Aktualitéit

Annegret Kramp-Karrenbauer
Afghanistan

Déi militäresch Evakuéierung ass zanter gëschter eriwwer, mee déi däitsch Regierung wëllt schutzbedierfteg Persounen eng Perspektiv ginn. Ëmmer méi Bundeslänner fuerderen iwwerdeems en Afghanistan-Sommet.

Explosioun Fluchhafen
Afghanistan

Zu Kabul koum et de Mëtteg zu Explosiounen a Schëss. Den amerikanesche Verteidegungsministère huet dat confirméiert an erkläert, datt eng Explosioun baussent dem Fluchhafe geschitt wier, eng aner an der Géigend vun engem Hotel.

Claude P. Muller
Schoulrentrée

Net geimpfte Kanner vun net geimpften Eltere sollen am Homeschooling bleiwen, seet de Virolog Claude P. Muller. Wann et positiv Fäll an enger Klass ginn, sollen net geimpft Kanner an den Homeschooling goen.

EU-Kommissiounsgebai
EU-RECHTSSTAAT-MECHANISMUS

Dem Europaparlament no zitt d'Europäesch Kommissioun d'Applikatioun vum Reglement, datt dofir suerge soll, datt EU-Suen net mëssbraucht ginn, an d'Längt. Am Parlament gëtt elo iwwerluecht, wéi et virugoe soll.

Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
Pressekonferenz nom Regierungsrot

De Premier mécht e weideren Appell un d'Populatioun fir sech impfen ze loossen, et wier genuch Impfstoff disponibel. Eng Impfpflicht wier fir hien awer wieder keng Optioun, sou de Xavier Bettel.

Gilles Roth
Steierpolitik

Eng Corona-Steier wier eng sympathesch Iddi, déi awer weder rechtlech nach pragmatesch ëmzesetze wier, seet de Gilles Roth. Hie géif dofir "net vill" vun där Iddi vum Dan Kersch halen, esou den CSV-Deputéierten.

Olaf Scholz
Däitschland

A bal genau engem Mount wielt Däitschland e neie Bundestag. Kuerz virun der Bundestagswal mécht d'SPD e grousse Sprong an den Ëmfroen. Iwwer ee Comeback, mat deem kee méi gerechent hat.

GouvAlert
No den Iwwerschwemmungen

D'Regierung zitt hir Konsequenzen aus der Iwwerschwemmungskatastroph. Virun allem an der Kommunikatioun sollen et Verbesserunge ginn, dat äntwert d'Inneministerin Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen