Aktualitéit

Robert Vautard
Klimawandel

D'Probabilitéit an d'Intensitéit vun extremem Staarkreen sinn an eiser Regioun wéinst dem Klimawandel geklommen. Zu där Conclusioun kënnt d'Fuerschungsinitiativ "World Weather Attribution".

Gilles Hempel
Recours wéinst Sozialwunnengen

106 Awunner vun Altréier hu Recours géint d'Gemeng Bech wéinst engem soziale Wunnengsbauprojet gemaach. D'Fondation pour l'accès au logement reagéiert geloossen op déi juristesch Prozedur, seet de Gilles Hempel.

Afghanistan
Afghanistan

De Barreau an Mënscherechtsorganisatioune fuerderen, datt d'Asylrecht vun Afghane geännert gëtt. Asyldemanden, déi viru Geriicht refuséiert goufen, missten accordéiert ginn, fuerdert den Affekot Frank Wies.

A400M
Afghanistan

Déi néng Persoune mat Relatiounen zu Lëtzebuerg, déi am Afghanistan waren, kënnen elo evakuéiert ginn. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn eis op Nofro confirméiert.

Tom Habscheid
Paralympesch Spiller

Haut ass den Optakt vun de Paralympesche Spiller, den Tom Habscheid vertrëtt do Lëtzebuerg am Kugelstoussen. Hie verstoppt net, datt hie mat groussen Ambitioun un den Depart geet: hie wëll um Podium stoen.

Sebastian Kurz
Éisträich

An Éisträich kommen ëmmer méi Stëmmen op, déi sech fir eng Opnam vu Mënschen aus Afghanistan ausschwätzen. Déi gréng Regierungspartei huet sech lo kloer dofir ausgeschwat, déi konservativ ÖVP ass dogéint.

Corinne Cahen
Covid-19-Impfungen

Den CSMI betount d'Wichtegkeet, datt am Fleegesecteur méiglechst dat ganzt Personal géint Covid-19 geimpft ass. D'Corinne Cahen wëllt op Iwwerzeegungsaarbecht setzen, schléisst eng Impfflicht awer net kategoresch aus.

A400M
Afghanistan

Fir Leit aus Kabul z'evakuéiere si geschwënn zwee Lëtzebuerger Piloten zu Islamabad am Asaz. Et sollen och ee Representant vun der Arméi an ee vum Ausseministère op Islamabad geschéckt ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen