
Betraffe Famille siche weider no Wunnengen
Ee Mount nom Groussbrand vun engem Appartementshaus zu Keel sichen déi meescht betraffe Famille weider no enger neier Wunneng. Hir Kontrakter fir d'Noutwunnengen zu Esch a Rëmeleng lafen den 11. Januar aus.