Aktualitéit

Solarpanels
Ëmwelt

Mat 40 Milliounen Euro bedeelegt Lëtzebuerg sech un der Produktioun vu Solarenergie a Finnland. Dëse Projet wier dobäi europawäit déi éischt Kooperatioun, sou datt Lëtzebuerg eng Pionéier-Roll géif spillen.

EU Kommissioun
EU-DIREKTIVE FIR Verkéierssécherheet

D'EU-Kommissioun wëll d'Verkéiersreegele moderniséieren. Zu de Proposë gehéiert een digitale Führerschäin an nei Reegelen, déi besser dofir suerge sollen, datt d'Verkéiersreglementer och grenziwwergräifend agehale ginn.

Waasserzougank
Wéineg Reen

A Frankräich gouf et am Februar e Minusrekord beim Reen. Kënnt et am Summer nees zu enger Dréchent?

Josiane Weber
Monarchie

Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. D'Historikerin Josiane Weber huet déi eenzegaarteg Dokumenter ausgewäert.

Geriicht
Geriicht

No nëmmen eppes méi wéi enger Stonn huet de Prozess an der sougenannter Affär Lunghi den Dënschdeg de Mëtteg missen ofgebrach ginn. Den Affekot vun der Beschëllegter Ex-Journalistin Sophie Schram huet aus gesondheetleche Grënn missen ofbriechen.

Romain Schmit
Am Virfeld vun der Tripartite

Och wann d'Regierung bis elo ze verstoe ginn huet, datt d'Debatt iwwer Steieren net an d'Tripartite gehéiert, mengt de Romain Schmit vun der Handwierker-Federatioun, datt et net anescht geet. De gewerkschaftlechen Drock wier ze grouss.

Geriicht
No engem RTL-Televisiounsinterview vun 2016

En Televisiounsinterview vun 2016 steet des Woch um Geriicht am Mëttelpunkt vum RTL-Lunghi-Prozess. D'Geriicht muss urteelen, ob de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi vun RTL diffaméiert gouf.

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

De leschte Weekend war um Kierchbierg de Festival des migrations. Am Waljoer waren all d'Parteie mat hirer Prominenz gutt vertrueden. Déi wichteg Theeme vun der Immigratioun zu Lëtzebuerg goufen hei awer net ugeschwat. Wuel fir déi gutt Stëmmung net ze verdierwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen