Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zocker taxéieren, Gesondheet fërderen?

Iessen a Gesondheet

Zocker taxéieren, Gesondheet fërderen?

Zocker mécht déck, e fërdert Diabetes vum Typ 2 an ass schlecht fir d'Zänn, doriwwer si Gesondheetsexperte sech eens. Mee wat bréngt et, Zocker ze besteieren? Eng international Etüd mat Lëtzebuerger Participatioun ass där Fro nogaangen - an ass dofir an de südamerikanesche Chile gefuer.

auto_stories

3 min

Chile gehéiert zu enger Hand voll Länner weltwäit, wou eng Tax op Gedrénks mat vill Zocker agefouert gouf. Betraff dovu sinn zanter 2014 haaptsächlech Limonaden an Ähnleches, wou Faarfstoffer, Aromaen a Séissstoffer dra verschafft sinn - mat der Exceptioun vun Alkohol. Ee konkret Beispill: een hallwe Liter Cola kascht am Chile no der Reform 25 Pesos, also dräi Cent méi wéi virdrun.

Den Dokter Marc Suhrcke, Chercheur um Liser, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, huet zesumme mat internationale Kolleegen den Impakt vun där Zockertax analyséiert. D'Konklusioun: sou een Incentiv dréit Friichten, mee et kënnt op d'Héicht vun der Tax un.

D'WHO, d'Weltgesondheetsorganisatioun, recommandéiert eng Tax vun op d'mannst 20 Prozent. Am Chile läit d'Tax bei aacht Prozent, mee si huet een Impakt, wann och ee bescheidenen, seet de Marc Suhrcke.

Leit mat manner Mëttele méi staark betraff

D'Chercheuren hu chilenesch Menagë während véier Joer begleet, dräi Joer éier d'Tax agefouert gouf an ee Joer duerno. No der Aféierung vun der Tax ass de Konsum vu staark séissem Gedrénks ëm ronn 22 Prozent erofgaangen. D'Initiativ wier also ee Succès, seet den Marc Surhcke. Allerdéngs ass den Impakt vun der Tax an de verschidde Bevëlkerungsgruppen ënnerschiddlech ukomm.

D'Chercheuren hunn erausfonnt, datt den Effekt an den héijen a mëttleren Akommesgruppe besonnesch grouss war, an net esou bei de méi aarme Gruppen. Studien a Mexiko hätten erginn, datt Leit mat manner Mëttel méi staark reagéiert hunn, well si d'Präishausse méi ze spiere kritt hunn.

Dat huet dem Chercheur no verschidde Grënn: nieft der moderater Héicht vun der Zockertax wier d'Aféiere vun der Zockertax am Chile ganz wéineg diskutéiert ginn. D'Thema wier dowéinst och net bei alle Bevëlkerungsgruppen ukomm.

Tax op Zocker eleng net sënnvoll

Generell ass de Chercheur vum Liser der Meenung, datt eng Tax op séissem Gedrénks eleng der ëffentlecher Gesondheet kee groussen Déngscht leescht.

Wa just séisst Gedrénks taxéiert géif ginn, da wieren aner séiss Liewensmëttel net betraff. Aner Elementer am Iessen, déi schlecht fir d'Gesondheet sinn - wéi zum Beispill gesiedegt Fetter - wieren och net betraff.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no sinn an enger Béchs Limonade ronn 40 Gramm Zocker, also zéng Téiläffele. Recommandéiert si vun der UNO-Agence maximal zwielef Téiläffele pro Dag, pro Erwuessenen.

Gesondheetsministesch: Zockersteier net zefriddestellend

No engem éischte Virstouss 2017 schwätzt déi Lëtzebuerger Gesondheetsministesch Lydia Mutsch sech an Tëschenzäit manner kloer fir eng Zockersteier aus. An enger schrëftlecher Äntwert op eng Demande vum Liser seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

"Eng isoléiert Steier op Zocker bréngt a mengen Aen hei zu Lëtzebuerg keng zefriddestellend Äntwert op déi sëllechen Erausfuerderungen, déi sech am Beräich vun der Gesondheetsfërderung an der Präventioun, besonnesch vu chronesche Krankheeten, stellen. Si ka vill méi en Deel si vun engem gesondheetspolitesche Globalkonzept, dat de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt, hien zu méi Eegeverantwortung encouragéiert, an doduerch säin allgemengt Wuelbefannen an eng beschtméiglechst Gesondheet fërdert."

D'Gesondheetsministesch wëllt an deem Sënn méi staark dorop sensibiliséieren, datt iwwerméissegen Zockerkonsum ee vun den Haapt-Risikofacteuren ass. Wichteg wier awer och, sou nach d'Lydia Mutsch, sech allgemeng méi gesond ze ernären a méi ze beweegen.