Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Fouss op de Spure vun der Geschicht

Lëtzebuerg entdecken

Zu Fouss op de Spure vun der Geschicht

An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" geet et an d'Stad. Et geet ëm verschidde Weeër, déi een do goe kann, fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg ze entdecken.

auto_stories

3 min

D'Stad, oder och nach d'Gibraltar vum Norden, wéi se fréier genannt gouf, huet och nach haut vill ze bidden, wann ee sech fir déi al Festungs-Anlagen interesséiert. Et ass och keen Zoufall, datt déi zwee bekanntsten Trëppeltier, Wenzel a Vauban, jeeweils no Persoune benannt sinn, déi d'Verdeedegungs-Anlage vun der Stad weiderausgebaut hunn. Et ass awer net nëmmen déi al Festung, déi ee beim Wenzel-Tour gesäit, dozou de Jean-André Stammet, Guide beim LCTO:

"De Bockfiels natierlech, et kann een duerch d'Kasematte goen an da geet et en Deel iwwer d'Corniche. Da geet et erof bis an de Gronn, mir gesinn d'Abtei Neimënster, de schéine Point de Vue an de Biisser Wee. Da geet et mam Lift nees erop, op dem Helleggeescht-Plateau. Dat ass graff wéi de Circuit verleeft. An deen ass touristesch, wéi kulturhistoresch ganz interessant, an et ass och e gudde Cardio-Training."

Beim Wenzels-Tour kritt een en Itineraire, deen ee vum Mëttelalter bis an d'Aktualitéit mathëlt. Beim Vauban-Tour mécht ee sech dann op d'Spure vum Marquis de Vauban, deen d'Festungsanlage vun der Stad dann iwwer Jore staark ausgebaut hat.

"Am Pafendall hu mir zum Beispill déi zwee Vaubans-Tierm, d'Kavallerie-Kasär, et war e Militär-Spidol do an da goufen d'Forten Niedergrünewald an Obergrünewald bei den Dräi Eechelen installéiert. Et geet dann nach erof a Clausen laanscht d'Jugendherberg an dann nees erop bei de Bockfiels. Dertëscht gëtt et dann esouguer e Kneipp-Bad, an deem een dann seng Féiss erfrësche kann."

Nieft den zwee Trëppelweeër gëtt an der Stad nach eppes ganz Besonnesches ugebueden, de VR-Timetravel. Wéi den Numm et scho seet, mécht ee sech per Virtual Reality op eng Zäitrees, seet de Jean-André Stammet.

"Et sëtzt een an engem Minibus, et kritt een e Casque op, e Brëll an e Kopfhörer, an deem een dann en Text héiert. Et fiert een duerch de Pafendall op ongeféier 2,2 Kilometer an da gesäit een am Brëll e Kutscher, dee virun engem sëtzt an et mengt een, et géif een an engem Päerdswon sëtzen. Et erlieft een dann do de Pafendall, wéi en 1867 war. Dat ass da lieweg, mat Hënn, mat Kazen, mat Leit, déi do spadséieren a schwätzen. Et ass och en Narrativ do, an deem d'Geschicht vum Joer 1867 erzielt gëtt. An deem Joer gouf d'Schläifung vun der Festung decidéiert an et gëtt ee gewuer, wat dat fir Konsequenze fir d'Léit aus dem Pafendall hat."

Nieft dësen dräi Weeër bitt den LCTO och nach aner Weeër un, déi ganz divers Interessien ofdecken.

"Dat geet iwwer den Zweete Weltkrich, iwwer Fraen, Rousen, Schmelzen, iwwer all Méigleches. An all d'Infoe fënnt een um Site vum LCTO."