Aktualitéit

Cargolux
Verhandlunge gescheitert

Bei der Cargolux sinn d'Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag gescheitert. Trotz Rekordbeneficer 2021 an 2022 géif d'Direktioun Lounerhéijungen an nohalteg Verbesserunge vun den Aarbechtskonditioune refuséieren.

Sans Abri
Recensement

D'EU huet sech d'Zil gesat, datt bis 2030 keng Leit méi sollen op der Strooss liewen. Eleng an der Stad Lëtzebuerg goufen awer am Oktober eng 200 Leit gezielt, déi kee festen Dag iwwer dem Kapp hunn.

Waffen
Fir de Krich an der Ukrain

Och Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain mat Waffen a Munitioun. Well eis Arméi awer relativ séier alles ginn hat, wat se entbiere konnt, ass d'Lëtzebuerger Defense en eegene Wee gaangen, fir u Material ze kommen.

Josep Borrell
RUSSESCHE KRICH AN DER UKRAIN

D'EU-Länner sollen hir Stocken unzapen, freet den EU-Chef-Diplomat Josep Borrel. Och de gemeinsamen Akaf vu Munitioun, änlech ewéi bei den Impfstoffer, ass an der Diskussioun.

Jean Asselborn
Immigranten

Zanter dem russeschen Iwwerfall op d'Ukrain hunn hei am Land bal 5.400 Ukrainer eng Demande fir temporäre Schutz gemaach. 94 Prozent hunn dëse Statut kritt, sot de Jean Asselborn bei der Presentatioun vun den Zuelen.

Vladimir Putin
Atom-Ofrüstungsvertrag

Russland wëll den Atom-Ofrüstungsvertrag "New Start" mat den USA aussetzen ouni draus rauszeklammen. Dat huet de russesche President Wladimir Putin haut um Enn vu senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt.

Michael Feit
Humanitär Hëllef

De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg war eis live vu Kiew zougeschalt. Sujet war déi rezent Visitt vum Joe Biden, mee och d'Probleemer, déi vill Ukrainer nach ëmmer hunn.

Denis Scuto Meenung
Fräie Mikro

E Vergläich mam Ausland weist wéi batter noutwendeg d'Adaptatioun vum Lëtzebuerger Archivgesetz ass, mengt den Historiker Denis Scuto am Fräie Mikro.

Iessen Geméis Foodsharing
Foodsharing Luxembourg

D'Ëmweltorganisatioun Foodsharing Luxembourg huet de Projet, bei deem Liewensmëttel op fënnef Plazen am Land verdeelt goufen, aus direkt e puer Grënn gestoppt. Mee firwat eigentlech?

Borys Bilan
Hëllef aus Lëtzebuerg

De Borys Bilan ass ee 44-Joer-ale polnesche Mann aus Lëtzebuerg, deen dës Woch fir d'néngte Kéier humanitär Hëllef an d'Ukrain bruecht huet. Vun Iessen iwwer Medikamenter bis hin zu Käerzen: Alles gëtt gebraucht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen