Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummeschaffe fir eng besser Behandlung

Parkinson

Zesummeschaffe fir eng besser Behandlung

Zu Lëtzebuerg ginn et ronn dausend Parkinson Patienten. Mee net jiddereen hätt dee selwechten Accès zu Behandlungen. Fir den Traitement ze verbesseren, solle Professionell deemnächst méi zesummeschaffen.

auto_stories

4 min

Eng ganz Partie Leit, déi fir d'éischt Diagnos Parkinson héieren, géife mengen, datt d'Liewen eriwwer wier, seet d'Mariella Graziano. Si ass Kiné a schafft virun allem am Beräich vun der Neurologie, mam Fokus op Parkinson. Dat wier allerdéngs net wouer, et géife Leit ginn, déi vill Saachen entdecken, déi si maache kënnen. Am Ufank wäerten d'Patienten net an engem Rollstull sinn. Et géif ganz vill Saachen ze maache ginn. D'Leit géife gefrot ginn, wat hir Hobbye sinn, a wéi eng spezifesch Problemer si hätten. Et géif e ganzen Ensembel vu Saache ginn, déi ee cibléiere misst.

Physesch Aktivitéiten erhéijen

An hiren Ae wier et wichteg, datt eng Persoun, déi mat Parkinson diagnostizéiert gëtt, direkt bei e Kiné a Behandlung géif goen, well een da Preventiounsaarbecht leeschte kéint. En typescht Krankheetsbild vu Parkinson Patiente wieren d'Féiss, déi um Buedem pechen. Et misst ee sech déi richteg Strategie ginn, fir ze wëssen, wéi een dëse Problem am Alldag meeschtere kéint. Et géif och en Interêt ginn, fir physesch Aktivitéiten ze erhéijen.

Et misst een zum Beispill danzen, Futtball oder Tennis spillen, dat wat deen Eenzele gäre mécht. De Pleséier an d'Liewesfreed géif am Zentrum vun engem gléckleche Liewe stoen, mat engem Problem, dee bleift, seet d'Mariella Graziano. Parkinson géif nämlech net fortgoen.

En Dram, dee Wierklechkeet ginn ass

Parkinson besser geréieren ass och d'Zil vun der Initiativ ParkinsonNET. Fir d'Mariella Graziano wier d'Initiativ fir e Netzwierk ronderëm Parkinson Patienten ze schafen een Dram, dee Wierklechkeet gi wier. D'Konzept vu ParkinsonNET gouf an Holland entwéckelt a rezent op der Uni Lëtzebuerg presentéiert. Duerch ParkinsonNET solle Komplikatioune verhënnert an d'Käschte fir d'Behandlung reduzéiert ginn. D'Zil ass et awer och, esou den Neurolog a Parkinsonfuerscher op der Uni Lëtzebuerg, den Dokter Rejko Krüger, datt d'Qualitéit vun der Behandlung iwwerall am Land déi selwecht soll sinn.

Datt all d'Patienten, egal wou si wunnen, dee selwechten Accès zu Therapien hätten. Datt ee Spezialisten am Land hätt, déi sech mat der Krankheet auskennen. An de Patient esou d'Chance hätt, am Alldag dovun ze profitéieren, datt vill vu Parkinson geschwat géif ginn.

Zesummeschaffe géint Parkinson

Ee Pilier vu ParkinsonNET ass deemno den Austausch tëscht den eenzele Gesondheetsberuffer. An engem éischten Treffen op der Uni si rezent eng ganz Partie Beruffsgruppen zesummekomm. Den Dokter Rejko Krüger erkläert, datt dat Kinéën, Ergotherapeuten an Orthophoniste sinn. Et géif de Wonsch gi sech besser auszetauschen an zesummenzeschaffen. Jiddereen hätt seng Erfarung an d'Zesummeschaffe wier eng plus-value, well ee sech austauschen a vun der Erfarung vun deen anere profitéiere kéint. Hien hätt gemierkt, datt dat gutt bei den Acteure géif ukommen.

Eng Spezialiséierung gëtt gebraucht

D'Symptomer an d'Behandlung vu Parkinson wiere komplizéiert, seet den Dokter Bastian Bloem, Direkter vu ParkinsonNet Holland, dee bei der Presentatioun op der Uni Lëtzebuerg dobäi war. Et wier een iwwerzeegt, datt Parkinson net nëmmen duerch generell Therapie kéint behandelt ginn. Et bräicht een eng Spezialiséierung. An do géif ParkinsonNet usetzen, an déi professionell Acteuren ausbilden.

D'Spezialiséierung géif ënner anerem duerch Weiderbildung passéieren, seet den Dokter Bastian Bloem. Am Kader vu ParkinsonNET géifen déi Professionell eng Formatioun vun dräi Deeg kréien. Viséiert wieren zum Beispill Kinéen, well Goen, Stoen an d'Gläichgewiicht hale wier e grousse Problem fir Parkinson Patienten, d'Leit kéinte falen a sech eppes briechen.

D'Behandlung vun de Parkinson Patiente wier net déi selwecht Behandlung wéi bei engem Schlag, mee et wier e ganz eenzegaartegen a spezifeschen Traitement. "Bannent dräi Deeg, informéiere mir all d'Therapeuten doriwwer wat Parkinson ass. A firwat d'Behandlung aneschtes ass, wéi fir Leit, déi e Schlag kruten. Den zweeten Dag bidde mir spezifesch Ausbildunge fir Kinéen, Ergotherapeuten an Orthophonisten un. Do sinn och Parkinson Patienten dobäi. An den drëtten Dag bidde mir eng Formatioun u fir d'Zesummenaarbecht ze verbesseren." Dacks géif deen een Acteur net wëssen, wat deen anere mécht. De Patient géif vill vun enger Zesummenaarbecht profitéieren.

De Patient am Mëttelpunkt

De Patient misst och selwer aktiv ginn a seng Gesondheet an d'Hand huelen, seet den Dokter Jean-Claude Schmit, Santés-Direkter am Gesondheetsministère. D'Formatioun viséiert dann awer och d'Famill vum Parkinson Patient, seet den Dokter Bastian Bloem.