufänken. Fir eis waren déi global Aussiichten am Kosovo einfach besser."

D'Foussgängerzon zu Prishtina

Nodeems hien de Kosovo an de 90er Joren verlooss hat, fir net mussen an d'Arméi ze goen, war den Artan dräizéng Joer zu Lëtzebuerg. Fir d'éischt huet hien an enger Pizzeria zu Munneref geschafft. Méi spéit huet hien ee Master op der Luxembourg School of Finance gemaacht, an ugefaangen am Investment-Banking ze schaffen: "Déi läscht fënnef Joer, wou ech zu Lëtzebuerg war, hat ech eng ganz gutt Aarbecht. Ech hunn an zwou Banke geschafft, ënnert anerem am Investment-Beräich. Dat war ganz intensiv a berufflech zefriddestellend."

Trotzdem huet hien ugefaangen no enger berufflecher Alternativ am Kosovo ze sichen: Senger Fra, déi méi spéit wei hien op Lëtzebuerg komm war, ass et méi schwéier gefall sech anzeliewen. A nieft der Schaff op der Bank ass dem Artan net vill Fräizäit bliwwen. Wei hien eng Plaz bei enger kosovarescher Consulting Firma fonnt huet, ass d'Famill dunn definitiv zeréck op Prishtina geplënnert.

De Retour wier "net immens schwéier gefall", esou den Artan. Och am Kosovo konnt hie weider vun der Erfahrung profitéieren, déi hien zu Lëtzebuerg gesammelt hat: "Beim zweete Projet un deem ech geschafft hunn, war den Team-Leader zum Beispill ee Belsch. Hie war ganz frou datt hie mat mir konnt Franséisch schwätzen. De Kontakt war doduerch vill méi einfach, a mir hunn no der Aarbecht mol e Patt zesumme gedronk. Dovun hunn ech vläicht indirekt berufflech profitéiert."

Den Artan Xërxa huet zu Lëtzebuerg bei Banke geschafft

Haut schafft den Artan als selbststännege Firmeberoder. Obwuel hien ouni Problem zu Lëtzebuerg hätt kéinte bleiwen, well hien ee Lëtzebuerger Pass huet, bereit hien net, datt hien an de Kosovo zeréck geplënnert ass. Den hekteschen Trafic zu Prishtina mécht hien zwar heiansdo nervös, mee et kéint een eben net mat allem zefridde sinn: "Een albanescht Spréchwuert seet, et wier eng ongeschriwwe Regel, datt een ni all d'Saachen op enger Plaz ka kréien. Dat heescht et muss een op verschidde Plaze goen, wann een all d'Saache wëllt benotzen oder appreciéieren."

Gratis Heemrees mat der Police

Am Géigesaz zu Prishtina ass d'Liewen zu Mitrovica am Norde vum Kosovo, bis haut vum Krich gepräägt, deen 1999 op en Enn goung. De Florim Idrizi, 45, huet virum Krich am Norde vun der Stad gewunnt, an huet do an enger Bäckerei geschafft. Mee haut setzt hien als Albaner kee Fouss méi an dëse Staddeel: Mitrovica ass zënter dem Krich eng gedeelte Stad. Am Norde wunnen a regéiere Serben südlech vum Floss Ibar liewe bal nëmmen Albaner. Aus Angscht viru géigesäitegen Aggressioune gëtt et praktesch kee Kontakt tëscht deenen zwou Communautéiten.

Dräi Joer nom Krich huet de Florim mat senger Fra a sengen zwee Bouwen zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot. Bis haut huet hien en Undenken un des Zäit a sengem Portmonni: Dee verblaztene Buspass, mat deem hien deemools gratis duerch de Grand-Duché konnt fueren. Gratis war véier Joer méi spéit och d'Réckrees an de Kosovo: Well si keng Erlaabnis krute fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen, ass d'Famill Idrizi forcéiert ginn, zréck an de Kosovo ze fléien. "Mir si behandelt gi wéi Krimineller, deemools souze méi Polizisten am Fliger, wéi Leit déi zeréckbruecht goufen", erënnert de Florim sech, wéi mir duerch d'Stroosse vu senger Heemechtsstad Mitrovica trëppelen.

De Florim Idrizi ass forcéiert an de Kosovo zeréckkomm

Finanziell Ënnerstëtzung krut d'Famill bei der Réckrees keng, weder vu Lëtzebuerg, nach vu kosovarescher Säit. D'Famill Idrizi gehéiert nämlech zu deene sougenannte "Retours forcés": Leit, déi mat Police-Begleedung ausgefouert ginn, well si net wollten ënnerschreiwen, datt si averstane sinn an de Kosovo zréckzegoen.

"Ech sinn e puermol op Prishtina gefuer, fir an der Lëtzebuerger Ambassade no Hëllef ze froen, mee ech krut näischt," esou de Florim. Och d'Caritas Lëtzebuerg mat Sëtz an der Stad Ferizaj hätt d'Famill net ënnerstëtzt.

Haut deet et him leed, datt hie probéiert huet op Lëtzebuerg ze kommen. De Retour wär schwéier gewiescht, virun allem fir d'Kanner: "Am Ufank hate mir keng fest Wunneng, a vue datt mer am September zréckgescheckt goufen, konnten d'Kanner net direkt an d'Schoul goen, well d'Schouljoer hei schonn ugefaangen hat."

Wei de jéngste Fils sechs Joer nom Retour krank gouf, hat d'Famill keng Sue fir Traitementer ze bezuelen: "Hei gëtt et ebe keng Securité sociale, net wéi zu Lëtzebuerg. Déier Medikamenter konnte mir eis dofir net leeschten." Kuerz no senger Erkrankung ass de Jong gestuerwen.

Mëttlerweil wunnt d'Famill an enger gelounter Wunneng am Süden vu Mitrovica. Hir Situatioun ass weider prekär. Eng fest Aarbechtsplaz hunn d'Eltere bis haut net. "Ech maachen kléng Aarbechte lénks a riets, do wou ech eppes fannen. Ech sinn dofir frou wann ech dräi, véier Deeg an der Woch eppes ze schaffe kréien,” erzielt de Florim.

"Franséisch ass egal am Duerf"

Aarbecht ass och fir d'Famill Stević keng Selbstverständlechkeet. D'Famill wunnt an engem klengen Duerf, an der serbescher Enklav vu Klokot, eng 50 Kilometer südlech vu Prishtina. Wei mir ukommen, sinn zwee vun de Jongen, virun der Dier am Gang Holz kleng ze maachen, fir d'Haus ze hëtzen.

D'Famill Stević konnt bei hirem Retour zeréck an hiert Haus

Wei hir Asyldemanden zu Lëtzebuerg 2011 ofgeleent goufen, konnten hei an dat selwecht eestäckegt Haus zeréckplënneren, dat si 2008 bei hirem Depart hannerloos haten. Vill Choix hate si deemools net: Wa si hirem Retour net zougestëmmt hätten, dann hätte si ee "forcéierte Retour" a Begleedung vun der Police riskéiert.

D'Zlata an den Zivojin wunnen op enkem Raum mat hire véier Jongen, déi tëscht 16 a 25 Joer al sinn. Den Eelsten, de Slobodan, huet an deenen dräi Joer zu Lëtzebuerg Franséisch geléiert. Um Duerf interesséiert dat awer wéineg. "Hei ass et egal, wann s du Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch schwätz. Ech schaffen elo fir 150 Euro de Mount an engem Café hei am Duerf."

Dat muss am Moment duergoe fir seng Frëndin Natasha mat iwwer d'Ronnen ze bréngen, dat och bei de Steviće wunnt. Kennegeléiert hu si sech op engem Camping zu Lëtzebuerg, wou hir Famillen ënnerbruecht waren, wei si Asyl ugefrot hunn. Elo wëllen déi zwee sech bestueden. De Kosovo géife si awer am Léifsten nees verloossen. "Vläicht probéiere mir et d'nächst Joer. Awer zu 90 Prozent hu mir keng Chance", erkläert de Slobodan. Lëtzebuerg géif souwisou kaum a Fro kommen. Frankräich schonn éischter. "Wann ech d'Sue fir de Bus hunn, ginn ech direkt", seet d'Natasha.

D'Natasha an de Slobodan

D'Natasha an de Slobodan gehéieren zur serbescher Minoritéit am Kosovo, déi zënter dem Krich Enn de 90er Joren, vu villen Albaner net gär gesinn ass. Mee an der Géigend vu Klokot liewe béid Communautéiten haut gréisstendeels friddlech mateneen. Wat déi jonk Koppel frustréiert sinn dofir net politesch Tensiounen, mee d'Aarmut an där si Liewen, an de Mangel u Perspektiven an engem korrompéierten System.

Pro Gemeng géifen zwou bis dräi Famille schaffen, seet de Slobodan. "Wann s du ee Cousin bei der Gemeng hues, kanns du schaffe goen. Wann s de kee Cousin hues, da schaffs de net."

Si wéilte soss näischt, wéi eng Aarbecht, an "normaalt Liewen", ënnersträicht d'Natasha. Am Moment hu si awer kéng Suen fir dem Wonsch nozegoen. "Du brauchs op d'mannst 1.000 bis 1.500 Euro an der Täsch fir fortzegoen. Fir kënnen ee Mount dohanner iwwer d'Ronnen ze kommen. Hei kanns du nimools souvill Sue verdéngen."